Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Tracing-App fir all Inder
International Neiegkeeten Stories

Eng Tracing-App fir all Inder

Keen huet d‘Absicht engem eppes opzezwéngen, dofir huet d‘Regierung vill

Keng Neiwahle virum Brexit
International Neiegkeeten Stories

Keng Neiwahle virum Brexit

Um leschte Sëtzungsdag virun der Zwangspaus wollt de Boris Johnson

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad
International Neiegkeeten Stories

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Um Mëttwoch, huet den US-Senat dem Donald Trump a Saudiarabien

Déi Istanbuler Hagia Sophia gëtt nees zur Moschee

Dat iewescht Verwaltungsgeriicht huet dem Sultan vun Ankara säi Wonsch erfëllt

Déi Istanbuler Hagia Sophia gëtt nees zur Moschee

Laut dem Geriicht ass d‘Hagia Sophia (ronn dräi Millioune Visiteuren all Joer) den Eegentum vun enger Stëftung, déi vum Sultan Mehmet II (den Eruewerer) gegrënnt soll gi sinn. Deen hat d‘Hagia Sophia am 15. Joerhonnert an vun enger kathoulescher Kierch an eng Moschee ëmfunktionéiert. A laut der „Stëftung“ wier d Gebai datt zanter laangem als Musée genotzt gëtt, eng Moschee.

Esou en hellegen Uert dierft dann och net engem aneren Zweck déngen, wéi der Ausübung vum Glawen. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, deen a sengem Land der Relioun nees méi Muecht an Afloss erméigleche wëll, war héich erfreet, datt d‘Riichter vum Verwaltungsgeriicht sengem Wonsch entsprach hunn, an dat ganz ouni dat hien do hätt missen „nohëllefen“.

A well d‘Urteel ganz a sengem Sënn gefält ginn ass, huet de Sultan direkt am Uschloss ugeuerdent, datt d‘Hagia Sophia nees fir d‘Gebiet opgemaach gëtt. Déi éischt offiziell reliéis Handlung soll esou de 24. Juli stattfannen. Ab dësem Dag a mat dësem Gebiet, gëtt aus dem Musée nees eng Moschee. Folgerichteg gëtt d‘Leedung vun der Hagia Sophia Moschee un d‘Reliounsverwaltung iwwerdroen.

HagiaDat zougehéieregt Dekret huet hien dann och schonn ënnerschriwwen a via Twitter der Welt esou och zougänglech gemaach. De Recep Tayyip Erdogan huet méiglech Kritiker dann och gewarnt. Si sollten d‘Entscheedung vun engem onofhängege Geriicht respektéieren. Wéi d‘Hagia Sophia géif genotzt ginn, wier eng Decisioun déi op de Souveränitéitsrechter vun der Tierkei berout.

D‘Moschee soll awer och weiderhinn alle Mënschen op stoen, de Mosleme wéi den Ongleewegen, an et géif och kee Geld fir den Zoutrëtt verlaangt ginn. D‘Fundamentalisten an der AKP, dem Sultan seng Partei, hu scho laang gefuerdert, aus der Hagia Sophia nees eng Moschee ze maachen. Et ass wichteg sech an der arabescher Welt zur Relioun ze bekennen, an et stäerkt tierkesch Positiounen.

Moskau an Athen si getouft

Wann et wuel de meeschte Mënschen dierft hanne laanscht goen, wat den tierkesche President mat senge Musée mécht, esou ass esou eng Decisioun awer och politesche Sprengstoff. Fir d‘Russen an d‘Griichen, déi drop hiweisen, datt d‘Hagia Sophia als orthodox Kierch am byzantinesche Räich vum Keeser Justinian I (6. Joerhonnert) gebaut ginn, ass d‘Ëmgestaltung eng eenzeg Provokatioun.

An tatsächlech, d‘Hagia Sophia war bal ee Joerdausend laang, déi gréisste Kierch vum Chrëschtentum an Haaptkierch vum byzantinesche Räich, an deem Keeser gekréint goufen. 1453 hunn sech d‘Osmane Konstantinopel (haut Istanbul) gekroopt, an de Sultan Mehmet II (1432 – 1481) huet dem Gebai 4 Minarette bäifüge gelooss an dat ganzt zu Moschee ëmbaue gelooss.

HagiaDe Mustafa Kemal Atatürk, Begrënner vun der tierkescher Republik hat 1934 säi Ministerrot derzou beweege kënnen, dëst historescht Gebai an e Musée ëmwandelen ze loossen. Griicheland an och Russland schwätze vun enger Provokatioun fir déi ziviliséiert Welt an och bei der UNESCO ass een éischter iwwerrascht, zemools dës Decisioun ouni „Dialog“ zustane komm ass.

Fir d‘Audrey Azoulay, UNESCO-Generalsekretärin, ass dat alles net novollzéibar: „D‘Hagia Sophia ass en architektonescht Meeschterwierk an een eenzegaartegt Zeugnis vun der Begéinung vun Europa an Asien am verlaf vun de Joerhonnerten. Säi Statut als Musée huet d‘Universalitéit vu sengem Ierwen erëmgespigelt an huet dëst Gebai zu engem staarke Symbol vum Dialog gemaach“.

An eigentlech huet et sech ëmmer gehéiert, datt wann een un engem Weltierwe Verännerunge wëll virhuelen, een esou eppes am Virfeld mat der UNESCO ofkläert. Theoretesch kéint d‘Hagia Sophia vun der Lëscht vun de Weltkulturierwe gestrach ginn. Dat awer wäert net geschéien, och wann ee sech dierft sécher sinn, datt dat dem Recep Tayyip Erdogan éischter egal ass.

De gleewege Sultan

Datt dem tierkesche President elo esouvill sollt dru geleeë sinn, aus der Hagia Sophia eng Moschee ze maachen, huet virun allem politesch Grënn. De Sultan féiert krich a Syrien (wou hien déi als Terroristen erkläerte Kurden ausläschen, oder zumindest verdreiwe wëll) an och a Libyen, wou hie versicht säin Afloss op de Mëttelmierraum ze stäerken. Den Dram vum Osmanesche Räich…

Dat alles kascht masseg Geld – an och déi eegen Täsche wëlle weider gefëllt ginn – firwat d‘Tierkei aktuell eng massiv Wirtschaftskris erlieft. Déi gëtt duerch d‘Covid19-Pandemie net besser an dem Sultan säi Stär fänkt un ze verblatzen. Hie ass längst net méi esou populär wéi hien dat gären hätt, a setzt elo seng Hoffnung op déi nationalreliéis Integritéit vun den tierkesche Bierger.

HagiaEsou ass et dann och keen Zoufall, datt d‘Uerteel vum Verwaltungsgeriicht op engem Freideg geschwat ginn ass. No bal 100 Joer Trennung tëscht Kierch a Staat, gëtt mat dësem Urteel déi nei Unioun zelebréiert an déi laizistesch Republik ass domadder offiziell ofgeschaaft. Dat huet dann och zur Folleg, datt all tierkesch reliéis Institutiounen am Ausland zu politeschen Acteure ginn.

Mat dësem virleefeg leschten Akt, kann elo kee méi behaapten, de Recep Tayyip Erdogan géif seng Muecht mat demokratesche Mëttel bestreiden. Elo muss och deem leeschte Mënsch dach kloer sinn, datt de Sultan vun Ankara alles dru setzt, aus der Tierkei ee reliéis dominéierte Staat ze maachen. Mee Lëtzebuerg vertraut weiderhi sengem NATO-Partner, dee jo nëmme friddlech Absichten huet.

mat indymedia/tlv

Foto: Als orthodoxesch Kierch gebaut, no der osmanescher Iwwernam vu Konstantinopel zur Moschee ëmgewandelt, dunn 1934 als Musée „neutraliséiert“ ass dëst Weltkulturierwen elo vum ieweschte Verwaltungsgeriicht nees zur Moschee erkläert ginn. © Adli Wahid / unsplash

Ähnlech Sujeten Hagia Sophia, Istanbul, Moschee, Recep Tayyip Erdogan, Weltkulturiewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel