Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

KPL: d’Arméi muss ofgeschaaft ginn!
https://moien.lu/best-dating-site-dc/ Kultur dating site make money

https://moien.lu/wenn-man-single-bleibt/

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz

online dating chancen
https://moien.lu/best-dating-site-dc/ Kultur dating site make money

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner

Nodeems hien alles dru gesat huet d‘Sanktioune géint den Iran

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!
https://moien.lu/best-dating-site-dc/ Kultur dating site make money

Den Hugo Gernsback ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger an der Science Fiction. Fann hei eraus, firwat!

Vum Hugo Gernsback héiert een an der Lescht ëmmer méi.

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Tëscht Leed an Laachen

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action Avenir Haïti, zesumme mat Angels for Haiti Luxembourg gëtt vum 29. Abrëll bis zum 4. Mee inclus am Shopping Center Belle Etoile eng Expo presentéiert.

Bei der haitianescher Woch kritt een nieft der Ausstellung och d’Méiglechkeet fir Projektiounen oder och Concerte vun den 2 Asbl’en, déi am Land selwer immens aktiv sinn, mat ze erliewen. D’Associatioun Angels for Haiti Luxembourg ass nämlech nom Äerdbiewen am Joer 2010 gegrënnt ginn. Action Avenir Haiti existéiert scho säit 2004 a kann dofir dëst Joer säi 15. Gebuertsdag feieren.

Haiti

Eent hu si awer alle béid gemeinsam: D’Educatioun an déi professionell Formatioun an Haiti ënnerstëtzen, sou wéi d’Ëffentlechkeet iwwert d’Problemer an den Drëtt-Welt-Länner, wéi och Haiti selwer ze informéieren. No enger Sensibiliséierungswoch am Joer 2008 mam Titel „Haiti Existe“ wäert d’Ausstellung „Haïti – entre Peine et Sourire“ de Visiteure mat Fotoen, Vitrinnen, Projektiounen an Informatiounsmaterial béid Säite vum Land virstellen: Oft gesäit een déi negativ Säit, déi duerch Aarmut, Gewalt, Zerstéierung a Chaos ervirstécht. Dobäi gëtt et hei och déi manner bekannt Säit, mat wonnerschéinen Dierfer, enger räicher Kultur an enger lieweger Populatioun, déi Freed um Liewen hunn!

De Schluss vun der Expo um 4. Mee gëtt musikalesch begleet vun engem exzeptionelle Concert, zesumme mam haitianesche Sänger Bob Bovano. Um 16:00 Auer wäert de Reggea-Sänger eis mat senger Musek een Abléck an d’Problemer vun eisem Planéit ginn. Als international gefrote Museker wäert och Dir hie vläicht schonn op deem eng oder anere Lëtzebuerger Festival oder Concert héieren hunn.

Wärend der ganzer Ausstellung wäerte Membere vun den zwou Associatiounen zur Verfügung stoe, fir all är Froen ze beäntweren an een méi déiwen Abléck an d’Land ze offréieren. Am Shop kritt Dir zudeem d’Méiglechkeet fir verschidden typesch Produiten aus Haiti ze kafen. Bei weidere Froe kann ee sech gären bei Action Avenir Haiti (comite@aah.lu) oder Angels For Haiti (angelsforhaitiluxembourg@gmail.com) mellen.

Ähnlech Sujeten Action Avenir Haïti, Angels for Haiti, Ausstellung, Belle Etoile, Haiti
Nächsten Artikel Virrechten Artikel