Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!
dating syrian girl

Dem Premier seng Ried iwwert d’Lag vun der Natioun war e Verrot un de Jonken!

E Wuesstemsmodell, deen u seng Grenze stéisst, Logementspräisser, déi d’Grenz

https://moien.lu/gay-dating-costa-del-sol/
dating syrian girl

free online dating no money involved

De delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) hat de

Schluecht ëm Raqqa an de finaler Phas
dating syrian girl

Schluecht ëm Raqqa an de finaler Phas

Den Islamesche Staat (IS), oder besser gesot dat wat nach

Halogen war gëschter… haut muss et eng LED sinn“

Halogen war gëschter… haut muss et eng LED sinn“

Zanter dem 1. September ass et an der EU verbueden Halogen-Luuchten ze verkafen. Déi wieren ze gurmangseg mam Stroum. Mee et gëtt natierlech nach Ausnamen.

Manner Stroum verbrauchen ass gutt fir de Portmonni an d‘Ëmwelt, dat weess mëttlerweil all Mënsch. Mee de Mënsch ass och e Gewunneschtsdéier a mat „Ëmstellungen“ huet deen nach esou seng Problemer. Wien deemno nach net fir de „Wiessel“ bereet ass, kann nach emol kuerz opootmen, well esou laang wéi „seng“ Halogen-Luuchten nach op Stock sinn, dierf en se och kafen.

Et gett awer gutt Nouvellen. D‘Tendenz op „LED“ ëmzeklammen ass do, a wann een der Branche gleewe kann, huet den Ëmsaz beim Verkaf vu LED-Luuchten am leschte Joer eng Progressioun vu 5% verzeechent. A ville Geschäfter läit de Verkaf vu LED-Luuchten dann och no u 50%. Si keng Halogen-Luuchte méi um Maart, kënnen nëmmen nach déi agesat ginn, déi een op Reserv huet.

LED-Luuchte ginn ëmmer méi bëlleg

Dobäi leien d‘Virdeeler vun den LED-Luuchten op der Hand. Se verbrauchen däitlech manner Stroum an hale wesentlech méi laang. Gutt, se sinn entspriechend méi deier, firwat net jidderee direkt alles ëmstelle wëll, zumindest esou laang, wéi déi Luuchten déi een huet, nach hiren Déngscht leeschten. Woubäi d‘Präisser mëttlerweil zolidd erofgaange sinn.

Esou hätt een nach virun zwee Joer, tëscht 30 a 50% méi fir d‘Ëmstellung vun Halogen op LED misse bezuelen. An d‘Präisser sollen, esou d‘Aussoe vun der Branche, nach weider falen. Et ass zudeem erwisen, datt och d‘Qualitéit vun der Beliichtung selwer, ëmmer besser gëtt, an d‘LED-Luuchten zudeem ëmmer méi „intelligent“ ginn. Wann engem do kee „Liicht opgeet“…

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten EU-Direktive, Halogen-Luuchten, LED-Luuchten, Stroum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel