Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
Kultur

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Kultur

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!
Kultur

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht dem

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen op a féiert de Lieser mat sengem neiste Buch Sympathesch Kauzen an d’Vergaangenheet. Mee dës Kéier net a seng eegen, mee an déi vu Personnagen, déi him a sengem Liewe begéint sinn an Androck hannerlooss hunn.

Mat sengem gewinnt charmante Stil féiert den Henri Losch de Lieser an eng vergaangen Zäit, wou d’Liewen nach simpel an echt war. Wou Kanner nach op der Strooss gespillt hunn, d’Leit nach an d’Epicerie akafe gaange sinn an d’Liewen sech um Bauerenhaff ofgespillt huet.

Kauzen

Den Henri Losch, Theater­ a Filmschauspiller, Schoulmeeschter, Iwwersetzer an Erzieler léisst vill Erlieftes a seng ongezielte Publikatioune mat afléissen. Säi Gediechtnes schéngt onerschëpflech, dowéinst verwonnert et net, datt hien, nieft Kanner­ a Jugendbicher, virum allem mat vill Häerz iwwer Aventure schreift, déi hie selwer erlieft a gepräägt hunn. © Editions Guy Binsfeld

Mat vill Witz an Humor beschreift hie schrulleg, sympathesch a wonnerlech Figuren. Personnagen, déi den Auteur a sengem erliefnesräiche Liewe begéint huet a bis haut net lassgelooss hunn. Et si Mënschen, déi mat hirer Geschicht oder hirem Schicksal beréieren, mat hirer Duerchsetzungskraaft Mutt maachen, mat hirer Liichtegkeet Freed bréngen.

Et si Leit, wéi jiddereen se kennt oder vun deenen ee mol gezielt krut; déi räich Madame vun niewendrun, déi al Matti vun där ni geschwat gëtt, den häerzleche Schoulmeeschter an nach esou vill méi. Net alles ass wouer, wat iwwert se geschriwwe gëtt, muenches ass dobäi gedicht, mee all Geschicht huet hir ganz eege Wourecht.

Loosst Iech op en Neits vum Henri Losch an d’Vergaangenheet féieren a loosst Är eegen Erënnerungen opliewen. Als Theater­ a Filmschauspiller, Schoulmeeschter, Iwwersetzer an Erzieler a seng ongezielte Publikatioune mat afléissen. Säi Gediechtnes schéngt onerschëpflech, dowéinst verwonnert et net, datt hien, nieft Kanner­ a Jugendbicher, virum allem mat vill Häerz iwwer Aventure schreift, déi hie selwer erlieft a gepräägt hunn.

Dorënner sinn z. B. Erënnerungen aus senger Kannerzäit, wéi an Sou laang een drun denkt… Grouss a Kleng am Krich (1985) an E Bouf erzielt – Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich (2004) verschafft.

Méi lëschteg Theme beschwätzt en a Koppeges a Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt (2012), D’Rennscheier – E Guide erzielt (2015) mä och am De Kregéiler – E Frënd vun der Natur erzielt (2017). Mat Sympathesch Kauzen (2018) léisst den Herni Losch schrulleg Personnagen zu Wuert kommen.

Foto: Buchcover Henri Losch – SYMPATHESCH KAUZEN (Erzielungen) aus dem Verlag Guy Binsfeld, an der Serie „Perspektives – 320 Säiten, Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen – ISBN 978­99959­42­44­1 – Präis 22,90 € © Editions Guy Binsfeld

Ähnlech Sujeten Bicher, Editions Guy Binsfeld, Henri Losch, Sympathesch Kauzen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel