Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?
Fail International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?

Och d’Uelzecht ass ee vun de wichtegste Flëss am Land.

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!
Fail International Neiegkeeten

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!

Mir all kennen wuel d’Lidder, déi un Helleg Owend gesonge

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019
Fail International Neiegkeeten

Chantier op der A1 vum 28. – 30. Juni 2019

Wéi d’Stroossebauverwaltung matdeelt, wäert vun haut, den 28. Juni 20.30

dislike

Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?

Si Wandmille wierklech esou gutt fir de Klima?

Datt Wandmillen derzou bäidroen den Ausstouss vun Zäregasen ze reduzéieren, andeems si déi fossil Energien ersetzen, bleift onbestridden. Elo wier et dann awer esou, datt d‘Wandmillen, duerch d‘Aart a Weis wéi d‘Turbinnen déi waarm a fiicht Loftmassen an d‘Atmosphär blosen, derzou géife bäidroen, datt sech d‘Äerd erhëtzt.

2 Fuerscher vun der Universitéit Harvard hu berechent, datt géif een de gesamten Territoire vun den USA mat Wandmille géif alimentéieren, d‘Buedemtemperatur ëm 0,54 C° géif klammen – do wou d‘Wandmille stinn. Fir ganz kontinental Amerika, géif et eng Erhéijung vun der Buedemtemperatur vun 0,25 C° bedeiten. Esou d‘Etüd, déi en Donneschdeg an der Revue „Joule“ publizéiert ginn ass.

„D‘Wandenergie klappt d‘Kuel an allen Ëmweltberäicher. Dat wëll awer net heeschen, datt een den Impakt vun de Wandmillen dierf negligéieren“, esou de den David Keith, Coauteur vun der Etüd a Professer am Ingenieurswiesen zu Harvard. Et ass an dësem Kontext allerdéngs noutwenneg drop hinzeweisen, datt d‘Etüd keng Berechnung vir den Ensembel vun der Äerd enthält.

En „Hoer an der Zopp“

Am Verglach: d‘Duerchschnëttstemperatur vun der Äerd, huet säit dem Enn vum 19. Joerhonnert ëm ronn 1 C° zougeholl. Fir eng Temperaturerhéijung op 1,5 bis 2 C° ze begrenzen – esou wéi dat am Paräisser Accord festgehale gouf – huet et vill verbaalt Engagement ginn, d‘Dote loossen nach op sech waarden. Net ze vergiessen datt den Donald Trump dësem Accord de Kuerf ginn huet.

Et huet dann och schonn Etüde ginn, déi den Impakt vun de Wandmillen op Temperatur a Klima behandelt hunn. Eng weider rezent Etüd, déi an der Revue „science“ verëffentlecht ginn ass, hat hei gemengt, datt wann een en Deel vun der Sahara mat Wandmillen ausstafféiert, dat e lokalen Effet op d‘Temperatur, de Nidderschlag an esou op déi lokal Vegetatioun hätt.

Datt et natierlech wéineg Sënn mécht Wandmillen an der Sahara opzeriichten, ass och den Auteure vun dëser Etüd bekannt. Zumindest erkläert et firwat och si nach nogedroen hunn, datt den Impakt vu Solar-Zentralen, zéng mol méi geréng ass, wéi datt beim Asaz vu Wandmillen de Fall wier. Dat nennt zum richtegen Ament d‘Kéier kritt ze hunn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Etüden, Harvard, Klimawandel, Paräisser Accord, Wandmillen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel