Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
https://moien.lu/stanley-bedrock-plane-dating/ dating namibia swakopmund

https://moien.lu/dating-supply-and-demand/

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

https://moien.lu/dating-inmates-sites/
https://moien.lu/stanley-bedrock-plane-dating/ dating namibia swakopmund

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv
https://moien.lu/stanley-bedrock-plane-dating/ dating namibia swakopmund

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!

HALESTORM – Weiblech Power fir pur Faszinatioun!

Gëschter Owend huet déi US-amerikanesch Rockband Halestorm am Atelier performt. Mat der kräfteger Stëmm vum Lzzy Hale, dreiwende Beats an rockege Gittar-Riffs hu si hir Fans esou eppes vum Hocker gerappt. An déi ganz Show iwwer konnt ee sech just eppes froen: Wou hëlt déi Fra dës Stëmm hir?

Esou munch Leit komme bei engem Concert extra eréischt fir den Haaptact – wat hei Halestorm sollt sinn – fir esou déi eventuell manner professionell Virgrupp net matzekréien. Wien gëschter Owend och esou gehandelt huet, majo deen huet eppes verpasst! Fir eng déck hallef Stonn huet Goodbye June aus Nashville nämlech dem Publikum uerdentlech ageheizt. Mat hirem rockege Sound ginn d’Museker eng Mëschung aus AC/DC an Greta Van Fleet an. De Stil vum ale Rock huelen si souwuel musikalesch, wéi och äusserlech op, wouduerch een hinnen immens gären nogekuckt huet bei hirem Gig!

Halestorm

Halestorm © Shari Pleimelding/moien.lu

Léift ass heiansdo bësseg, d’Lzzy awer och!

Vun der éischter Sekonn un huet Halestorm bewisen, wisou si scho säit 1997 hiren Dram liewen. Mat esou héije Plateau-Schong, datt een d’Sängerin och vun der leschter Rei aus gutt gesinn huet, ass si wärend annerhallwer Stonn, equipéiert mat Mikro a Gittar iwwert d’Bühn gefeegt. Mat Lidder wéi „Love Bites (So Do I)“ oder „Vicious“ huet Halestorm, trotz Hëtzt, de Publikum zum Sprangen, Danzen a Jäize bruecht.

Mam Lzzy als Sängerin beweist dës Band säit iwwer 10 Joer, wéi eng Kraaft Frae kënnen hunn. Hätte mir nämlech esou gesongen a performt wéi dës Fra, da wiere mir schonn no 10 Minutten hees vun der Bühn gekippt. Mat immenser Energie, Léift zur Musek an ganz vill Humor sinn et zum Schluss nach eng ganz Rei Zugabe ginn. D’Fans wollten d’Band eben nach net Heem goe loossen, verständlech.

Halestorm

D’Lzzy Hale vun Halestorm © Shari Pleimelding/moien.lu

Et gëtt jo oft gesot, datt d’Zäit, mat Leit déi ee gären huet, schnell ëmgeet. Ähnlech war et och bei dësem Concert an esou konnt een et bal net gleewen, wéi dat lescht Lidd ugespillt ginn ass. De Publikum sollt awer net einfach dervu kommen, wouduerch Halestorm dat lescht Lidd esou wäit an d’Längt gezunn huet, wéi et nëmme méiglech war.

Mir kënnen einfach nëmme soen, datt et fir d’Fans vu méi haarder Musek ee fantasteschen energiegeluedenen Concert war! Donieft muss een zouginn, datt et wierklech schéin ze gesinn ass, wa Bands ëmmer hiert Bescht ginn, egal wéi grouss oder kleng de Publikum ass. Am Verglach zum Optrëtt um Rock am Ring 2019 huet Halestorm nämlech op mannst genau esou vill Energie a Léift an den Owend gestach, an dat vir e puer honnert Leit ze ënnerhalen. Iwwerzeegt hu si op alle Fall!

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Concert, Den Atelier, Goodbye June, Halestorm, Love Bites, Vicious
Nächsten Artikel Virrechten Artikel