Search

You may also like

Rekrutement bei der Police: Nei a vereinfacht Prozedure wëlle lackelen
Neiegkeeten Stories

Rekrutement bei der Police: Nei a vereinfacht Prozedure wëlle lackelen

Den aktuelle Personalmangel bei der Police bréngt Drock a Spannunge

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss
Neiegkeeten Stories

A wëll et esou schéin ass nach ee Chantier an der Eecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15. Februar

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen
Neiegkeeten Stories

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen

De Jean Asselborn, Europa- an Inneminister begréisst d’Decisioun vun der

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg

Schonn am Mäerz hate mir d‘Fro opgeworf… elo dräi Méint méi spéit dann de Bilan

Haislech Gewalt zu Lëtzebuerg

Datt de Confinement sech och am Kontext vun der haislecher Gewalt géif auswierken, dozou huet moien.lu versicht Äntwerten ze kréien. D‘Froen si bis haut onbeäntwert bliwwen, mee gëschter huet d‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Taina Bofferding (LSAP) zumindest emol de Bilan zur Gewalt, dee vum Kooperatiounscomité vun de Professionellen aus der Domaine vum Kampf géint d‘Gewalt virgestallt. Heibäi handelt et sech ëm de Rapport fir 2019.

An de Rapport, deen dem Ministère fir Chancëgläichheet virgeluecht ginn ass, enthält keng gutt Noriichten. Esou geet aus dësem ervir, datt d‘Police 2019, 849 mol huet misse wéinst haislecher Gewalt intervenéieren. Dat ass eng Zounam vum 15% géintiwwer 2018. Och d‘Expulsiounen, déi de Parquet „geneemegt“ huet ass vun 231 (2018) op 265 (2019) geklommen. Datt een sech do muss Suerge maachen, schéngt evident a mat enger Hotline ass et net gedoen.

Fir d‘Ministesch war et du gëschter awer méi wichteg op déi positiv Akzenter aus dem Rapport anzegoen. Esou ass et dem Taina Bofferding méi wichteg drop hinzeweisen, datt de Rapport méi wéi nëmmen eng Zounam vun der Gewalt u sech notéiert, mee virun allem géif oppe leeën, datt d‘Affer vun haislecher Gewalt sech ëmmer méi oft trauen no Hëllef ze froen, wat ganz wichteg wier, well „haislech Gewalt ass keng Privatsaach“.

HaislechDe Vertrieder vum Parquet, Laurent Seck, constatéiert sengersäits, datt d‘Gewalt an den eegene véier Wänn ëmmer manner toleréiert gëtt (vun den Affer) an datt ee mam Gesetz vun 2003, an deem d‘Méiglechkeet geschafe gouf den Aggressor „auszeweisen“, haut weess datt een esou Situatiounen net méi toleréiere kann. Leider interpretéiert de Laurent Seck d‘Situatioun esou:

[blockquote author=”” style=”1″]„D‘Leit verstoppe manner datt e Gewaltproblem gëtt, mee d‘Gravitéit vun de Faiten huet net zwangsméisseg zougeholl, wat d‘Differenz tëscht der Unzuel vun den Interventioune vun der Police an der Unzuel vun Expulsiounen erkläert“.[/blockquote]

Et waren awer, esou zumindest de Rapport, 1.337 Persoune vun haislecher Gewalt betraff an hei gëtt och däitlech gemaach, datt haislech Gewalt bei eis eng Realitéit ass, déi sozial Klassen a Communautéite betrëfft. D‘Frae sinn déi am stäerkste betraffe Grupp (64%), mee et gëtt och haislech Gewalt déi Männer betrëfft (36%). Datt ass dann och erwaardungsgeméiss bei den Täter genee ëmgekéiert. Zu de Kanner awer gëtt et keng Informatiounen.

Wéi eng Erkenntnisser gëtt et aus dem Confinement?

Nodeems moien.lu widderholl versicht huet bei den zoustännegen Instanzen a Ministeschen (Corinne Cahen, Familljeministère; Sam Tanson, Justiz; an Taina Bofferding, Chancëgläichheet) Äntwerten ze kréien, wéi eng spezifesch Mesuren am Kontext vum Confinement – ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie – geholl géifen, huet et gëschter en Usaz vun enger Stellungnam ginn.

Esou heescht dann elo, datt ee sech an der Regierung mam Opkomme vum Coronavirus an de Confinementsmesure scho Crainten hat, datt et zu enger Zounam vun der haislecher Gewalt komme kann. De Ministère hätt dann och direkt an an Zesummenaarbecht mam Kooperatiounscomité vun de Professionellen aus der Domaine vum Kampf géint d‘Gewalt Moossnamen ergraff, fir d‘Risiken ze begrenzen. Elo heescht et dann, et hätt e wëchentleche Suivi organiséiert.

De Laurent Seck huet dozou gemengt: „Wann d‘Police intervenéiert, schreift si ee Bericht an dann decidéiert de Parquet unhand der Gravitéit vun de Faiten, op den Täter expulséiert muss ginn. Dat ass eng Entscheedung mat wäitreechende Konsequenzen, vu datt den Täter da mindestens 14 Deeg op der Strooss steet. Eng Situatioun déi an der sanitärer Kris nach eppes méi komplizéiert ass. Mir hunn dat mat grousser Suerg verfollegt, mee dank der zur Verfügungstellung vun Hotelszëmmere konnt déi gelëft ginn“.

Firwat sengerzäit, wou moien.lu nogefrot huet, kee wollt doriwwer informéieren, datt de Ministère aus Virsiicht, no raimlechen Disponibilitéiten – dat esouwuel fir d‘Affer wéi d‘Täter – gesicht an dës verstäerkt huet, also zousätzlech zu de bestoenden Institutiounen, ass einfach onverständlech. Et kann een et awer och nodréiglech begréissen. An dat war wuel net vu Muttwëll, wéi d‘Zuelen engem noleeën:

Am Mäerz huet et 91 Interventioune ginn, déi 26 Expulsioune gefouert hunn. Am Abrëll war d‘Verhältnis 73 zu 19, an am Mee huet dëst bei 79 zu 23 geleeën. D‘Froen an d‘Suergen déi moien.lu beim Antrëtt an den Etat de Kris opgeworf huet, waren also net aus der Loft gegraff.

Wéi d‘Helpline genotzt ginn ass, dozou gouf dann awer keng Informatiounen, mee d‘Ministesch stellt fest datt de Site violence.lu am Abrëll iwwer 2.000 mol besicht ginn ass. Zum Vergläich: am Januar waren et e puer honnert Visitten. Interessant an dësem Kontext och, datt d‘Ministesch sech bis zum Deconfinement Zäit gelooss huet, fir da festzestellen:

„Et ass wichteg datt Frënn an d‘Noperen informéiert ginn, nolauschteren an och bereet sinn den Affer ze hëllefen, fir datt dës net eleng gelooss ginn, datt se wëssen, datt et Hëllef aus dem direkten Ëmfeld huet, wéi och vun de sozialen Déngschter, wéi och vum 113 wann Drénglechkeet besteet“.

Hei heescht et dann awer och nach, datt de genannte Comité festgestallt wëll hunn, datt et wärend dem Confinement net zu enger „substantieller“ Erhéijung vun den Interventiounen an Expulsioune komm ass, bezunn op déi Zuelen zu de Méint am Virjoer. Datt all Affer een Affer ze vill ass, gouf awer net festgehalen. Zudeem ass „substantiell“ am Kontext vun haislecher Gewalt ee schlecht gewielte Begrëff, wat sech un Constat vum Olga Strasser, vum Service d‘Assistance fir Affer vun haislecher Gewalt, festmaache léisst.

Esou heescht do, dat tëscht dem 1. Januar an dem 10. Juni 2020, 126 Expulsiounen ugeuerdent goufen. Am selwechten Zäitraum 2019, waren et der 103. Ronn 20% Zounam bei den Expulsioune sinn deemno keng „substantiell“ Erhéijung. Mee et ass richteg, datt een elo och keng hasteg Schlëss soll aus dësen Zuelen zéien. An deem Sënn kann ee begréissen, datt sech de Ministère engagéiert eng déifgräifend Analys zur Situatioun ze maache wann d‘Kris dann eriwwer ass.

Zudeem muss ee begréissen datt de Comité vun der Ministesch erwaart, datt an dësem Kontext, sech och der juristescher a polizeilecher Vergaangenheet vun den Auteuren unhëlt. Dat ass eng Fuerderung déi um Constat am Rapport berout, aus deem ervirgeet, datt 2019, 38% vun den Auteure vun haislecher Gewalt, Widderhuelungstäter waren…

Illustratioun: © Sydney Sims / unsplash

mam Laure Schlesser

Related topics haislech Gewalt, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Parquet, Police, Taina Bofferding
Next post Previous post