Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Fail Meenung

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Geschicht méi no bei Iech
Fail Meenung

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!
Fail Meenung

S.d.S. Sport-Wochen: vum 14. Juli bis den 8. September – Et sinn nach Plaze fräi!

Säit elo méi wéi 35 Joer, organiséiert de Sportdéngscht vun

dislike

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Haart gejaut, schlecht iwwerluecht

Am Juni hat den US-President Donald Trump ugekënnegt, aus dem Paräiser Klimavertrag ze klammen. Elo gesäit et duerno aus, wéi wann ee versiche géif, awer nach dran ze bleiwen. Esou vill huet op mannst den US-Ausseminister Rex-Tillerson an engem Interview mam US-Sender CBS duerchblécke gelooss.

Wenn dëst stëmmt, wieren et sécherlech gutt Noriichten. An dach muss ee feststellen, datt dës Roderei, déi mëttlerweil noutwänneg ass, zënter datt den Trump un der Muecht ass, symptomatesch fir seng Presidentschaft ass. Kloer Linne sicht ee ouni Resultat. Souguer wann en eng huet, heescht dat nach laang net, datt en se iwwerhaapt duerchzéie kann. Seng Ofléisung vun Obamacare an de Muslim-Ban loosse gréissen.

Wann den Donald Trump sech u sengen erfëllte Wahlversprieche muss moosse loossen, ass no méi wéi néng Méint nach net vill Positives ze verzeechnen. De Récktrëtt vum Paräiser Klimavertrag ass do ee vun de wéinege Liichtblécker, och wann en tatsächlech eréischt am Joer 2020 stattfënnt. A souguer den US-President huet schonn duerchblécke gelooss, datt en sech en Hannerdier wëll oppe loossen.

Schued ass dobäi virun allem, datt de Klimaschutz net wierklech am Mëttelpunkt vun deem ganze Gedeessems steet. Déi aner Staaten wëllen sech wuel ëmmer nach hunn hir Ziler halen, mee Motivatioun stëft dat ganz hin an hir net. Den aneren Aspekt ass wuel, datt erëm eng Kéier kloer ass, datt am Wäissen Haus vill ënnerschiddlech Stréimungen herrschen, déi net onbedéngt hannert dem Trump stinn. Do kënnt et scho mol fir, datt intern Quellen enger Zeitung matdeelen, datt een am Vertrag bleiwe wéilt, nëmme fir ganz schnell vun der offizieller Pressestell erëm zeréck gepaff ze ginn.

Et ass bal, wéi wann do kee wierkleche Plang géif herrschen. Wéi wann de staarke Mann zwar haart téine géif, awer do der hannert net de volle Support stécht, deen en sech erwaart. An iergendwou fillt een sech och un de Brexit erënnert, deem seng Verhandlungen alles aneres als glat verlafen, well keen e wierkleche Plang hat, wat bei engem Jo am Referendum eigentlech misst geschéien. Ma Haaptsaach, et gouf haart gebrëllt.

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Paräisser Accord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel