De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin
Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de
Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de
D’Partei vun den europäesche Lénken an déi Lénk verlaangen dat
Um Dënschdegowend huet et zu Käerjeng beim LSAP-Kongress eigentlech nëmmen
E Riichter zu Teheran huet eng sougenannt „rout Interpol Notiz“ géint US-Offizéier a politesch Mandatsdréier aus dem Ëmfeld vum US-President, an dëse gläich mat, ausgestallt. Si gi beschëllegt en Terroristeschen Uschlag an der irakescher Haaptstad Bagdad geplangt an ausgefouert ze hunn. Heibäi geet et ëm de Mord um Generol Quassem Soleimani zu Joresufank.
Wat wéi ee Witz kléngt ass batteren Eescht, a wann den US-President keng Gefor leeft verhaft ze ginn, esou ënnersträicht dës Mesure op en Neits wéi ugespaant d‘Bezéiungen tëscht Washington an Teheran sinn. Laut dem Procureur Ali Alqasi-Mehr, konnte 36 Persounen identifizéiert ginn, déi am direkten Zesummenhang mat dësem Attentat stinn. Den Iran huet d‘Hëllef vun Interpol ugefrot.
Et gëllt als erwisen, datt dësen Uschlag vum „CENTCOM“ – den zentralen US-Kommando mat Sëtz am Katar – op der Basis vun israelesche Geheimdéngschtinformatiounen ausgefouert ginn ass, den Uerder an d‘e Plang dozou vun héije politesche Mandatsdréier zu Washington ausgeschafft gouf. Datt den Donald Trump a säin Entourage fir d‘Aktioun verantwortlech sinn ass onbestridden.
Laut dem Riichter hätt den iranesche Geheimdéngscht d‘Käpp hannert dëser Aktioun ausgemaach, mee et wéilt een och d‘Operateure vun den Dronen, fir hir Dot zur Verantwortung zéien an et wier een zouversiichtlech, och déi nach identifizéieren ze kënnen. Ausser dem US-President, huet den Iran awer keng Nimm genannt. Et dierft sech awer ëm déi ganz US-Regierung handelen…
Interpol, déi hire Sëtz zu Lyon (Frankräich) huet, huet bestätegt esou eng „Demande“ säitens dem Iran erhalen ze hunn, wollten oder konnten awer näischt zu de Suitte soen, déi si dëser Ufro wäerten zoukomme loossen. Teheran huet nach drop higewisen, datt dës Haftbefehler och iwwert d‘Mandatszäit vun de Beschëllegte géifen oprecht erhale bleiwen. Mord verjäert bekanntlech net.
mat indymedia/tlv/lyo
Illustratioun: © Bill Oxford / unsplash