Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Schlofe géint de Stau
Neiegkeeten

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

is okcupid a good dating website
https://moien.lu/things-to-know-when-dating-a-jamaican-man/
Neiegkeeten

D’Unhänger vum Mélenchon fuerderen de Macron eraus

De Leader vun der „radikaler“ Lénker, Jean-Luc Mélenchon huet seng

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien
Neiegkeeten

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien

Ah wann dat de „Generalissimo Francisco Franco“ mat eegenen Aen

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt

A wou ee verluer geet, gëtt op anerer Plaz e neie geplanzt

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt

Bei entspaanter Atmosphär um Mëttwoch huet et mam Stater Schäfferot eng Taass Kaffi ginn. Dat kann och dorunner geleeën hunn, datt de Rechtssträit, deen et wéinst den „Agents Municipaux“ gëtt, nach um Lafen ass an dowéinst keng Ausso konnt gemaach ginn.

Heibäi geet ëm de Kaméidi, dee vun der Gewerkschaft FGFC/ASAM lassgetrëppelt ginn ass. Dëst well de Chef vum Service Parking a säi Vertrieder elo scho fir d‘Zweet wéinst Falsch-Aussoen a Relatioun mat engem subordonnéierten Agent veruerteelt gi sinn. Déi Beschëllegt ginn elo awer a Cassatioun, esou datt de Schäfferot am Moment weder Konsequenzen zéien, nach sech dozou Äussere kann.

Dofir konnt sech dann awer de Schäffe Serge Wilmes (CSV) zu engem aneren Thema äusseren, deen och grad d‘Gemidder an der Stad erhëtzt. Et geet ëm eng gréisser Zuel Beem, déi dem Projet Tram musse weechen. Dat war längst bekannt, mee wier elo awer och keng Moossnam, déi zu enger urbanistescher Ëmweltkatastroph muss verkläert ginn.

Op d‘Beem, an d‘Ëmwelt am grousse ganzen, gëtt an der Stad opgepasst. Kee Bam gëtt vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt, a wou ee verluer geet, gëtt op anerer Plaz e neie geplanzt. 50% vum Stater Territoire ass „gréng“ an d‘Bëscher maachen 20% aus. Vill Fläch, déi vun de respektive Servicer mat vill Léift an Asaz gefleegt gëtt.

Et huet een awer Versteesdemech fir d‘Suergen déi ervirgeruff ginn, wa wéi an der Neier Avenue esouvill Beem zäitweileg verschwannen. Zäitweileg, well jo schonn am Projet nei Beem, wahrscheinlech esouguer méi dovunner, laanscht de Parcours vum Tram, virgesi sinn. Erneierung an Ëmgestaltung vun enger Stad, léisst sech net ouni urbanistesch Verännerung realiséieren.

Renovéierung Parking Neipperg

Wéi et säitens der Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) heescht, ass de Parking Neipperg wéinst Renovéierungsaarbechten ab direkt fir 18 Méint zou. Dat ass och beim Parking aus dem Joer 1983 eng Noutwennegkeet, déi sech och esou an de Programm zur Rehabilitatioun an Erweiderung vun de Parkingen erëmfanne léisst.

Et misst een elo awer net fäerten, datt ee keng Parkplaz méi géif fannen. Zum enge gëtt et vill Alternativen, an et ass een iwwerhaapt ëmmer gutt beroden sech, wann et méiglech ass, engem P&R ze bedéngen. Interessant awer d‘Informatioun, datt Parke méi bequem soll ginn. Esou gëtt d‘Breet vun aktuell 2,40 op 2,50 Meter erhéicht.

Flott och d‘Informatioun, datt de Pavillon am Märeler Park den 1. Abrëll nees operationell ass. Déi grouss offiziell Ouverture gëtt dann den 19. Abrëll gefeiert. De Programm huet de Schäfferot wuel net verroden, mee et dierft e Patt ze drénken, e Maufel z‘iessen a sécherlech och eppes Kulturelles ginn. Et geet een zudeem dovunner aus datt d‘Wieder fir d‘Geleeënheet soll perfekt sinn.

Sport a Fräizäit

Wien sech op d‘Fréijoer an de Summer schonn emol wëll virbereeden, deem sief op dëser Plaz matgedeelt, datt d‘Saison vum Floumaart de Sonndeg 1. Abrëll lassgetrëppelt gëtt. Fir eng Plaz ze erhaschen, kann ee sech ab elo direkt aschreiwen.

Och 2018 fënnt den ING Night-Marathon (12. Mee) statt an et gëtt do schonn déi zweeten Editioun vum „Roll & Run“. D‘Aschreiwung fir den Event ass op www.ing-night-marathon.lu ze fannen. Sportlech geet et och bei der „Rencontres sans Frontières“ (17.Juni – Stade Boy Konen) zou. All Informatiounen zum Event an aschreiwen ënnert: www.rsf.lu.

Fir jiddereen dee un den Aktivitéite vum Service des Sports bei de Sport-Wochen (15. Juli bis 9. September), deem sief gesot, datt et nach villes gëtt wou ee sech nach kann umellen. Dës Aktivitéiten, déi de jonke Bierger am Alter tëscht 11 a 17 Joer virbehale sinn, fannen all Joers groussen Zousproch.

Foto: De Schäffe Serge Wilmes an d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer hu sech um Mëttwochmueren zur Aktualitéit an der Haaptstad geäussert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beem, Lydie Polfer, Parkimg, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel