Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz
Neiegkeeten

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz

Dir wollt schonn ëmmer emol Kulinarik an Natur matenee verbannen,

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?
Neiegkeeten

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?

Ob et nëmme Propaganda ass oder d‘Vera Jourova, déi tschechesch

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert
Neiegkeeten

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Wéi d’Douane an de Wirtschaftsministère matdeelen, hunn déi zwee Hollandse-Herder-Geldspierhënn

Gutt Noriichten: d‘Pai vum August sollt dank Index besser ausgesinn

Gutt Noriichten: d‘Pai vum August sollt dank Index besser ausgesinn

D‘Regierung hat et Enn Juli ugekënnegt, an elo ass et dann endlech och esouwäit: den Index op d‘Salairen, ëmmerhin eng Erhéijung vun 2,5%, schléit sech schonn op Pai vum August néier.

Et war dann och de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP), deen den 31. Juli iwwert déi sozial Netzwierker verkënnt hat: „Es ass confirméiert, datt den 1. August 2018 d‘Salairen, d‘Pensiounen an d‘Traitementer ëm 2,5% klammen“.

Eng Informatioun déi alle Leit zu Lëtzebuerg schaffen oder vun hei hir Pensioun bezéien, dierft erfreeën, an mat där der Deierecht vun de Liewenskäschten opgefaange solle ginn.

Méi räich gëtt een net dovunner…

Wann dat dann elo esou och ganz gutt kléngt, esou muss op dëser Plaz awer notéiert ginn, datt et sech heibäi – wéi scho gesot – ëm eng Indextranche handelt, an dat keng Lounerhéijung ass. Esou kascht och de Besuch beim Dokter, an aner medezinesch Prestatiounen 2,5% méi.

Dat et zur Indextranche komm ass, huet säin Ursprong an Hausse vun de Pëtrolspräisser, déi iwwert de Summer – och wéinst den US-Sanktioune géint den Iran – zolidd ugezunn hunn. Eigentlech wär et eréischt am Hiecht zu enger Indextranche komm.

An dësem Kontext sollt een och nach drun erënneren, dat Lëtzebuerg an d‘Belsch, déi eenzeg Länner vun der europäescher Unioun sinn, wou eng Indexupassung „automatesch“ a Kraaft trëtt, wann d‘Inflatioun sech iwwer 2,5% beweegt. Déi lescht Indextranche hat et am Januar 2017 ginn.

Ähnlech Sujeten Index, Indextranche, Pensiounen, Salairen, Traitementer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel