Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt
International Neiegkeeten

Grouss Maniff an Israel géint e Gesetz dat „Leihmutterschaft“ fir homosexuell Koppele verbitt

Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
International Neiegkeeten

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz
International Neiegkeeten

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys

Halbzeit vum trumpsche Mandat: eng Perséinlechkeetsanalys

E Sonndeg war et op den Dag genee zwee Joer hir, datt de Milliardär a Star vun der Tëlee-Realitéit, Donald Trump säi Mandat als 45. President vun Amerika ugetrueden huet.

De Klautjen huet der Weltpolitik an de laangjärege Partner vun den USA Stéiss ginn, esou eppes hat et esou nach net ginn. Seng „onkonventionell“ Aart a Weis, déi onbekannte Wuertgewantheet a seng Qualifikatioun als Twitter-Auteur… Véier Mënschen déi bal all Dag mat him ze dinn hunn bidden eng Analys.

De Wee ass d‘Zil

De Journalist John Gizzi ass de Korrespondent vum Grupp „Newsmax“. Dëse Mediegrupp gëllt als pro-republikanesch a konservativ. De John Gizzi, deen déi amerikanesch Politik schonn zanter dem Jimmy Carter couvréiert, zeechent e ganzt eegent Bild vun dëser presidentieller Halbzeit.

„Et ass näischt Hallwes an näischt Ganzes. Seng gréisste Qualitéit als President? Hie verfollegt prezis Objektiver: d‘Steierreform an déi illegal Immigratioun, sinn national Prioritéiten, International wëll den Donald Trump net méi, datt d‘USA de Gendaarm vun der Welt sinn. Et ass net verkéiert eng kloer Linn ze hunn, ze wësse wouhinner ee wëll. Mee wéi hien déi Ziler och erreeche kann, dat ass säin eigentleche Problem“.

E Spiller

Eng Ikon vum US-Journalismus, de Bob Woodward vun der Washington Post, an unerkannten Auteur vu politesche Bicher, huet eng ganz eege Siicht op d‘Aarbecht a Liewe vum Donald Trump. Hien huet am Hiecht mat „FEAR – Trump in the White House“ dem US-President net wierklech et Kaddo gemaach. Wat déi zwee Joer Amtszäit betrëfft, esou mengt de Bob Woodward:

Mandat

„De President agéiert a Funktioun vu sengen eegene Pulsiounen oder Reflexer. Seng Beroder froen hien ‚wéi sidd dir op dës Iddi komm?‘ an hien äntwert ‚dat denken ech schonn zanter 30 Joer. Wann dir net mat mir averstane sidd, dann hutt dir Onrecht‘. Déi wirtschaftlech Situatioun, d‘Bezéiung mat China oder Nordkorea… et ass wéi den Donald dat mat de Wierfele géif entscheeden, hien ass e Gambler“.

Net wierklech chaotesch, mee…

Si war matten dran, hat souzesoen e Liewen am A vum Orkan. Rieds ass vum Dana White, dat zum Joreswiessel säi Job als Spriecherin vum Pentagon geschmass huet, nodeems hire Chef, de Generol Jim Mattis sech vu sengem President getrennt hat. Si ass wuertgewant an awer méi zréckhalend, a beschreift eng Administratioun, déi et schwéier huet dem Trump seng Entscheedungen ze verstoen.

„Et ass net wierklech chaotesch, mee et ass… anescht. Hien huet en anere Stil vun der Gouvernance an trëfft seng Entscheedunge ganz séier. Et hien dee beispillsweis iwwer d‘Aussepolitik entscheet. Dann ass et un den ënnerschiddlechen Administratiounen seng Entscheedung ëmzesetzen. Fir déi Leit wou mat him schaffen, verlaangt et Upassung. Ech sinn der Meenung datt et him gelongen ass d‘Wirtschaft nei opzestellen, mee hie beim Respekt géintiwwer eise Partner besser muss ginn“.

Verréckt? Net auszeschléissen…

Wann ee sech e Bild vum US-President maache wëll, sollt ee sech och e Bléck an de Kapp vum Donald Trump woen. Eng Aufgab déi mir dem unerkannte Professer a Psychanalyst Justin Frank (Universitéit George Washington) iwwerlooss hunn. Deen hat am Hiecht 2018, e flotten Essai zum US-President verëffentlecht „Trump on the Couch“. An hien zeechent eis en drolegt Bild vun engem net manner drolege Personnage.

Mandat

„Ech beschreiwen e Mënsch deen ni vu sengen Eltere kontrolléiert oder beherrscht ginn ass. Hien huet also eleng misse géint seng Ängschten ugoen, wat erkläert, datt hie geléiert huet ze dirigéieren et seng Ängschten op anerer ofzeleeën, an enger Aart a Weis, datt et hien ass deen ee fäert. Hien huet seng Ängschten ni beherrscht, an entleedegt sech hinne mat sengen Tweets. De Problem: hien ass doduerch net amstand nozedenken, trëfft Entscheedungen no Gefill“.

Domatter dierft kloer sinn: ee wéi den Donald Trump ze verstoen, dat ass éischter eng Saach vun der Onméiglechkeet. D‘Meenungen zu dësem – jo awer fir de Weltfridde geféierleche Mann – gi wäit ausenaner, mee beim „Kapp“ sinn sech déi meeschten eens. De Locataire aus dem Wäissen Haus huet eng mat der Dänn, a schéngt sech domatter ganz wuel ze fillen.

Ähnlech Sujeten Bob Woodward, Dana White, Donald Trump, Halbzeit, John Gizzi, Justin Frank, US-President
Nächsten Artikel Virrechten Artikel