Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)
Neiegkeeten Sport

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 16. Oktober)

All Dag geschéie vill Saachen op der Welt an zu

love
Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn
Neiegkeeten Sport

Medecins du Monde: Fir d‘Recht medezinesch versuergt ze sinn

Um Dënschdeg huet „Medecins du Monde“ Lëtzebuerg (MdM) eng gréisser

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil
Neiegkeeten Sport

CFL: Cargo erop, Voyageure stabil

Bei der Virstellung vum Joresbilan vun der CFL waren nëmmen

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit

EHF-Cup: Dem Handball Käerjeng geléngt den Exploit

Um Sonndeg ass an der Hal zu Käerjeng de Retourmatch vun der Qualifikatiounsronn fir den EHF-Cup ausgedroe ginn. Déi favoriséiert Spiller vum RK Seleznicar aus Serbien, si mat 3 Goaler Virsprong ugereest, an den HB Käerjeng huet seng Defense missen entspriechend opstellen.

Et war deemno kloer, datt et eng zolidd Erausfuerderung géif ginn, an ee sech keng Feeler leeschte kann. D‘Jonge vum HB Käerjeng wousste wéi en Challenge dat an der eegener Hal bedeit, waren awer gutt Motivéiert, an déi ronn 600 Zuschauer a Supporter hunn se iwwert de ganze Match ewech ënnerstëtzt. Nom Aller-Match war jo och nach alles op, an et war ee gewëllt sech deier ze verkafen.

Käerjeng

Léif Supporter waren aus Serbien ugereest. Si sollte vun hire Jongen net iwwerzeegt ginn, hunn et awer ganz sportlech geholl, an dem HB Käerjeng fir déi gutt Leeschtung gratuléiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

An esou koum et dann och wéi huet misse kommen. Waren sech d‘Serben der Saach ze sécher? Eng Fro op déi et keng Äntwert wäert ginn, wëll si waren net nëmmen dem HB Käerjeng ënnerleeën, nee si hu carrement eng bei d‘Läffele kritt. Um Enn stoung et 32:26 fir den HB Käerjeng, an dat absolut verdéngt. Käerjeng huet den Exploit perfekt hikritt, an d‘Serben aus dem Cup geworf.

D‘Spiller an den Trainer hunn sech, direkt nodeems d‘Renconter ofgepaff war, verfuusst. Et hätt ee gäre gewosst, wou et bei hinne „geklemmt“ huet, mee et war kee méi bereet sech dozou ze äusseren. Beim Training um Samschdeg, waren se nach eppes méi gespréicheg. Do hat den Trainer Veselin „Vujo“ Vujovic allerdéngs scho gemengt, datt een den HB Käerjeng net ënnerschätze soll.

Käerjeng

Fir e Goal ze maache muss een duerch, oder zumindest laanscht d‘Defense kommen.© Martine de Lagardère/moien.lu

Hie sollt Recht behalen. Schonn an der éischter Halbzeit war et de Käerjenger gelongen sech Virdeeler erauszespillen, konnten den RK Seleznicar awer net distanzéieren. An der Paus stoung 16:16 an op der Tribün hu lues a lues d‘Leit schweesseg Hänn kritt. De Coach vum HB Käerjeng, Dejan Gajic, huet seng Spiller ermontert d‘Strategie bäizebehalen, se géif sech ausbezuelen…

Fir déi zweet Halbzeit huet hien dann awer e klenge Changement an der Opstellung virgeholl. Et ass manner an der Héicht agéiert ginn. Dofir ass zolidd un der Vitesse an dem Spillrhythmus geschrauft ginn. Eng gutt Entscheedung, déi den RK Seleznicar a Schwieregkeete bruecht huet, an duerch eng perfekt Leeschtung vum Goalkeeper Chris Auger, ënnermauert konnt ginn.

D‘Jonge vum RK Seleznicar si net laanscht de Chris Auger komm, an et konnt ee hinnen ofgesinn, wéi d‘Moral sech lues a lues an de Keller verkroch huet. Egal wat se probéiert hunn, emol war et dem Chris säin Aarm, dann nees d‘Been, déi de Goal verhënnert hunn. Ëmmer méi nervös, hunn sech dann och nach d‘Feeler ageschlach. Déi sechs Zäitstrofen an zwou rout Kaarte soe vill aus.

Käerjeng

Käerjeng huet Drock gemaach a sech iwwerzeegend géint eng favoriséiert Mannschaft aus Serbien duerchgesat. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann sech an éischter Linn déi Verantwortlech an d‘Supporter vum HB Käerjeng iwwert des, dach awer iwwerraschend Victoire gefreet hunn, esou huet och de FLH-President Romain Schockmel, d‘Leeschtung vun de Jonge begréisst. Et kënnt och net all Dag vir, datt sech eng lëtzebuergesch Handballequippe fir e weideren Tour am Europacup, qualifizéiert.

Hien ass dann och Houfreg op den HB Käerjeng, dee seng Defense gutt opgestallt hat, a mat engem Goalkeeper ugetrueden ass, deen an Toppform opgelaf ass. Déi Verantwortlech aus dem Veräin, sinn am „siwenten Himmel“. Si haten un hir Leit gegleeft an déi hunn se net enttäuscht. Elo gëllt et nach déi Leeschtung de 6. Oktober och géint „Achilles Bocholt“ aus der Belsch ofzeruffen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten EHF-Cup, FHL, Handball, HB Käerjeng, RK Seleznicar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel