Search

You may also like

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden
Neiegkeeten Sport

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden

Haut den Owend treffen sech zu Sofia d‘Staatscheffe vun den

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch
Neiegkeeten Sport

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen
Neiegkeeten Sport

QUIZ: Lëtzebuerg, d’Land vun de Schlässer a Buergen

[onionbuzz quiz-id=11][/onionbuzz]

Handball: Miersch muss sech geschloe ginn

Beim Nodrosmatch HB Miersch 75 an HC Bierchem gouf et (nach) keng Iwwerraschung

Et war gewosst, datt et richteg ustrengend géif ginn, wat dann elo awer net soll heeschen, datt dem Ricky Bentz seng Jongen sech scho virum Match de Bierchemer erginn hätten. An wann een dann d‘Spill richteg analyséiert, hu sech déi Mierscher géintiwwer esou engem Géigner ganz gutt, wann och mat eppes Krämpes, weise kënnen.

Um Mëttwochowend haten sech awer nach gutt 70 Zuschauer an der „helleger Hal“ zu Miersch fir d‘Spill interesséiert, an si hunn hei vill Aktioun an Ënnerhalung ugebuede kritt. Déi éischt Halbzeit gouf däitlech vum HC Bierchem dominéiert. Si gi mat 15 Goaler Virsprong (10:25) an d‘Paus. Hei kann ee dem HB Miersch75 nach gutt halen, datt si eppes „Personalproblemer“ hunn, mee dat dierf a ka keng Entschëllegung sinn. Et erkläert awer datt et nees eppes gedauert huet, bis sech d‘Männer um Terrain openaner ofgestëmmt haten.

Handball© Shari Pleimelding/moien.lu

No der Reprise ass et dann och siichtlech besser fir déi Mierscher gelaf. Si konnte gutt mathalen an, och wann de Spillfloss nach net ganz dem Trainer senge Virstellungen entsprach huet, et ass ee wesentlech méi effizient vun der Plaz komm. Richteg ass och, datt den HC Bierchem, den Drock eppes reduzéiert huet. Dat soll net heeschen, datt si dem Géigner hei eppes geschenkt hätten, mee och fir si fänken déi englesch Wochen un sech bemierkbar ze maachen. An esou huet den Trainer vu Bierchem, Alex Scheubel, strategesch operéiert.

Wéi den Arbitter-Duo Yannick Glod / Renata Keves no 60 Minutten d‘Spill ofgepaff hunn, stoung et op der Tafel 30:42 an déi Mierscher konnten sech wéinstens an der 2. Halbzeit duerchsetzen. An ee Fun-Fact gëtt et och nach. Déi respektiv Goal-Getter vu béiden Ekippe sinn mat 11 Goaler op de Kapp an d‘Dusch gaangen. Op Bierchemer Säit war dat den Ariel Pietrasik (deen och 5 Siwemeter-Strofe verwandelt huet) a op der Säit vum HB Miersch 75, war de Senjin Kratovic, dee seng Goaler alleguerten am Spillverlaf geschoss huet.

Handball© Shari Pleimelding/moien.lu

Schonn e Samschdeg mussen déi Mierscher sech de Männer aus der Ieselstad stellen, a wiere gutt beroden, sech nees eng Victoire sichen ze goen. Déi Bierchemer sinn dann zu Bouneweg an der Hal wou si mam HC Standard nees ee verhältnesméisseg erdréigleche Géigner hunn. Esou lues hunn – bis op déi Schëfflenger all d‘Veräiner an der AXA-League hire Spillplang nees am Grëff. Eng gutt a wichteg Saach, well sech englesch Wochen och op den Training auswierken, an déi Mierscher wëlle mathale kënnen, firwat ee sech iwwert eppes Rou freeën dierft.

An der Tabell ass den Handball Esch mat engem Spill Retard, virum Red Boys Déifferdéng. Den HC Bierchem schléisst de Podium of. Fir den HB Miersch 75 heescht sech den Ament nach mat Plaz siwen (hannert dem HC Standard) zefridden ze ginn, woubäi dës Plazen iwwert de Weekend sollte getosch ginn. Bleift nach ofschléissend drop hinzeweisen, datt déi Mierscher leschte Weekend hire Match an de Coupe fir sech entscheet hunn.

Fotoen: © Martine de Lagardère & Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics AXA League, Championnat, Handball, HB Miersch 75, HC Bierchem
Next post Previous post