Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ADR – Fraen: Richteg Politik fir d’Fraen amplaz e falsche Streik!
Kultur Neiegkeeten

D’ADR – Fraen: Richteg Politik fir d’Fraen amplaz e falsche Streik!

D’ADR Frae wënschen haut alle Fraen e ganz schéine Feierdag!

surprise
Katalounien: Grouss Maniff fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier
Kultur Neiegkeeten

Katalounien: Grouss Maniff fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier

Honnertdausende Manifestanten hunn um Samschdeg zu Barcelona d‘Fräiloossung vun de

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!
Kultur Neiegkeeten

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!

Beim Ubléck vun dëse Biller kéint ee mengen, datt entweder

Halloween Night am Ciné Scala – Do ginn engem d’Schudderen aus!

Halloween Night am Ciné Scala – Do ginn engem d’Schudderen aus!

Um 31. Oktober ass et nees esou wäit: Doudeg Gestalte briechen aus hire Griewer aus, Geeschter erschrecken d’Zivilisatioun an grujeleg Gesiichter erféieren d’Mënschheet. Sécher ass een do wuel just am Kino, oder och net? Um Owend vun Halloween offréiert de Ciné Scala zu Dikrech eng Soirée voller Héngerhaut-Momenter, kalem Angschtschweess an zidderege Gemidder. Mat Scary Stories To Tell In The Dark an 47 Metres Down: Uncaged huet ee sech zwou jonk Horrorgréissten erausgesicht!

Esou lues geet et un d’Preparatioune fir dëse grujelegen Owend. En Kombinatioun aus Popcorn, Angscht an dem Schutz vun de faarwege Kinossëtzer erwaart Iech. Mee ëm wat geet et eigentlech bei den zwee Filmer, déi un der Halloween Night um Programm stinn?

Halloween Night

Scary Stories To Tell In The Dark (2D, DE)

Lass geet den Horrorowend um 19:30 Auer mam US-amerikaneschen Horrorfilm Scary Stories To Tell In The Dark. Ënnert der Regie vum André Øvredal kënnt d’Wierk, no der Inspiratioun un der Grujelgeschicht vum Alvin Schwartz aus den 90er Joren, pünktlech zu Halloween eraus.

D’Handlung dréit dobäi ëm déi kleng Stad Mill Valley an den USA am Joer 1968. Ee Grupp un Teenager, déi vum Stella ugefouert gëtt, fënnt an engem verloossenen Haus ee mysteriéist Buch. Geschriwwe vum Sarah Bellows , wat selwer an dësem Haus gewunnt huet, mussen déi jonk Meedercher op eng schockéierend Aart a Weis iwwert déi geheimnisvoll Fäegkeete vum Sarah erausfannen.

D’Buch ka Gedanke liesen. Et beschreift grujeleg Geschichte ronderëm d’Ängschten vun de Meedercher. „Dir liest d’Buch net, d’Buch liest Iech!“ Wéi gesäit et aus mat der Kontroll vum eegene Liewen? Kann d’Buch zerstéiert ginn? A wéi eng Geschichte mussen nach geschriwwe ginn, bis den Horror een Enn huet?

47 Metres Down: Uncaged (2D, OV)

Zäit fir sech ze berouegen, bleift net. Schonn um 22 Auer geet et weider mat 47 Metres Down: Uncaged, engem grujelege Kampf ëm d’Iwwerliewen, ënnert der Direktioun vum Johannes Roberts.

Eigentlech woussten d’Meedercher, datt dës Plaz Geforen an Aventure mat sech bréngt. Nodeems si sehc dozou entscheet hunn, bei der aler Maya-Stad, déi komplett ënner Waasser versonk ass, tauchen ze goen, hätten si net mat esou engem bluddegen Ausgang gerechent. Nodeems ee Kolleg vun engem Hai déidlech attackéiert gëtt, kënnt et zur Kettereaktioun an d’Meedercher mussen een Wee aus dem endlose Labyrinth aus vergiessenen Zäite fannen.

Déier géint Mënsch, Hai géint Taucher – wie kann de Kampf gewannen? Fënnt wéinstens ee vun hinnen de Wee a Sécherheet?

Dir wëllt mat dobäi sinn? Da maacht mat bei eisem Gewënnspill – Nach bis den 30. Oktober kënnt Dir deelhuelen!

Zum Ciné Scala

Et ass emol nach net esou laang hir, datt de Ciné Scala seng Dieren am modernen Design fir d’Kino-interesséiert Persounen aus der ganzer Groussregioun opgemaach huet. Um ehemoolegen Terrain vun der Holzindustrie, ganz no un der Gare a mat zuelräiche Parkméiglechkeeten, kënnt een net laanscht ee Besuch vun dësem eenzegaartege Kino.

Mat 473 Plazen fir Film-begeeschtert Leit vun all Altersgrupp, déi et sech op de faarwefroue Sëtzer gemittlech maachen dierfen, kann d’Erliefnis aus der 4K Projektiounstechnik a senge gestache schaarfe Biller, wéi och engem fantasteschen Dolby Atmos Soundsystem starten. Sief et déi neist Blockbuster, oder och national Wierker, am Ciné Scala zu Dikrech bleift kee Wonsch oppen.

Ähnlech Sujeten 47 Metres Down: Uncaged, Angscht, Ciné Scala, Grujeleg, Hai, Halloween Night, Horrofilm, Kino, Scary Stories To Tell In The Dark
Nächsten Artikel Virrechten Artikel