Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een neie Pompjeesbau zu Menster
is alison and emily dating in real life Neiegkeeten

fortnite matchmaking service restarting

Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau

https://moien.lu/free-dating-applications-for-iphone/
dating smith wesson serial number
is alison and emily dating in real life Neiegkeeten

113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet

2017 waren 112,9 Millioune Persounen (22,5% vun de Bevëlkerung) an

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”
is alison and emily dating in real life Neiegkeeten

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Bicher a Verfilmungen – dat ass esou eng Saach… Well

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU

Ass europäesch Spionagesoftware fir Saudiarabien ethesch vertrietbar?

Déi onmoralesch Handelsbezéiunge vun der EU

Et ass net de Krich am Jemen, dee mat all senge Mënscherechtsverletzungen a Verbrieche géint d‘Mënschheet, dem saudesche Kinnekräich säin humanistesche Karma gebrach huet. Nee Sträit mam Kinnekräich gouf et eréischt nodeems de Jamal Khashoggi an der Tierkei ëmbruecht gouf.

No dësem „diplomatesche Fauxpas“ an der Ambassade vun Istanbul, ass zu Konsequenze beim Waffenhandel mat Saudiarabien komm, well d‘Weltcommunautéit op eemol net konnt d‘Ae virun de Verbrieche vu Saudiarabien verschléisse konnt. Dat heescht net datt d‘Kinnekräich sech elo keng méi leeschte kéint, mee oprëschte geet den Ament eigentlech nëmmen nach mat den USA.

Beim Waffenhandel huet sech d‘EU géintiwwer Saudiarabien eppes nei missen ausriichten, woubäi europäesch Entreprisen, déi Néierloossungen am Ausland hunn „alternativ Optiounen“ benotze fir hir déidlech Geschäfter ofzewéckelen. Keng Problemer awer huet d‘EU wann et ëm den Export vun europäescher Iwwerwaachungs- a Spionagespëtzentechnologie geet. Business ass ebe Business…

Et konnt ee sech wuel denken, datt och eng EU net op lukrativ Geschäfter verzichte wéilt, mee et ass den däitsche Virsëtzende vun der Kommissioun fir den internationalen Handel vum EU-Parlament, Bernd Lange, deen dës Aart a Weis vun „Handel“ denoncéiert huet. Eng Aktioun déi politesche Charakter huet, am Mee sinn Europawahlen an d‘Sozialiste mussen hei Punkten.

Handel ass méi wichteg wéi Mënscherechter

Mee de Bernd Lange ass rosen, an zwar esou richteg. „Et gëtt eng Software mam Numm „Spyware“ déi verschidden Datespuren déi een hannerléisst, kann zesummenneelen an dorausser nei Profiller erstellt. An den EU-Parlamentarier ass iwwerzeegt, datt Saudiarabien dës oder ähnlech Software notzt, fir Kritiker wéi eben den ermuerte Jamal Khashoggi, auszespionéieren an auszeschalten.

Am Fall vun deem vum Bernd Lange genannte Programm, handelt et sech ëm e sougenannten „Trojaner“. Software, déi wa se bis den „Zil-Computer“ infizéiert huet, zimlech alles verréit wat eigentlech net soll bekannt ginn. Dëst „EU-Produkt“ un deem Saudiarabien interesséiert ass, ass en „Dual-Use-Product“ mat deem de Bierger esouwuel geschützt wéi verfollegt ka ginn.

Et ass gewosst, datt sech d‘EU emol virgeholl hat (dat war 2005) den Export vun esou Programmer ganz streng ze kontrolléieren a reglementéieren. D‘Vertrieder vu Wirtschaftsinteresse ware sech hei eens, datt Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie an d‘Gesetz zur Iwwerwaachung vu Gidder, déi een esouwuel zivil wéi militäresch notze kann, muss opgeholl ginn. Geschitt ass näischt.

No baussen ëmmer e gudden Androck maachen

Wéi 2016 d‘EU-Kommissioun de Gesetzprojet nees an Ugrëff geholl huet, ass et endlech zur laang gefuerderter Aktualiséierung komm, a sensibel Spionagesoftware oder Iwwerwaachungstechnologie sollt net méi einfach esou u Regierunge mat zweiwelhaftem Ruff verkaf ginn. D‘Betounung läit hei op „Sollt“, well d‘Europäer hiert eegent Regelwierk zur Exportkontroll stänneg ënnerlafen.

Dat geet zimlech einfach: d‘EU-Memberlänner verweigeren sech engem Verhandlungsmandat, an esou bleift alles beim „alen“. Geld un der Ënnerdréckung oder Ermordung vu Mënschen ze verdéngen, war fir Bréissel – zumindest beim Ausschloss vun der Ëffentlechkeet – ni e wierklech en eeschte Problem. Ëmmerhin ass d‘EU emol fir unzefänken eng Wirtschaftsgemeinschaft…

Interessant an dësem Kontext ass, datt grad Frankräich d‘Exportkontroll verhënnert. Eis Noperen, där hire President kierzlech zu Oochen de Karlspräis iwwerreecht krut, a sech ëmmer iwwert déi europäesch Wäertergemeinschaft freet, sinn et, déi zu Bréissel alles an d‘Wee geleet hunn, fir datt et net zu engem Verhandlungsmandat vum EU-Rot fir eng Exportkontroll komme kann.

Ähnlech Sujeten Bernd Lange, EU, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Exportkontroll, Iwwerwaachung, Spionagespëtzentechnologie, Spyware, Trojaner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel