Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum
Elo ass d’Gemeng Déifferdeng selwer zum Promoteur ginn. Et verfollegt
[onionbuzz quiz-id=43][/onionbuzz] Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net
Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng hunn den
Et war alt nees ee ganz flotte Virowend zum Nationalfeierdag, deen déi Escher Bierger trotz engem verhaangenen Himmel gefeiert hunn. Si haten dann och héije Besuch. Den Ierfgroussherzog Guillaume mat senger Fra an héich Regierungsvertrieder hunn zesumme mam Schäfferot a weideren Notabelen op der Brillplaz den traditionelle Kranz néiergeluecht, sinn uschléissend duerch d‘Uelzechtstrooss gezunn, iert et am Festsall vun der Gemeng den Offiziellen Empfang gouf.
Esou zimlech all d‘Veräiner haten um Ëmzuch deel geholl. Et gouf wéi gewinnt villes ze gesinn a fir gastronomesch Ausflich war och gesuergt ginn. Esch ass wuel net d‘Stad, mee feiere konnt een hei och an enger ausgeloossener Atmosphär. D‘Kréinung vum Owend war natierlech d‘Freedefeier an et war de leit och ee ganz flotte musikalesche Kaderprogramm ugebuede ginn. Bis an déi fréi Mueresstonnen hunn déi Escher, bei agreabelen Temperaturen, bei beschter Laun gefeiert.
Fotoen : © Tania Sax/moien.lu an © Martine de Lagardère/moien.lu