Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift
Neiegkeeten Sport

Wann eng Weltmuecht sech u Kanner vergräift

Wien Atomverträg oniwwerluecht kënnegt, mat Jänni a Männi en Handelskrich

De Contournement vun Dippech ka kommen
Neiegkeeten Sport

De Contournement vun Dippech ka kommen

Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Neiegkeeten Sport

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Handball: Gutt duerchgerëselt awer Si kruten d‘Féiss net kal

Handball: Gutt duerchgerëselt awer Si kruten d‘Féiss net kal
© Martine de Lagardère / moien.lu

Si haten sech hiert éischt Heemspill eppes anescht virgestallt, mee de Sport huet seng eege Gesetzer an den Handball Esch war och keng Ekipp fir ze laachen. Fir den HB Miersch 75, deen dëst Joer de Sprong an d‘AXA League gestemmt krut, heescht et elo déi richteg Lektiounen aus dëser éischter Heemnéierlag zéien.

Den HB Miersch 75, dee wuel eppes iwwerraschend awer net onverdéngt am „Haff vun deene Groussen“ dierf matspillen, hat sech nom erkläerten Enn vun der leschter Spillsaison personell verstäerkt. Esou ass elo den 32 järegen Escher Ricky Bentz hei Trainer, an säin Optrag ass kloer: Klassenerhalt! Hien ass voll motivéiert déi Mierscher Männer esou opzestellen datt déi gesaten Ziler och kënnen erreecht ginn. A jo och hie weess, et wäert kee Spadséiergang ginn.

Eng gutt Ausgangsbasis ass d‘Grondlag. Esou ass den „haarde Kär“ vun der éischter Ekipp bliwwen an et goufe véier nei Spiller am Land selwer, wéi och zwee Spiller aus dem Ausland verflicht. Dës zwee „Auslänner“, den nach jonken Amer Karamehmedovic (22 Joer jonk) an de Senja Kratovic (37) stinn dem Veräin och fir den Training vun de Jugendekippen zur Verfügung. Béid Spiller kommen aus Bosnien, an hunn do ganz erfollegräich fir hir respektiv Ekippe gespillt.

Um Mëttwoch hat den HB Miersch 75 dann allerdéngs och eng zolidd Erausfuerderung um Plang stoen: op Besuch koum de Meeschter vun der Saison 2019/20, den Handball Esch. Fir dat Ganzt nach eppes méi komplizéiert fir den Trainer Ricky Bentz ze maachen, huet dëse missen op dräi zentral Spiller verzichten an sech aus der Reserve vun der 2. Ekipp passenden Ersatz fänke goen. Ënnert dësen Ëmstänn war et der Ekipp hir Aufgab de Schued a Grenzen ze halen.

Aus de Feeler léieren

Datt den HB Miersch 75 mat 14 zu 39 (6-20) dem Handball Esch ënnerleeë war, dierft fir d‘Kenner vun der Zeen éischter normal sinn, mee d‘Ursaache kann een elo och net vun der Hand weisen. Den HB Miersch 75 huet sech iwwert laang Strecke schwéier gedoen, well d‘Passen einfach net do wollten ukomme wou se higehéiert hunn. Och den Opbau vum Ugrëff – de wuel ëmmer zäiteg vun den Escher gestéiert gouf – wäert den Trainer nach emol mat senge Jonge mussen duerchhuelen.

Nach ass d‘Saison „nei“ an déi Mierscher hunn elo dräi Begéinungen absolvéiert, vun deenen si ëmmerhin eng fir sech entscheede konnten. Et ass een also nach wäit vun „dramatesch“ ewech an d‘Fans wéi och d‘Sponsore mussen sech den Ament nach kee Kapp maachen. Am Interview huet dann och de Vertrieder vum Haaptsponsor (MixVoip), Loïc Didelot – dee selwer an der 2. Ekipp opleeft – nees betount, datt et dëst Joer drëms geet „dran ze bleiwen“. En Zil dat méiglech ass.

Den nächste Sonndeg huet den HB Miersch 75 dann den HB Diddeleng op Besuch (Ugepaff gëtt um 17 Auer). Och dat ass kee liichte Géigner, woubäi den HBD seng zwee éischt Mätscher och iergendwéi an de Sand gesat huet. Sollt dem Trainer Ricky Bentz seng Mannschaft bis dohinner nees komplett sinn, an sollt et geléngen dat wichtegt Passspill nees eppes méi „zentréiert“ ze kréien, da kéinten déi Mierscher hei fir eng esou wichteg wéi agreabel Iwwerraschung Suerg droen.

Hale mir nach ofschléissend Fest, datt de Buergermeeschter vu Miersch, Michel Malherbe – dee sech dat ganzt mat senge Schäffen net entgoe gelooss huet – zimmlech erfreet iwwer d‘Virstellung vun all den Ekippe gefreet huet. Och hie weess, datt et fir d‘Sportler keng einfach Saison wäert ginn, ass awer trotz allem ganz Houfreg drop, datt den HB Miersch 75 an der ieweschter Liga oplafe kann. D‘Supporter jiddefalls sinn um Dill, och wann et eppes Restriktiounen huet…

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten AXA League, Handball, Handball Esch, HB Miersch 75, Miersch, MixVoip
Nächsten Artikel Virrechten Artikel