Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
Neiegkeeten Stories

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

love
D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv
Neiegkeeten Stories

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv

D’Universitéit Lëtzebuerg hëlt sech scho länger dem Thema vun der

cool
Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall
Neiegkeeten Stories

Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall

Et gëtt vill iwwert d’Digitaliséierung geschwat. Mee nëmme déi mannst

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Den André Wiesen an de Paul Schroeder sinn déi dreiwend Kraaft hannert der ONG Hand an Hand fir Afrika. Si kënnen op vill Ënnerstëtzung aus dem Ëmfeld vum Autosport zielen, an hunn trei Sponsoren déi hinnen de Réck stäipen. Wann och dir der Meenung sidd, dat sollt een ënnerstëtzen, da maacht dach en Don op de Kont: CCRA LU19 0090 0000 0674 2712
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
De Service war wéi d‘Iessen: Perfekt. An et dierf ee soen, datt sech d‘Männer dat och gefale gelooss hunn. Wie gëtt net gäre Verwinnt? © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Bëtz goufe keng gemaach, an d‘Taart déi engem hei ënnert d‘Nues gehale gouf, an dann och nach mat engem Flapp Schlagsahn versi war, jo do kann een net refuséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Bei der Tombola, och wann all Lous e Gewënner ass, wëll ee säi Choix dann awer mam néidege Fangerspëtzegefill treffen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Et war alles esou lecker, do freet ee sech um dann tatsächlech, wou se nach den Dessert ënner Daach kritt hunn. Mee bon, mir soe jo: „léiwer e Bauch vum Iessen, wéi e Bockel vum Schaffen“. An d‘Haaptsaach et huet geschmaacht. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
An nach eng Band lëschteg Gesellen, déi zanter Jore virun, hannert a wann et muss sinn, och nieft der ONG stinn. Bei hinnen ass gutt Laun Programm, wat si net drun hënnert och eng zolidd Hand mat unzepaken, ouni datt gelaacht gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Eis „Bomien“ vun der Gar. Si sinn e wichtege Pilier vun der ONG, hu keng gutt an der Kopp, dofir en Häerz esou grouss wéi en Autobus. An esou laang wéi si Freed um Projet hunn, wëllen si och – am Kader vun hire Méiglechkeeten – hire Bäitrag leeschten. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Se sinn ëmmer do wann se gebraucht ginn, an hei huet emol eng Kéier net musse geschafft ginn. Dofir haten si vill gutt Laun am Gepäck, an et sinn och déi eng oder aner Spiichte gedriwwe ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Bei der grousser Manche vum Autocross, ass och ee ganz flotte Betrag zesummekomm. Mat 5.000 Euro, déi integral fir d‘Kanner an der Elfebeeküst bestëmmt sinn, ee Weekend dee sech gelount huet. Hei ee ganz besonnesche Merci un all déi Benevoller, ouni déi een esou eng Course net organiséiere kann. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Iwwert d‘Donateuren an d‘Sponsoren si bis ewell 5.120 Euro fir d‘Kanner vu Katiola zesummekomm. Wien hei och eng Hand wëll upaken, kann dat mat eng Spend op de Kont CCRA LU19 0090 0000 0674 2712 maachen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Hei ass Autocross Tromp. Mam Tania Schleich (Autocross Team Lëtzebuerg – dat ass d‘Knetzel an der zweeter Rei riets) an dem Mirco Olivi (Olivi Racing Team – dat ass dee frëndlechen Här an der éischter Rei lénks). © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Op Stockcar oder Autocross, wann et pätscht an no Bensin richt, da sinn si net wäit ewech. An der Asbl Hand an Hand fir Afrika ënnert d‘Äerm gräifen, mëttlerweil selbstverständlech. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Eppes Gutts z‘iessen, e leckere Patt war och nach dran, an domatter e gudden Zweck ënnerstëtzen... hinnen ass et wierklech net schwéier gefall, der Aluedung vun der Asbl Hand an Hand fir Afrika folleg ze leeschten. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Sponsor a Blummenhändler… d‘Firma Vry vun Helleng ass vun der éischter Stonn un mat derbäi. Si haten dann och vill gutt Laun mat bruecht. © Martine de Lagardère/moien.lu
Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
Während déi nach beim Comptoir um „Apero“ waren, haten sech déi éischt schonn emol eng Plaz um Dësch geséchert. De Menü war awer och lackeleg. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dëse Weekend hat d‘ONG „Hand an Hand fir Afrika“ zu senger Benefizveranstaltung op Helleng agelueden. No engem erfollegräiche Joer an der Organisatioun vun enger SWS-Autocross-Manche um Circuit vun Helleng, war et Zäit de Bilan ze maachen, an d‘Schecken ze iwwerreechen.

Et hätte sécherlech eppes méi Leit kënnen do sinn, mee d‘Veranstaltung war nawell gutt besicht, an virun allem war d‘Stëmmung beschtens. De „Papp“ vun der Asbl Hand an Hand fir Afrika, Paul Schroeder huet sech iwwert all Mënsch gefreet deen de Wee op Helleng fonnt hat, dorënner eng ganz Rei Benevoller, déi net nëmme beim Autocross mat zwou Hänn upaken.

An iert zu der Iwwerreechung vun de Schecke konnt kommen, hunn de Paul Schroeder an den André Wiesen, nach emol e Réckbléck, op déi nach jonk Geschicht vun der ONG Hand an Hand fir Afrika, gemaach. Lass gaangen ass dat ganzt dann awer schonn am Joer 1992. Deemools huet de Paul Schroeder am Kontext vun enger Rees an de Kenia, de schwaarze Kontinent entdeckt.

E puer Joer drop, mir schreiwen d‘Joer 1995, huet sech de Paul enger ONG ugeschloss, déi an der Elfebeeküst mat Hëllefsprojete beschäftegt war. Hien hat et dann och direkt ganzer dräi Méint op der Plaz ausgehalen. An dat risegt Land mat senger wonnerschéine Landschaften, mee och déi vill léif Mënschen, déi him deels iwwer de Wee gelaf sinn, haten him et ugedoen.

Dorops hin huet de Paul, mat senge Moyene wuel verstanen, éischt kleng eege Projete realiséiert. Hien huet sech net vum Biergerkrich (2002-2010) ofhale gelooss, an d‘Elfebeeküst ze reesen, wou hien an den Dierfer „Kantinnen“ fir Schoulkanner opgeriicht huet. Eng Wichteg Aktioun, well och wann et „Liewensmëttelratiounen“ ginn huet, esou huet et och eng Kiche misse ginn.

Bass de verréckt?

Héich Transportkäschten an d‘Sue fir de Fligerticket hunn um Budget geknat, an dat huet dem Paul net an de Krom gepasst. Well hie schonn eppes Erfahrung gesammelt huet, an och an dësem afrikanesche Land e gutt Gefier gäre gesinn ass, ass et 2006 déi éischte Kéier mam Auto op d‘Rees gaangen. Et si knapps 8.000 Kilometer, op deene Gefier a Chauffeur op d‘Prouf gestallt ginn.

Am Dezember 2010 huet sech den André Wiesen ugeschloss. Ka jo net esou wäit sinn, bis op déi Elfebeeküst, muss hien sech geduecht hunn. Hätt hien deemools gewosst, datt et iwwer dausende Kilometer ewech kee Béier gëtt… Bon, elo weess hien et an awer geet et nees all Joer dorower. Et huet een schliisslech Charakter. Vun doheem an de Frënn ënnerstëtzt ze ginn, motivéiert jo och.

Béid Frënn ënnersträichen dann nach, datt et vill Schéines, mee grad esouvill Misär ze gesi gëtt. Déi wëllen si mat hire Moyene bekämpfen. Kanner déi näischt z‘Iessen hunn, deels op der Strooss liewe mussen an net an d‘Schoul goe kënnen, dat ass en Zoustand deen de Paul an den Änder verännere wëllen. An esou sinn d‘Gefierer an den Ëmfang vun der Hëllef mat der Zäit méi Grouss ginn.

No der Hëllefsaktioun am Wanter 2016, sinn si vu RTL ugeschwat an, an d‘Sendung „Planet People“ ageluede ginn. Hei konnten si laang a breet erkläre wat a virun allen firwat, si dëse beschwéierleche Wee all Joer op sech huelen. Si konnten sech uschléissend dem Zousproch kaum nach erwieren, an esou gouf entscheet d‘ONG Hand an Hand fir Afrika ze grënnen.

Konsequent transparent

D‘Asbl Hand an Hand fir Afrika ka sech mëttlerweil iwwert vill Ënnerstëtzung an Ënnerstëtzer freeën. Vill Hänn wierken am Hannergrond, egal ëm wat et grad geet, d‘Haaptsaach et dréit derzou bäi, datt déi nächst Aktioun op enger zolitter Grondlag opgebaut ka ginn. Esou gelaangt Material fir d‘Schoulen, d‘Kichen a wat soss nach alles gebraucht gëtt dohinner wou et benéidegt gëtt.

Dofir haten de Paul an den Änder dann och vill „Mercien“ auszeschwätzen, an et ass egal op et en Don vun 10 oder 100 Euro war, jiddereen ass ernimmt ginn. Eng Prozedur déi hinne gutt zu Gesiicht steet. Si handhaben et och esou op hirer Facebooksäit. Wichteg ass, datt keng Zweiwel iwwert d‘Destinatioun vun den Donen opkommen, all Cent gëtt wierklech op der Plaz agesat.

Hei stellt sech natierlech d‘Fro, firwat d‘Asbl eng Autocross-Course organiséiert, wann all Cent gebraucht gëtt. Hei kéint een elo wäit aushuelen, mee et muss engem duer goen ze wëssen, datt de Paul, den Änder a vill hëllefend Hänn „Bensin am Blutt“ hunn. Zudeem gëtt den Event vu ganz engagéierte Sponsore gedroen. Den Haaptsponsor ass iwwregens „Nico Reding Auto Sport Shop

Dëst Manche, déi am Kontext vun der Südwestdäitscher Meeschterschaft zu Helleng ausgedroe gëtt, huet dëst Joer den 2. an 3 Juni stattfonnt. Et wieren nëmme wéineg manner Zuschauer wéi nach 2017 gewiescht, firwat nees eng uerdentlech Zomm fir de gudden Zweck konnt gesammelt ginn. Hei dann der Gemeng Fréiseng eng grousse Merci, ouni där hir Hëllef dat net méiglech wier.

Esou huet sech erginn, datt op der Benefizveranstaltung, mat engem ganz leckeren Iessen, enger geckeger Tombola an vill gutt Laun, och nach zwee Schecken iwwerreecht konnte ginn. 5.220 Euro sinn als Done verbucht ginn, a weider 5.000 Euro huet d‘Autocross-Course abruecht. Natierlech kann a soll een och weiderhi Spenden. De wierkleche Merci gesäit een an de Ae vun de Kanner.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Wiesen, Autocross, Hand an Hand fir Afrika, Helleng, Paul Schroeder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel