Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – déi éischt Sendung mat der Maus!
https://moien.lu/berlin-singles-dating/ disabled dating australia free

dating guys 10 years younger

Um 7. Mäerz 1971 huet dem WDR seng Maus d’Liicht

lucky blue smith dating
https://moien.lu/berlin-singles-dating/ disabled dating australia free

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert
https://moien.lu/berlin-singles-dating/ disabled dating australia free

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

Kreeslafwirtschaft oder Circular Economy: Dat ass e Begrëff, deen een

En Häerz fir d’Literatur

E moderne Bicherbuttek weess, wat gelies gëtt

En Häerz fir d’Literatur
Foto: Nancy Klauner
En Häerz fir d’Literatur
Foto: Nancy Klauner

Bicherwierm hunn en uerdentlech gefouerte Bicherbuttek schnell erkannt: E bitt eng grouss, faarweg an ofwiesslungsräich Auslag, kloer Kategorien an handgeschriwwene Empfeelungen. Dëst alles si Saachen, déi den Online-Handel net opweise kann, an e gudde Bicherbuttek mécht och da Spaass, wann ee grad näischt do keeft.

Fir datt dëst iwwerhaapt ëmgesat ka ginn, muss net nëmmen d‘Konzept stëmmen, mee och d‘Personal muss sech domatter identifizéiere kënnen. D‘Tanja Steffen ass genau sou eng Persoun. „Ech hunn e gudden Deel vun de Bicher, déi mer hei verkafen, och selwer gelies“, gëtt et zou. Dat ass eng zimlech Leeschtung, well am All English Bookstore vun der Librairie Ernster gëtt et eng breet Auswiel. Do muss een als Verkeeferin och schonn emol queesch duerch de Gaart liesen. Wat ass da beim Tanja manner beléift? „Bei de Krimie liesen ech nëmmen déi wichtegst Saachen“, erkläert et. Et kann engem jo schliisslech net alles gefalen.

En enormt Wëssen

An dach mécht sech dat ugeliesent Wësse bezuelt. Eng eeler Madame kënnt bei d‘Tanja a freet, op et eppes Aktuelles empfehle kéint. „Alles, just keng Science-Fiction“, esou d‘Viraussetzungen. D‘Madame kritt e puer Bicher kuerz virgestallt a steet um Enn mat zwee verschiddene Wierker do. Sech um Enn misse fir eent vun zwee Bicher missen ze entscheeden ass wuel eng vun de schwéiersten Decisiounen. „De Client kënnt mam Wonsch eran, e gutt Buch ze fannen. Wann s de gutt bass, geet de Client mat e puer Bicher erëm eraus. A wann et ganz gutt geet, verännert ee vun deene Bicher säi Liewen“, resuméiert d‘Tanja seng Aarbecht.

De Client kënnt mam Wonsch eran, e gutt Buch ze fannen. Wann s de gutt bass, geet de Client mat e puer Bicher erëm eraus.

Tanja Steffen, Verkeeferin bei der Librairie Ernster

Wat sou einfach kléngt, kann enorm komplex sinn. Wéi soll een engem Client weider hëllefen, deen e Cadeau fir eng Persoun sicht, déi e knapps kennt. A wou net gewosst ass, wéi en literaresche Goût do existéiert. Do muss een als Verkeeferin wëssen, wat een alles do huet, a wat zu wéi engem Goût passt.

Staarken Impact duerch Social Media

Mee wéi genau kënnt een op all déi Literaturtipps? D‘Kataloge vun den Händler, déi kritt jo jiddereen! Do kommen dann d‘sozial Netzwierker an d‘Spill. Virun allem bei der engleschsproocheger Literatur ginn d‘Schrëftsteller hin a setzen op d‘viral Natur vu Instagram a co. An da muss ee Liesen – an zwar net ze knapps! D‘Tanja bréngt et am Joer op tëscht 125 an 150 Bicher. Ween all Dag am ëffentlechen Transport op d‘Aarbecht kënnt, kritt dofir Zäit, mengt et.

Jugendlecher beispillsweis wësse scho méi genau, wat se wëllen

Tanja Steffen

Nach emol zeréck bei de Social Marketing: Dee wierkt sech och méi oder wéineger direkt op de Client aus. „Jugendlecher beispillsweis wësse scho méi genau, wat se wëllen“, seet d‘Tanja. Dowéinst géif de Young Adult-Rayon och ganz gutt lafen. A wou et nach Lücken an der Offer gëtt, wéi beispillsweis bei der Science-Fiction, dann hëlleft do den direkte Kontakt mam Client weider. Do kënnt et da fir, datt een op Bicher opmierksam gemaach gëtt, déi ee soss komplett iwwersinn hätt, awer um Marché grad interessant ass.

Dobäi ass Lëtzebuerg schonn e bëssche speziell als Marché, bemierkt dobäi d‘Tanja. Do kann et scho virkommen, datt en internationale Bestseller zu Lëtzebuerg an de Geschäfter Stepps usammelt. Aner Bicher ginn dann hei ganz gutt, well et hei am Land duerchaus aner Interesse ginn, wat Literatur ugeet. Net ze vergiessen ass do natierlech, datt vill Touristen hire Wee an d‘Geschäft fannen. Dat läit zum engen un der Sprooch vun de Bicher, mee och un der Lokalitéit: An der Rue de la Reine, virum Palais, ass vill engleschsproocheg Laafkondschaft do. A sou kann een an deem Geschäft och nach en internationale Flair genéissen, wann déi verschiddenst englesch Akzenter openeen treffen.

 

Ähnlech Sujeten Bicher, Librairie Ernster, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel