Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Zinniklos huet sech zu Esch Uelzecht ugemellt
International Money Neiegkeeten

Den Zinniklos huet sech zu Esch Uelzecht ugemellt

Et ass ee vill beschäftegte Mann, dësen Zinniklos, oder och

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden
International Money Neiegkeeten

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden

De Lëtzebuerger Ausseministère réit dovun of, onnéideg Reesen an d’Ausland

Duda an Trump: eng profitabel Frëndschaft
International Money Neiegkeeten

Duda an Trump: eng profitabel Frëndschaft

Datt esouwuel den Donald Trump wéi och de polnesche President

money

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington zitt am Handelskrich e neie Register

Washington huet en neien „Doudesstouss“ géint Peking ausgefouert a verëffentlecht eng provisoresch Lëscht vu Importprodukter, déi mat Douanestaxe solle beluecht ginn. China huet dës Mesure direkt veruerteelt a seet sech bereet, an de nächsten Deeg zréckzeschloen.

Mat dëser Lëscht, fir Importer am Wäert vu ronn 50 Milliarden US-Dollar, si ganz bestëmmte Wueregruppen an de Fokus vun der Trump-Administratioun geroden. Produkter fir d‘Loftfaart, d‘Informatik, d‘Kommunikatioun, d‘Robotik an d‘Maschinnen, sollen zukünfteg méi haart besteiert ginn. Dat geet zumindest aus engem Communiqué ervir, deen den US-Handelsrepresentant Robert Lighthizer gëschter erausginn huet.

„Déi proposéiert Lëscht baséiert sech op fundéierte wirtschaftlechen Analysen, a soll déi Produkter treffen, déi den industrielle Projete vu China e grousse Benefice abréngt, a gläichzäiteg den Impakt op d‘US-Wirtschaft kleng halen“, esou de Robert Lighthizer. Op der provisorescher Lëscht stinn eng 1.300 Produkter. D‘Lëscht muss sech awer nach 30 Deeg laang gepréift an examinéiert ginn, iert et zu de definitiver Publikatioun kënnt.

Vu Prinzipien an Wäerter

Als Äntwert huet de chinesesche Wirtschaftsministère matgedeelt: „sech esou ze behuelen, onbegrënnt, eesäiteg a protektionistesch, muss vu China op dat schäerfst veruerteelt ginn“. Eng Deklaratioun déi de Communiqué vun der chinesescher Ambassade zu Washington bestätegt. Déi hat vun „eesäitegen a protektionistesche Mesuren, déi fundamental Prinzipien a Wäerter vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) mat Féiss trëppelt“ geschwat.

Fir déi chinesesch Ambassade sinn „dës Mesurë weder am Interessi vu China nach vun Amerika, an am allermannste fir d‘Weltwirtschaft“. Hei geet een dann och dovunner aus, datt Peking sech der Prozedur zur Konfliktbewältegung vun der WTO bedénge wäert, fir op déi nei Mesuren ze reagéieren. Et kënnt also zu Géigemoossnamen, déi dem Ëmfang an dem Stellewäert vum Wuerekuerf, deen d‘USA festgeluecht hunn, gerecht gëtt.

Den Dram vum fairen Handel

Den US-President hat den 22. Mäerz e Memorandum ënnerschriwwen, mat deem der chinesescher Aggressioun soll entgéint getruede ginn. Hien hat däitlech op Mesure higewisen, déi chinesesch Importer solle bestrofen, an dat bis zu engem Géigewäert vu 60 Milliarden US-Dollar. Dat ganzt fir, esou den Donald Trump, der onfairer Konkurrenz an dem Déifstall vun intellektueller Proprietéit duerch Peking en Enn ze bereeden.

An d‘USA, deenen hir Kompetitivitéit vun der Innovatiounskapassitéit ofhänkt, hunn am August 2017 eng Enquête, op der Basis vum Artikel 301 vum Handelsgesetz (Verstouss géint déi intellektuell Proprietéit) ageleet. Washington ass dann och besonnesch beonrouegt, duerch de System vun der Co-Entreprise dee vu Peking erzwonge gëtt. Ouni gëtt et keen Zougang zum Marché, a mat mussen d‘Firmen hiert technologescht Wësse mam „Partner“ deelen.

A ëm A, Zant ëm Zant

D‘Ukënnegung vun en Dënschdeg kënnt net giedlech. Tëscht Washington a Peking hat den Handelskrich grad eréischt eng onglécklech Wend geholl. E Méindeg hat China bekannt ginn, als Géigemoossnam 128 US-Produiten (dorënner Uebst a Schwéngefleesch) am Wäert vun dräi Milliarden US-Dollar ze besteieren. Et war als Äntwert op d‘Douanestaxe fir Stol (25%) an Aluminium (10%) gemënzt.

Mee den Donald Trump, deen et sech es net midd gëtt op de kolossalen Handelsdefizit mat Peking hinzeweisen – ëmmerhin 375,2 Milliarden US-Dollar – ass iwwerzeegt den Handelskrich gewannen ze kënnen. Hien hat dann och déi chinesesch Regierung opgefuerdert, dësen „Defizit“ ëm 100 Milliarden US-Dollar ze reduzéieren.

Peking huet sengersäits, duerch d‘Stëmm vum Wirtschaftsminister matgedeelt, datt „d‘Zesummenaarbecht tëscht China an den USA, de gréisste Wirtschafte vu der Welt, déi eenzeg méiglech Optioun ass“. China huet d‘USA dann och opgefuerdert déi ugestriefte Mesure falen ze loossen, scho well se géint d‘Reegele vun der WTO verstoussen. Washington soll sech och zréckhalen an net Wee vun der versichter Aschüchterung goen.

Wie mam Säbel fuchtelt ka sech schneiden

Bis ewell huet sech Peking a villen Hisiichten zréckgehalen. Et ass sech net u wichtege Landwirtschaftsproduiten (wéi den amerikanesche Soja, wou China mat Ofstand de gréisste Keefer ass) oder un wichtegen industriellen Entreprisen (Boeing) vergraff ginn.

„D‘Chinese kéinten och déi grouss Artillerie auspaken: Soja a Boeing“ reagéiert d‘Monica De Bolle, Spezialistin fir internationalen Handel um Peterson Institute for International Economics. „Allerdéngs ass et och méiglech, datt si d‘Enn vun de Consultatiounen ofwaarden“.

Den Edward Alden, Expert beim „Council of Foreign Relations“, hat ee Méindeg ënnerstrach, datt déi éischt Vergeltungsmoossnamen déi China ugekënnegt huet, signifikativ sinn. Et ass och dat éischt Land, dat sech der Wirtschaftsmuecht USA entgéintstellt. „Dat weist, datt d‘Chinesen och op weider amerikanesch ‚Moossnamen‘ wäerte mat aller Häert äntweren“.

De chinesesch-amerikanesche Wirtschaftsrot, deen déi amerikanesch Entreprisen déi mat China Handel bedreiwen zesummenhält, huet um Dënschdeg eng Warnung ausgeschwat. Et sollt een d‘Fangere vun Aktioune loossen, déi vu China bei der WTO kënnen ageklot ginn a wou Peking kéint d‘Recht zougesprach ginn.

mam Delphine Touitou/AFP

Ähnlech Sujeten China, Handelskrich, USA, Welthandel, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel