Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod
International Neiegkeeten speed dating jacksonville beach

dating sites paphos

De Mëssstand am Prisong vu Schraasseg, wou et rezent zum

dating in peterborough
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
International Neiegkeeten speed dating jacksonville beach

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum
International Neiegkeeten speed dating jacksonville beach

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum

Ass de Mënsch sech fir ee Versuch ze schued, sou

Haalt äre Knascht selwer!

Kanada kritt 1.300 Offall gi vun de Philippinnen zréck a Malaysia mécht en hinne gläich

Haalt äre Knascht selwer!

Op de Philippinnen sinn es d‘Leit midd der Welt hir Poubelle ze sinn a setzen sech elo zur Wier. De Sträit dee sech dorops hin mat Kanada entwéckelt huet war net méi diplomatesch ze léisen an elo schéckt déi philippinnesch Regierung 1.300 Tonnen Offall zréck un den Ofsender.

Bosseg gëtt d‘Geschicht wann ee méi iwwert den „Offall“ aus Kanada gewuer gëtt. Deen Dreck vun deem hei rieds ass, gëtt zanter ronn fënnef Joer op de Philippinnen gelagert. Dat aus guddem Grond: eigentlech gëtt et en Ofkommes tëscht Manila an Ottawa, woubäi an dësem vereenbaart ass, datt et Plastik soll sinn, dat an dësem südostasiatesche Land dem Recycling zougefouert gëtt.

Am géigewäertege Fall awer muss festgestallt ginn, datt et sech bei den 1.300 Tonnen Offall net emol usazweis ëm deen Inhalt handelt dee vereenbaart war. Et handelt sech am grousse ganzen ëm klasseschen Hausoffall an dat geet vun de Krapperten hire Wëndele bis hin zu Kichenoffäll, woubäi och Fläschen a Pabeier nach den „agreabelen“ Inhalt vun der „Dreck-Virwëtztut“ duerstellen.

Deen aus anere Grënn zu Recht ëmstriddene philippinnesche President Rodrigo Duterte, huet no méintelaangem Sträit „de Stecker gezunn“ an – zumindest verbal – Kanada mat Krich gedreet. Si hunn hire Botschafter ofgezunn an de kanadesche Knascht an 69 Container verlueden, déi elo via China a Richtung Vancouver ënnerwee sinn. An d‘Philippinner si richteg frou iwwert dës Aktioun.

D‘Philippinnen sinn net der Welt hir Dreckskëscht

Fir de philippinneschen Ausseminister, Teodore L. Locsin Jr. – dee wéi de President grouss Stécker op den Adolf Hitler hält a sech Mëtt Februar bei der Erëffnung vun der Ambassade zu Berlin op en neits entspriechend ausgedréckt huet – ass mat dëser Aktioun d‘Affär ofgeschloss. D‘Problematik „Offalltourismus“ ass heimatter awer nees an d‘Aktualitéit geroden, a schléit Wellen…

Zu dësem Thema huet d‘Lea Guerrero vu Greenpeace och eppes ze soen: „Den Handel mam Offall ass net akzeptabel. Et ass eng schänterlech Method déi vum industrialiséierten Norden ugewannt gëtt, fir deem Knascht lass ze ginn, dee se bei sech net verschaffe kënnen. (…) Den Handel wierkt sech negativ op d‘Mënscherechter vun deene Gesellschaften aus, déi dësen Dreck entgéinthuelen“.

Tatsächlech – an dës Erkenntnis ass beileiwen net nei, gëtt aus wirtschaftleche Grënn awer och gäre vun den „traditionelle“ Medien ënner Verschloss gehalen – gëtt et weltwäit d‘Dreckstippen déi ganz Dierfer ëmschléissen. A Malaysien an Indonesien wieren sech, wéi op de Philippinnen, ëmmer méi Leit géint dësen „Handel“. De Norde soll säi Knascht gefällegst behalen, esou déi allgemeng Ausso.

China huet deem Gespills längst en Enn bereet

Datt sech d‘Situatioun, besonnesch an de Länner Indonesien, Malaysia a Philippinnen exponentiell verschlechtert huet, gëtt drop zréckgefouert, datt China 2018 beschloss huet, kee Plastiksoffall aus den industrialiséierte Länner opzehuelen. Deen awer gëtt net manner, firwat no „Optioune“ gesicht gouf. Schliisslech gëtt dëse Knascht jo offiziell zum recycléieren ëm den hallwe Globus gefouert.

Hei huet déi malaysesch Ëmweltministesch Yeo Bee Yin awer aner Erfarungswäerter: „D‘Mënschen an de Länner déi hiren Dreck schécken, sinn dovunner iwwerzeegt ginn, datt den Offall hei bei eis géif recycléiert ginn. Dee awer lant schlussendlech op eisen Deponien an net nëmmen do. Dat well villes wat esou verlagert gëtt net recyclabel ass. Zudeem gëtt d‘Geschäft récksiichtlos bedriwwen.

Esou këmmert et kee wat do tatsächlech ausgefouert gëtt, ob d‘Partner an Iwwerséi déi Masse weiderveraarbechte kënnen an ob dat Land dem Optrag iwwerhaapt „gewuess“ ass. Och Malaysien huet elo „dicht gemaach“ an eng 3.000 Tonnen Dreck ginn zréck un den Absender. Gutt, well all d‘Bierger op der Welt hunn e Recht op eng Propper Loft, Waasser, Ëmwelt an nohalteg Ressourcen.

mat indymedia/ott/yul/mnl/kul/fuk

Foto: © EcoWaste Coalition

Ähnlech Sujeten China, Greenpeace, Indonesien, Malaysia, Offalltourismus, Philippinnen, Recycling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel