Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op
Neiegkeeten WTF

De Bilan vun der Gesondheetskeess weist en zolitten Iwwerschoss op

2018 war, esou zumindest aus der Siicht vun der Gesondheetskeess,

dislike
Editorial: Facebook ass net däi Stammdësch
Neiegkeeten WTF

Editorial: Facebook ass net däi Stammdësch

D’sozial Medien hunn sech längst etabléiert. Laut TNS Ilres benotzen zu

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965

surprise

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei der Virstellung vum Programm fir d‘Gemengewahl an der Stad Lëtzebuerg, haten sech 24 vu 27 Kandidaten a Kandidatinnen der Presse gestalt. Een, dee mat Sécherheet gären dobäi gewiescht wier, ass de Pit Sietzen, mee d‘Universitéit geet vir.

Déi aktuell Buergermeeschtesch a Spëtzekandidatin Lydie Polfer war dann och betount erfreet. „Dat beweist, datt mir wierklech eng Equipe hunn, esouvill Kandidaten huet keng aner Partei bei de Presentatioun vum Programm kënnen opweisen“, esou d‘Lydie Polfer, déi zugläich net onzefridden ass dierfen ze bemierken, datt „déi dräi Prioritéiten déi mir eis gesat hunn, an schonn am Mee zum Ausdrock bruecht hunn, och deenen aneren hire Programmer erëmzefanne sinn“.

Eng Ausso mat der en Zeeche gesat gëtt, soll den opmierksame Wieler dach am Zweiwel sech fir d‘Original entscheeden. De Bilan vum leschte Schäfferot kann dann och nëmme vun der Oppositioun a Fro gestallt ginn. A natierlech kann een et besser an awer net jidderengem gerecht maachen.

Kloer Gestaltung

De 36-säitege Programm am Format vun enger Dageszeitung ass propper opgemaach. D’Texter sinn op Däitsch a Franséisch mat engem eesäitege Resumé op Englesch. Domatter sollt sech d‘Majoritéit vun de Stater Bierger kënnen e Bild maache vun deem, wat déi Demokratesch Partei unzebidden huet.

Wiem de Programm a Pabeierformat net duer geet oder sech dozou wëll äusseren, kann dat dann nach op engem vun de 14 Meetinge maachen. Schonn um Méindeg hat d‘DP an de Pafendall an op Hamm agelueden. Dat geet dann duerch zimlech all Quartier esou bis de 6. Oktober weider, wou um Belair d‘Campagne ofgeschloss dierft ginn.

Prioritär Sujeten, wéi Jugend, Mobilitéit a Wunnraum sollen awer net eng ganz Rei u weideren Theme verdecken.

Prioritär Sujeten, wéi Jugend, Mobilitéit a Wunnraum sollen awer net eng ganz Rei u weideren Theme verdecken. Wat alles fir déi Jonk gemaach gëtt a nach muss gemaach gi bléift och weiderhin op der Agenda ganz uewen. E kohärente Konsens tëscht der „Mobilité douce“ an dem Individualverkéier hin ze kréien a gläichzäiteg dee Wunnraum ze schafen deen néideg ass, bléift d‘Erausfuerderung där sech d‘DP stellt.

Zouversiichtlech fir den 8. Oktober

Esou wéi d‘Spëtzekandidatin et gesäit, ass d‘Fuerderung no méi Biergerbedeelegung, wéi dat eng Partei wëll gesinn, vun der DP längst ëmgesat ginn. Bei alle gréissere Projeten, virun allem an de Quartieren, géif sech ëmmer mat den Awunner berode ginn. Da géif en Entschloss oder e Plang ausgeschafft, an deen dann och nach emol virbruecht ginn.

Et géif am Kader vum Méiglechen den Doleance Rechnung gedroen iert de Projet finaliséiert gëtt. D‘Lydie Polfer gesäit dat als ee gutt Beispill fir participativ Politik. Et wier och eng Saach vun Anstand op de Bierger duer ze goen. Dësem nozelauschteren, besonnesch wann net sengem Wonsch kann entsprach ginn, an uerdentlech erkläre firwat et net geet, wier dat mannst wat ee ka maachen.

Drop ugeschwat op sech d‘DP eng weider Koalitioun mam aktuelle Partner virstelle kéint, gesäit d‘Buergermeeschtesch esou: „Mir hunn a schaffen och nach aktuell ganz gutt zesummen. Eng méiglech Koalitioun a mat wiem et déi ageet, kann awer net virum 8. Oktober zur Diskussioun stoen“. Et wier eben net richteg dem Wieler géinteniwwer, sech am Virfeld op eppes festzeleeën, wat dee mat senger Stëmm vläicht ganz anescht wëll hunn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Demokratesch Partei, Gemengewahlen 2017, Lydie Polfer, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel