Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Taxi: Mäi Präis, däi Präis an de Client ka kucke wou ee bleift
Neiegkeeten

Taxi: Mäi Präis, däi Präis an de Client ka kucke wou ee bleift

Taxi fueren zu Lëtzebuerg ass alt esou eng Saach, besonnesch

money
Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn
Neiegkeeten

Italien: Facebook bezilt beim Fisk seng Réckstänn

Facebook huet acceptéiert, der italienescher Regierung, eppes iwwer 100 Milliounen

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019
Neiegkeeten

D’Inneministesch Taina Bofferding zu de Reforme fir 2019

Gëschter huet eis Inneministesch, d’Taina Bofferding op den traditionellen Neijoerschpatt

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet

Et ass net ëmmer kloer, wat bei Meldungen, déi duerch d’sozial Netzwierker kurséiren, stëmmt. Haut ass et dann um Ausseminister Jean Asselborn eng Stellungnam zu engem Virfall ofzeginn, deen d‘Gemidder „liicht“ erhëtzt hat.

Haut soll et dann och eng Manifestatioun virun der Direktioun fir Migratioun ginn, zu där irakesch Flüchtlingen an divers Organisatiounen opgeruff hunn. Grond ass en Tëschefall dee sech um Méindeg an engem Foyer fir Asyl-Demandeuren zu Dikrech zougedroen hat.

D‘Erklärung: „Et ass wichteg ze ënnersträichen, datt déi Persoun ëm déi et hei geet, am Oktober 2017 den internationale Schutz unerkannt kritt huet. D‘Entscheedung konnt der betraffener Persoun awer net notifiéiert ginn, well se sech illegal um Territoire vun engem anere Memberland opgehalen huet.

Et war also e sougenannten Dublin-Transfert néideg, fir de Refugié nees op Lëtzebuerg ze kréien. D‘Ausstelle vun offiziellen Dokumenter, hei de Billjee an d‘Openthaltsgeneemegung fir Refugiéë, ass konditionéiert, engersäits duerch déi reng materiell Produktioun vun den Dokumenter, anersäits duerch de Wëlle vum betraffene, eng Rei administrativ Demarche zäitno ze erleedegen.

Am präsente Fall ass et esou, datt den Interesséierten dës Demarchen nach net am vollen Ëmfang hannert sech bruecht huet“, esou de Communiqué aus dem Ausseministère. A wann et och sécher berechtegt ass un der Politik, an esou un de Politiker ze zweiwelen, esou dierf hei kloergestallt ginn, datt et nach ëmmer Beamte sinn, déi sech den Demande fir den internationale Schutz unhuelen.

Hei sollt een dann och drop vertrauen dierfen, datt all Ufro engem seriéisen Examen ënnerzunn an individuell behandelt gëtt. En eventuelle Refus ass ëmmer entspriechend motivéiert, an et kann een dogéint e Recours maachen.

„An dësem Kontext“, esou dann nees de Communiqué „huet d‘administratiivt Geriicht bestätegt, datt just de Fait aus dem Irak ze kommen, net en Element ass, dat eleng an automatesch zum Erhale vum subsidiäre Schutz féiert, well de bewaffente Konflikt op verschidden Zonen am Land begrenzt ass. Individuell a geographesch Faktore sinn also primordial“.

Dobäi ginn zu Lëtzebuerg séier wéineg Leit „zréckgeschéckt“. Eleng fir 2017 hunn 329 Iraker zu Lëtzebuerg de Statut als Refugié unerkannt kritt, 116 waren net eligibel. 2016 waren et der 93 déi unerkannt gi waren, géintiwwer 27 Refusen.

Erënnere mer nach drun, datt eng honnert Iraker ganz fräiwëlleg an hiert Land zréck gaange sinn, dat während der Prozedur, mee och opgrond vun engem Refus. Ganz wichteg ass et ze betounen, datt et a Richtung Irak, keng erzwonge Réckféierunge ginn huet, och wann et reng rechtlech betruecht, déi Méiglechkeet gëtt.

Foto: Den Ausseminister Jean Asselborn © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Irak, Jean Asselborn, Refugié
Nächsten Artikel Virrechten Artikel