Search

You may also like

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun
Neiegkeeten

De Schraasseger Prisong ënner neier Direktioun

De Regierungsrot huet d‘Nominatioun vum Joke Van der Stricht, déi

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm
Neiegkeeten

D‘ULC huet och eng Meenung zum Regierungsprogramm

Si hunn sech e gewënscht an och dofir gekämpft: de

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung
Neiegkeeten

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Beim Regierungsrot e Freideg ass et net nëmmen ëm den Energie- a Klimaplang gaangen, och den éischten „Nationale Plang géint Häerzkreeslafkrankheeten“ ass formell ugeholl ginn. Sënn an Zweck vun dësem Plang ass eng signifikativ Reduktioun vun de Stierffäll un de Suitte vun enger Häerzkreeslafkrankheet. De Plang féiert iwwert den Zäitraum 2020-2024.

Wéi et heescht stierwen zu Lëtzebuerg all Joer 1.300 Mënschen un engem Häerzinfarkt oder engem Hireschlag. Schold dorunner sinn d‘Fettleiwegkeet, den Tubak an de Blutthéichdrock, fir emol déi „notabelst“ ze ernimmen. Géif een de Risiken déi mat de genannte „Problemer“ verbonne sinn eppes entgéintstellen, kéint ee bis zu 80% vun der Häerzkreeslaf-Accidenter verhënneren.

Am Plang dee gëschter am Regierungsrot ugeholl ginn ass, sinn eng Rei Moossnamen enthalen, déi derzou bäidroe sollen. Esou soll d‘Preventioun gestäerkt, den Depistage gefërdert an d‘Risike vun enger Expositioun reduzéiert ginn. Eng éischter gutt Iddi, déi sech an der Logik vu scho bestoende Pläng (Gesond Iessen, méi Beweegen – GIMB, oder de Kriibsplang) opgedoen huet.

Illustratioun: Jorono / Pixabay

Related topics Ernierung, Fettleiwegkeet, Gesondheet, Häerzkreeslafkrankheeten, Regierungsrot, Tubak
Next post Previous post