Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht an der Beruffsausbildung
Meenung Neiegkeeten

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht an der Beruffsausbildung

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAReprise vum Schoulbetrib… mir si virbereetPhas 2:

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020
Meenung Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 21. Juni 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Wa jonk Berliner net wëssen, ëm wat et geet
Meenung Neiegkeeten

Wa jonk Berliner net wëssen, ëm wat et geet

Berlin – Den 3. Oktober gouf a ganz Däitschland den

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)

Alleguerte verschidde . Alleguerte gläich - All Different . All Equal-

Keng Loscht op Haass, Rassismus a Sexismus? (An eegener Saach)

Et muss een sech net mat engem Sticker, T-Shirt oder Fändel zum Antifa-Mouvement bekennen, fir der Welt ze weisen, datt ee géint all Form vu Gewalt ass. Egal op physesch, verbal oder virtuell, all Form vun Haass ass ze verurteelen, well et eis Gesellschaft an déi sozial Kohesioun bedreet.

Mir hunn do eppes dank enger ganz léiwer Damm op Twitter fonnt, mat deem ee sech dësem jo awer gréissere Problem, ganz ouni Gejäiz a virun allem politesch neutral kann entgéintstellen. Esou kann och d‘Maskeflicht zu engem Statement ginn, deen – wann et elo d‘Welt och net iwwer Nuecht wäert besser maachen – op mannst anerer zum Nodenken ureege kann.

Bei Rassismus, Sexismus a besonnesch Rietsextremismus, féiert „Neutralitéit“ zur Zoustëmmung. Dat ass wéi „ewech kucken“ a frou sinn datt een net betraff ass, mee kann ee sech da sécher sinn net deen nächsten ze sinn? Krise loossen sech net iwwerwannen an deem ee Gesellschaften zerräisst, a mam Fanger op en imaginäre Schëllege weist. Krise bewältegt een nëmmen dann erfollegräich, wann een zesummenhält an zesummesteet.

Sech oppe géint Haass, Gewalt an Ongerechtegkeet ze stelle verlaangt oft eppes Zivilcourage. Dat gouf engem éischter net an der Schoul bäibruecht, a leider si vill Politiker, besonnesch wann si den Antifaschismus als lénken Extremismus verklären, keng Hëllef, de Géigendeel ass de Fall. Wien sech fir eng méi gerecht Gesellschaft asetzt ass awer keen Extremist, zumindest net no eiser Siichtweis. Also firwat net esou eng Mask…

Wien och der Usiicht ass, datt een zu passenden Uläss de richtege Mond- an Nueseschutz roueg sollt undoen, deen dierft op der Homepage vun „Human Blood Is All One Colour“ beschtens opgehuewe sinn. Hir Masken si vegan a PETA-approuvéiert. D‘Mataarbechter déi se hierstelle gi fair an éierlech bezuelt, an zousätzlech gi fir all Mask déi verkaf gëtt, 2 Euro un Dokteren ouni Grenzen (MSF).

„Faarf“ bekennen a sech sozial engagéieren ouni sech enger Organisatioun unzeschléisse war schonn ëmmer méiglech. Elo wou een noutgedrongen op ville Plazen eng Mask muss undoen, kéint ee senge Matmënsche weise wou et am gesellschaftlechen Zesummespill nach Problemer huet, ouni dofir zum Troll am Internet oder Aktivist bei enger Demo ze ginn.

Foto: © EinePriseZuHauseBleiben

Ähnlech Sujeten Faschismus, Haass, Homophobie, Sexismus, Zesummenhalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel