Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL
International Money Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: den Drénglechkeetsprogramm vun der KPL

Et ass eng vun den eelste Parteien zu Lëtzebuerg, oft

angrylove
Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand
International Money Neiegkeeten

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
International Money Neiegkeeten

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

money

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen Hiersteller vu Motorrieder „Harley-Davidson“, huet e Méindeg ugekënnegt, datt en Deel vun der Produktioun muss ausgelagert ginn. Den Hiersteller gesäit keng aner Méiglechkeet, fir sech laanscht déi vu Bréissel, als Äntwert op déi amerikanesch, agefouert Douanestaxen ze drécken.

Déi berühmte Mark, schonn 115 Joer um Maart, huet bedauert, datt d‘Douanestaxe fir hir Produkter an Europa vu 6% op 31% geklomme sinn. Domatter kascht esou e Gefier aus den USA direkt emol 2.200 US-Dollar méi wéi nach ugangs Juni. Säit dem 22. Juni huet Bréissel eng ganz Rei typesch amerikanesch Produite mat zousätzlech Douanestaxen an héicht vu 25% beluecht.

Et ass d‘Äntwert vun Europa op dem Donald Trump seng unilateral agefouert Douanestaxen op Stol (25%) an Aluminium (10%). Betraff ass awer net nëmmen Harley-Davidson, Och Jeans, Bourbon oder Afennossbotter sinn betraff. An et schéngt dann och wéi wann all dës Produite ganz geziilt ausgewielt gi wieren. Dat well se aus Staaten kommen déi dem Trump politesch no stinn.

An Harley-Davidson, déi hire Sëtz zu Milwaukee (Wisconsin) hunn, am Staat vum Paul Ryan, Chef vun de Republikaner an der Representantekummer, spieren et. „Dat ass de Beweis vum Schued deen duerch déi eesäiteg Aféierung vu Steieren entsteet. Déi beschten Aart a Weis den Aarbechter an Hiersteller ze hëllefen, ass nei Mäert ze erschléissen a net bei Barrièren opzeriichten“.

De Milliardär ass „iwwerrascht“

Wéi een et gewinnt ass, huet den Donald Trump mat engem Tweet op d‘Noriicht reagéiert. Hie wier „iwwerrascht“ datt vun allen US-Entreprisen, Harley-Davidson déi éischt ass, déi de wäisse Fändel an d‘Fënster gehaangen huet. „Ech hunn haart fir si gekämpft an um Enn bezuelen se keng Steieren an Europa (…) D‘Douanestaxen si just e Virwand. Bleift gedëlleg“, esou den US-President.

„De Problem ass net datt Harley-Davidson anti-patriotesch wier, et ass villméi esou, datt déi ganz Douanestaxen idiotesch sinn“, äntwert de republikanesche Senateur Ben Sasse, fir deen ersiichtlech ass, datt déi „nei Mesuren“ net funktionéieren. An Harley-Davidson huet kee wirtschaftlechen Interessi drun, d‘Douanestaxen un de Konsument weider ze reechen.

Fir Harley-Davidson, déi net op hir Maartundeeler an der EU verzichte wëllen, géif bedeiten, wann se dës Käschte weiderginn, datt d‘Verkafszuelen abriechen an d‘Viabilitéit vun den Händler a Fro gestallt wier. Dat soll verhënnert ginn, an Harley-Davidson huet ugekënnegt, datt d‘Motorrieder déi fir den Export bestëmmt sinn, elo dann och ausserhalb den USA hiergestallt ginn.

De Grupp, deen eng 40.000 Gefierer am Joer an Europa – den 2. gréisste Maart no den USA – un de Mann oder d‘Fra bréngt, huet net definéiert, wouhinner d‘Produktioun ausgelagert gëtt, an op et en Impakt op d‘Aarbechtsplazen an den USA huet. Aktuell huet Harley-Davidson Fabricken an Indien, Brasilien an Australien. Am Ament gëtt och e Standuert an Thailand opgeriicht.

Alles geet, näischt muss…

Bei Harley-Davidson geet een aktuell dovunner aus, datt déi nei Tariffer an d‘Investissementer fir d‘Produktiounsauslagerung, 2018 mat 90 bis 100 Milliounen US-Dollar musse beziffert ginn. Op der Bourse zu New York, ass d‘Aktie dann och ëm 5,97% an d‘Gette gaangen. A wéinst den Taxen um Stol, ass Harley-Davidson och nach bei der Produktioun benodeelegt.

Et muss een dann awer och bei Harley-Davidson relativiséieren. Wann se elo hei als „Affer“ oder esouguer „Kollateralschued“ vum Handelskrich presentéiert ginn, esou ass et richteg, datt sech de „Kult“ net méi esou gutt verkeeft wéi nach viru Joren. Dat läit sécher un der staarker Konkurrenz aus Japan, mee och net manner un der Tatsaach, datt d‘Clientèle ufänkt an den Alter ze kommen.

De Grupp ass also op säin Export ugewisen, wann d‘Produktioun soll erhale bleiwen. 2017 sinn d‘Verkafszuelen insgesamt ëm 6,7% zréckgaangen, an den USA verzeechent Harley-Davidson e Réckgang vun 8,5%. Insgesamt huet de Grupp am leschte Joer 242.288 Motorrieder verkaf. 2016 waren et der nach 260.289, a fir 2018 gëtt mat nëmmen 231.000 Eenheete gerechent.

An dësem Kontext huet Harley-Davidson dann am Januar d‘Schléissung vun engem Standuert zu Kansas-City (Missouri) beschloss an eng Restrukturatioun vun der Fabrick zu York (Pennsylvania). D‘Verlagerung vun der Produktioun geet och net vun haut op muer. Hei ginn se zu Milwaukee vun 9 bis 18 Méint aus, iert déi nei Standuerter operationell kënne sinn.

Trappewitz vun der Geschicht

Wien de Schued huet brauch bekanntlech fir de Spott net ze suergen. An dat trëfft a gewësser Mooss och op Harley-Davidson zou. Et war ëmmerhin hir Direktioun, déi als eng vun den éischten US-Entreprisen, am Februar 2017 dat Wäisst Haus besicht hat, an esou déi industriell Strategie vum Donald Trump sengem „America First“ illustréiert huet.

An de Milliardär hat dann och dëse Bijou vun der amerikanescher Industrie begréisst a gelueft. Den Donald Trump war sech sengerzäit absolut sécher, datt Harley-Davidson seng industriell Kapassitéit op amerikaneschem Buedem kéint erhéijen. Gutt d‘Rechnung ass net opgaangen, an zu Milwaukee mussen se sech elo Gedanke maache wéi et an Zukunft soll weider goen.

E weidere Risiko, deen d‘Produktioun vun Harley-Davidson Motorrieder am Ausland mat sech bréngt, ass de Fait, datt een dann och net méi vu „Made in USA“ schwätze kann, wat eigentlech d‘Markenzeeche vun dëse Gefierer ass. Wéi och ëmmer, fir de Grupp sinn d‘Douanestaxen alles wéi just net Hëllefräich, och wann den US-President doriwwer iwwerrascht ass.

mam John Biers/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, EU, Handelskrich, Harley-Davidson, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel