Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dag vun de Kannerrechter am Beetebuerger Park!
Neiegkeeten

Den Dag vun de Kannerrechter am Beetebuerger Park!

Um 5. Mee organiséiert de Ministère vun der Educatioun, de

Bicherwoch am Biodiversum
Neiegkeeten

Bicherwoch am Biodiversum

Vum 16. bis de 24. Februar gëtt zu Rëmerschen un

Politiker: déi nei bedreeten Aart
Neiegkeeten

Politiker: déi nei bedreeten Aart

Nom Dout vum Camille Gira, den Häerz-Kreeslafproblemer, déi de Felix

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“

En neie Logo fir „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“

Jonk Mënschen déi sech engagéieren, datt ass eng gutt Saach. Jonk Mënschen déi sech fir de ganz gudden Zweck engagéieren ass besser. An dëst Engagement kann elo och dat ganzt Land gesinn: d‘Schüler aus dem Dikrecher Lycée hunn der Associatioun „Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl“ en neie Logo entworf, an et dierf ee scho soen, datt war eng cool Iddi.

Fir déi 24 Schüler vun der 2CE05 aus dem Grafik-Cours, dee vum Paul Schwebach geleet gëtt, war et eng Erausfuerderung déi si mat vill Begeeschterung a Motivatioun ugaange sinn. A vun allen Iddie konnt um Enn nëmmen eng zréckbehale ginn. Et war den Entworf vum Anna Leesch, dee vun der Jury ausgewielt ginn ass an elo déi nei Visittekaart vun der Asbl ass.

Datt d‘Anna Leesch sech vum Banksy inspiréiere gelooss, weist sech un der Form an der grafesch explizitter Duerstellung vum Häerz. En Häerz als Loftballon fir d‘Fragilitéit vun dësem Organ och sënngeméiss duerzestellen, ass sécherlech noleiend an awer muss een emol drop kommen. De Choix vun der Jury léist sech net kontestéieren.

Iwwerreecht gouf den neie Logo am Kader vun enger klenger awer ganz offizieller Zeremonie. Hei huet d‘Tanja Lentz mat de Schüler iwwert d‘Missioune vun der Associatioun geschwat, déi ganz Villfälteg sinn. Nodeems dem Anna Leesch den Haaptpräis iwwerreecht gouf, hunn d‘Ada Funck, Melissa Reding an Lena van Maris fir hir Entwërf den Trouschtpräis kritt.

Foto: © LCD

Ähnlech Sujeten Anna Leesch, Dikrecher Lycée, Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg Asbl, Paul Schwebach, Schüler 2CE05
Nächsten Artikel Virrechten Artikel