Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)
International Neiegkeeten

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Indonesien nom Tsunami: den traurege Bilan zielt elo schonn 281

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent
International Neiegkeeten

Am Interview mam Sabine Fitzek – D’Neurologin mat schreiwereschem Talent

De Sebastian Fitzek ass wuel allen Thriller-begeeschterte Persoune bekannt. Datt

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn
International Neiegkeeten

Stock-Car: Eng gelleg Meeschterschaftsfeier mat gudde Frënn

Et war wéi gewinnt eng flott a gemittlech Meeschterschaftsfeier déi

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches

D‘Sunday Times bericht um haidege Sonndeg mat Bezuch op Regierungsënnerlagen, datt dem Boris Johnson seng Ekipp sech am Fall vun engem haarde Brexit, op Enkpäss bei Medikamenter, Liewensmëttel a Bensin virbereet. Esouguer eng Blockad vun den Häfe geet net ausgeschloss.

BrexitLaut der Zeitung hätt sech de „Cabinet Office“ – dat ass déi zoustänneg Administratioun – a deenen hinne virleienden Ënnerlagen, mat den ze erwaardende „Problemer“ vun engem Austrëtt ouni Accord befaasst. Doranner ass och rieds vun enger méiglecher haarder Grenz op der irescher Insel.

Trëtt Groussbritannien am Oktober ouni Ofkommes aus der Unioun aus a géif sech déi britesch Regierung – esou wéi vum Premierminister Boris Johnson annoncéiert – entscheeden seng Scholde géintiwwer Bréissel net ze begläichen, da bréngt dat oniwwersiichtlech Konsequenze mat sech.

Aus de Pabeiere vum Cabinet Office geet ervir, datt beispillsweis d‘Camione wéinst de Prozedure bei der Douane, bis zu 60 Stonne kéinten opgehale ginn, dat besonnesch beim Import. An den Häfe wier et wuel nach eppes méi batter, hei kéint d‘Situatioun méintelaang problematesch sinn.

Interesting isn‘t it?

Enn Juli huet de Boris Johnson erkläert, datt hie mat der Regierung d‘Virbereedunge fir en Austrëtt ouni Accord an alle Beräicher beschleunege wäert, vun de Spidäler iwwert d‘Häfe bis hin zu de Banken. Wéi och soss, sollt dem Donald Trump säi Protegé zum 31. Oktober de Brexit hikréien?

BrexitWoubäi dat mat deem „hikréien“ net esou einfach ass. Am House of Commons ass een net averstane d‘Scheedung mat Bréissel ouni Ofkommes ze vollzéien. Mee den Accord, esou wéi e vum Theresa May ausgehandelt ginn ass, huet am britesche Parlament och keng Majoritéit. De Problem? Irland.

Europa an d‘Ire wëllen eng haart Grenz tëscht der irescher Republik an der britescher Provënz mat alle Moyene verhënneren. Datt manner aus wirtschaftlechem Interessi, wéi dann dem Erhale vum Fridden tëscht der kathoulesch gepräägter Republik an der protestantescher britescher Provënz.

No more „Mr. Nice Guy“

Wien elo mengt et misst dach wéinstens ee Mënsch ginn, deen dem Boris Johnson verständlech maache kann, datt en ongeregelten EU-Austrëtt déi britesch Konjunktur an d‘Knéien zwénge wäert, dee huet wuel Recht. Et géif dem BoJo awer net gerecht, well dee weess genee wat hie mécht.

BrexitDatt esouguer déi britesch Noutebank drop hiweist, datt en haarde Brexit déi britesch Wirtschaft an d‘Rezessioun féiere wäert, passt – zumindest aktuell – dem Premierminister net a seng politesch Pläng, zudeem droen esou Aussoen net derzou bäi seng Positioun géintiwwer Bréissel ze stäerken.

Nach ëmmer entspriechend dem Artikel an der Sunday Times, wier geplangt, datt de Boris Johnson déi däitsch Kanzlerin an de franséische President déi nächst Woch informéiert, datt dat britescht Parlament de Brexit net verhënnere kann. Klengt no engem spannende G7-Sommet zu Biarritz

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Irland, Leave EU, No Deal, Nordirland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel