Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag 2019: Déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie
International Kultur https://moien.lu/compatibility-dating-questions/

flynn and alisha dating

Den Optakt vun de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag huet gëschter déi

dating anxious
International Kultur https://moien.lu/compatibility-dating-questions/

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag
International Kultur https://moien.lu/compatibility-dating-questions/

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Den OGBL-Departement „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ an

Hamburger Konschtveräin: Einfach emol Dildoen kucke goen!

Hamburger Konschtveräin: Einfach emol Dildoen kucke goen!

Um vergaangenen Donneschdeg ass déi bëssi méi speziell Ausstellung vun der Musekerin a Kënschtlerin Peaches am Hamburger Konschtveräin opgaangen. Mat Whose Jizz Is This? presentéiert déi däitsch Hansestad een Universum aus Vulven, Sexspillsaachen a fiichte Fantasien. D’Schëld an der Entrée mam Saz „Wann ech gelift entscheet selwer, ob Dir Iech de Spaass gënne wëllt“ sollt een hei wuel eescht huelen.

D’Peaches feiert säin 20 järegt Bühnejubiläum an huet dofir eng ganz besonnesch Eenzelausstellung op d’Been gestallt. Bei Whose Jizz Is This?, wat iwwersat Wiem säin Ejakulat ass dat? heescht, gëtt ee villsäitegt Wierk aus Musek, Live Performances, Fotoen, Skulpturen, Filmer an Texter gebueden. Op eng ganz besonnesch Aart a Weis wëll d’Kënschtlerin sech esou mat Themen, wéi Sex, Feminismus, Queerness, Gender a Politik vum neie Joerdausend ausenaner setzen.

Peaches

© Fred Dott/ Hamburger Kunstverein

De Visiteur gëtt konfrontéiert mat enger Panoplie u verschidden arrangéierte Brëscht, Penissen a Vulven. An de Raimlechkeete léieren d’Masturbatoren bemol schwätzen a sangen, ginn esou reegelrecht zum Liewen erwächt. A wie sech elo denkt, wéi een op esou eng verréckt Iddi nëmme komme kann, dee sollt sech emol d’Karriär vun der mëttlerweil 52 Joer aler Musekerin ukucken.

Peaches

© Fred Dott/ Hamburger Kunstverein

Peaches

© Fred Dott/ Hamburger Kunstverein

Hir Bühneshow ass nämlech generell eng Mëschung aus Punkkonzert a Sexshow. Lidder, wéi „Fuck the Pain Away“ oder och „Vaginoplasty“ muss ee schliisslech och op der Bühn gerecht ginn. Generell wëll d’Sängerin, déi eigentlech Merrill Beth Nisker heecht, Geschlechtergrenzen opbriechen. Besonnesch gutt geléngt hir dat, andeems si verschidde Begrëffer ëmännert, sou datt Motherfucker bemol och zum Fatherfucker gëtt an net nëmmen d’Fraen opgefuerdert ginn hir Brëscht ze weisen, mee och d’Männer, fir hir Box erofzeloossen.

Peaches

© Fred Dott/ Hamburger Kunstverein

Am Mëttelpunkt vun der Ausstellung, déi nach bis den 20. Oktober gewise gëtt, stinn d’Fleshies, wat iwwersat esou vill wéi Fleeschien bedeit. Laut der Kënschtlerin hu sech dës Skulpture selwer esou benannt, fir hir ganz Erzielung nei schreiwen ze kënnen. Géift Dir Iech et ukucken?

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Dildo, Hamburger Konschtveräin, Konscht, Musék, Peaches, Sexspillsaachen, Vulva
Nächsten Artikel Virrechten Artikel