Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!
International Neiegkeeten

monazite dating zircon

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

korean culture dating facts
International Neiegkeeten

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen
International Neiegkeeten

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Wéi domm dierf e Mënsch sinn? Dat ass am Kontext

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont

Aacht Minister am Prisong, Haftbefehl géint de Puidgemont

Wéi erwaart huet um Dënschdeg d’Untersuchungsriichterin, déi aacht Membere vun de katalanescher Regierung, déi sech der Justiz gestallt haten, an Untersuchungshaft geholl. D’Riichterin Carmen Lamela vun der nationaler Audienz, stellt haut den europäeschen Haftbefehl géint de Carles Puidgemont aus.

Zu Bréissel huet den Affekot vum ofgesate katalanesche President, de Me Paul Bekaert op der flammännescher Tëlee VRT matgedeelt: „Mäi Client huet mir grad gesot, datt den Haftbefehl géint de President a véier Minister déi an der Belsch sinn ausgestallt gi sinn. Praktesch bedeit dat, datt déi spuenesch Justiz beim federale Parquet eng Ausliwwerung wäert ufroen“.

Op Ufro bestätegt den Affekot, datt de Puidgemont an der Belsch wäert bleiwen. Hien hätt sech engagéiert mat der belscher Justiz zesummenzeschaffen. Eng Justiz déi, esoubal wéi den Ausliwwerungsantrag agaangen ass, 60 Deeg Zäit huet fir dem Dossier op de Grond ze goen. Sollt der Demande Rechnung gedroe ginn, géif de Puidgemont Asproch aleeën.

De Carles Puidgemont sengersäits, huet an engem kuerze Message, deen op der katalanescher Tëlee iwwerdroe ginn ass, d’Fräiloossung vu senge verhafte Kollege gefuerdert. Hien huet och zum Ausdrock bruecht, datt d’Entscheedung vun der Justiz elo „keng intern spuenesch Affär“ méi ass, an sech déi international Communautéit „misst bewosst der Gefor ginn“ déi dësen Acte duerstellt.

Protester zu Barcelona

Wéi déi städtesch Police vu Barcelona matgedeelt huet, wären um Dënschdegowend 20.000 Leit dem Appell vun der ANC (Katalanesch National Assemblée) nokomm an hätte Manifestéiert. „Et ass keng Justiz, et ass eng Diktatur“ hunn d’Manifestante skandéiert. Och „Europa schumm dech“ ass geruff ginn, well sech Europa net zu Gonschte vun de Separatisten agesat huet.

Elo steet et also fest. Knapp eng Woch nom Vote vum Parlament d’Onofhängegkeet ze proklaméieren, ass de Vizepresident Oriol Junqueras mat siwe weidere Membere vun der katalanescher Regierung fir Oprou a Rebellioun verhaft ginn. De Santi Villa, e néngte Minister dee virun der Proklamatioun seng Demissioun agereecht hat, soll géint Kautioun fräi kommen.

Puidgemont

D’Manifestante fuerderen „Fräiheet fir déi politesch Prisonéier“ an „Demokratie“ während dem Meeting virum katalanesche Parlament. © Pau Barrena/AFP

An der Ordonnance huet d’Riichterin d’Untersuchungshaft mat der Fluchtgefor begrënnt. Déi fënnef Membere vum Parlamentsbüro, dorënner d’Presidentin Carme Forcadell, hunn hir Audienz op de 9. November kënne verleeën, fir esou d’Méiglechkeet ze kréien hir Verdeedegung virzebereeden.

Alleguerte gi se beschëllegt, zesumme mat de Leader vun ANC an Omnium (déi schon am Prisong sëtzen) säit 2015 „aktiv den Opstand virbereet ze hunn“. Si hätten sech iwwert all Decisioune vun der Justiz gestalt, esou och de Verbuet e Referendum ofzehalen.

Zweiwel un der Concertatioun

De Carles Puidgemont hat nach um Mëttwoch erkläert, datt d’Opdeelung vun der Regierung – verschiddener déi sech der Justiz stellen an déi wou sech zu Bréissel verschanzen – eng taktesch concertéiert Moossnam ass. Déi zu Madrid sollten „de Wëlle vun der spuenescher Justiz denoncéieren, déi eenzeg eng politesch Iddi verfollegt“.

Déi aner géifen zu Bréissel bleiwen, „fir virun der internationaler Communautéit dëse politesche Prozess ze veruerteelen“. Esouwäit d’Erklärung vum ofgesate President an engem Communiqué den am Numm vun der „legitiméierter katalanescher Regierung“ ausgestallt ass.

Den Affekot vun zwee Deputéierten, Me. Javier Melero, huet allerdéngs Zweiwel iwwert d’Realitéit vun der Concertatioun ausgedréckt. Hien huet och ëffentlech bedauert, datt de Puidgemont der Convocatioun net nokomm ass. „Wann dir iech net dem Riichter stellt wann der convoquéiert gitt, ass datt ëmmer schlecht fir all déi aner déi sech der Justiz gestallt hunn“.

Politesch motivéierte Revanchismus

Déi katalanesch Sektioun vum PSOE (Sozialisten), déi géint d’Onofhängegkeet ass, huet d’Untersuchungshaft als „disproportionéiert“ bezeechent. Eng Usiicht déi och vun der Buergermeeschtesch vu Barcelona, dem Ada Colau, gedeelt gëtt.

Si huet d’Entscheedung als „schwéiere politesche Feeler deen eis vun der Léisung ofbréngt“ bezeechent. Déi wier eenzeg „ vun engem Revanche-Gedanken an dem Wëllen ze erniddrege geleet“.

Puidgemont

Eng Fra, agewéckelt an der Estelada, dem katalanesche fändel, hält eng Foto vun den agespaarten ANC a Omnium Leader, de Jordi Sanchez an de Jordi Cuixart, an der Hand. Si waart zesumme mat dausenden aneren op déi katalanesch Affekote, nodeems d’Auditiounen um ieweschte Geriichtshaff zu Madrid op de 9. November verluecht gi sinn. Déi zwee Aktivisten, grad ewéi d’Minister déi an Untersuchungshaft geholl gi sinn, riskéieren tëscht 15 an 30 Joer Prisong wéinst Oprou a Rebellioun. © Pau Barrena/AFP

An engem Interview, deen haut am franséische „Le Figaro“ nozeliesen ass, huet de spueneschen Ausseminister Alfonso Dastis gemengt, datt „ de Puidgemont d’Kris internationaliséiere wëll“. „De Choix vun de Belsch ass net harmlos. Déi flammännesch Separatiste beweise Sympathie géintiwwer Katalounien an och déi Belsch Regierung schéngt Versteesdemech ze hunn“.

Ënnert de Manifestanten zu Barcelona, huet de Ramon Jornet (50) gemengt, datt et „e grousse Feeler vun der spuenescher Regierung ass, d’Justiz politesch motivéiert anzesetzen. Domatter géife just d’Stroossen a Brand gestach“.

Déi katalanesch Tëlee huet d’Manifestatiounen iwwerdroen, déi och an anere Stied vun der Provënz stattfonnt hunn. Hei notamment d’Manifestatioune vu Girona, Taragona a Lerida. Esouguer den FC Barcelona huet Stellung bezunn a mëttels Communiqué d’Verhaftung vun den aacht ofgesate Minister bedauert.

mam Gaël Branchereau an dem Laurence Boutreux/AFP

Foto: (Mëtt v.l.n.r.) De President vun der ANC, Agusti Alcoberro; d’Buergermeeschtesch vu Barcelona, Ada Colau, de Conseiller vu Barcelona, Gerardo Pisarello an de Leader vu „Calatunya Si“, Alfred Bosch. Si hunn sech mat Manifestante virun der „Generalitat“, hannert dem Wuert „Democracia“ opgestallt fir géint de „politesche“ Prozess ze demonstréieren. © Lluis Gene/AFP

Ähnlech Sujeten Carles Puidgemont, Jordi Quixart, Jordi Sanchez, Katalounien, Onofhängegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel