Search

You may also like

dislikemoney
Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
Neiegkeeten

Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht

Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi

STATEC: 4 Cyclisten sinn déidlech blesséiert ginn (2016-2018)
Neiegkeeten

STATEC: 4 Cyclisten sinn déidlech blesséiert ginn (2016-2018)

D’Cycliste liewe geféierlech op eise Stroossen. Dat beweisen déi aktuell

Grouwebrand zu Zowaasch
Neiegkeeten

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen

Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs um nationalem Podium vun den Doudesursaachen

De Gesondheetsministère huet haut d’Statistiken zu de Stierffäll vum Joer 2017 verëffentlecht. Mat 4.137 Doudesfäll (2.075 Fraen, 2.062 Männer) op Lëtzebuerger Terrain huet d’Santé eng Hausse vu 4% zum Joer 2016 misse feststellen. Besonnesch Häerzkreeslafkrankheeten a Kriibs sti ganz uewe bei den Doudesursaachen.

Am Duerchschnëtt sinn pro Dag 11 Persounen, pro Woch 80 Persounen a pro Mount 345 Persoune verscheet. Virun allem de Januar 2017 ass mat enger Zuel vu 447 verstuerwene Persounen ervirgestach, wougéint een am August déi geréngst Zuel un Doudesfäll (283 Stéck) notéiere konnt. D’Männer sinn am Duerchschnëtt gutt 7 Joer virun de Fraen, also mat 73 Joer gestuerwen.

A ganzer 94,7% vun de Fäll war d’Doudesursaach eng Krankheet, just a 5,3% Fäll waren et aner Grënn. Ëm 55% vun de Persoune sinn am Spidol zu Lëtzebuerg, ee Véierel am Altersheem a 17% Doheem gestuerwen.

Wéi och an de Jore virdru leien Häerzkreeslafkrankheete mat 30,8% (1.276 Persounen, 613 Männer, 663 Fraen) op der traureger éischter Plaz, wann ee sech d’Doudesursaache genee ukuckt. Feststelle kann een awer, datt dës Zuelen am Verglach zum Joer 2016 erofgaange sinn. Deemools louch een nämlech bei 31,8%.

Op Plaz 2 läit mat 28% vun den Doudesfäll (1.160 Persounen) de Kriibs, woubäi hei d’Zuelen am Verglach zu 2016 geklomme sinn – deemools waren et nach 1.121 Fäll. Opfälleg ass, datt 28 Männer manner, dofir awer 67 Frae méi un der ellener Krankheet gestuerwe sinn. Dësen Ënnerscheet bei de Geschlechter gëtt virun allem duerch de Réckgang vum Longekriibs erkläert. Bei de Fraen ass virun allem Broschtkriibs (+ 13 Doudesfäll), Longekriibs (+ 25 Doudesfäll) an Daarmkriibs (+ 10 Doudesfäll) déi am meeschte verbreete Kriibszorten.

Weider Ursaachen si beispillsweis Otemproblemer (7,6%), mental Problemer (5,5%) an extern Ursaachen (Accidenter, Suizid,…) mat 5,3%. Dës weideren erkennt d’Santé eng Hausse vun den Doudesursaachen duerch Infektiounen a Parasitten, duerch Krankheete beim Hormonsystem, dem Metabolismus oder duerch Harnwegsproblemer. Am Géigesaz dozou ass allerdéngs d’Kannerstierflechkeet stabil bliwwen.

Déi ganz Statistike kënnt Dir HEI noliesen.

Related topics Broschtkriibs, Daarmkriibs, Doudesfall, Doudesursaachen, Häerzkreeslafkrankheeten, Kriibs, Lëtzebuerg, Longekriibs
Next post Previous post