Search

You may also like

De Covid19 suergt fir eidel Keesen
International Money Neiegkeeten

De Covid19 suergt fir eidel Keesen

D‘Nouvelle sinn net déi bescht an awer geet et eis

Katar-Kris: Den Drock klëmmt
International Money Neiegkeeten

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt
International Money Neiegkeeten

Frankräich: Am Wiergegrëff vun der Gewalt

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte

money

Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft

Handelskrich: Vun e Freideg un sinn d‘Douanestaxen tëscht Washington a Peking a Kraaft

D‘Mäert hu gewarnt an Alarm geschloen, gehollef huet et näischt. Ab dem Freideg trieden tëscht Washington a Peking d‘Douanestaxen a Kraaft, déi op engem Wuerewäert an héicht vu ville Milliarden erhuewe ginn.

Ab Mëtternuecht gi 25% Douanestaxen op engem Wäert vu 34 Milliarden US-Dollar op chinesesch Importer, déi 818 Produkter betreffen, dorënner Autoen, Ersatzstécker fir Fliger oder Festplacke fir Computer, erhuewen. Net betraff sinn populär Gidder wéi de Smartphone oder Televisiounen.

Direkt am Uschloss ginn déi vu China als Géigemoossnam festgeluechten Douanestaxen effektiv. Déi belafen sech op e gläiche Wäert a betreffen an éischter Linn landwirtschaftlech Produkter, wéi beispillsweis Soja (eng Wuer déi staark vum chinesescher Maart ofhängeg ass) a Mieresprodukter (virun allem Langusten) mee och den Automobilsecteur.

Alles an allem sinn et 50 Milliarden US-Dollar „China-Import“ déi vun den US-Moossname betraff sinn, fir dat ze kompenséieren, wat d‘Trump-Administratioun als Déifstall vun intellektueller Proprietéit an Technologie bezeechent.

Da gëtt aktuell nach iwwert e Wuerewäert vu 16 Milliarden „China-Import“ nogeduecht. Wéi eng Produkter vum US-Handelsvertrieder Robert Lighthizer (USTR) do ausgewielt ginn, ass nach net bekannt. Dofir ass gewosst, datt China och Douanestaxen op 50 Milliarden US-Importer erhieft.

An domatter steet een eréischt um Ufank

Déi zwou gréisste Wirtschaftsmuechte vun der Welt dierften sech awer kaum domatter zefridde ginn a weider un der Schrauf dréien. Dat erkläert sech schonn duerch dem Donald Trump seng Demande un de Robert Lighthizer „zousätzlech Wueren am Wäert vun 200 Milliarden ze identifizéieren, déi mat Douanestaxen an héicht vun 10% beluecht kënne ginn“.

A wann sech Peking dogéint wiert, sollen nach emol Gidder am Wäert vun 200 Milliarden taxéiert ginn. Et geet bis ewell also insgesamt ëm e Wuerewäert vu 450 Milliarden US-Dollar. Dat ass bal de gesamten Import aus China, bezunn op déi 2017 agefouert Wueren an d‘USA, zu engem Wäert vu 505,6 Milliarden.

Zanter Méint warnen d‘Experte virun den Auswierkungen déi esou en Handelskrich huet. An dat net nëmmen op déi amerikanesch Wirtschaft, mee ganz generell d‘Weltwirtschaft.

An enger e Méindeg verëffentlechter Analys, déi den bezeechnenden Titel „The Wrong Approach“ dréit, huet d‘US-Handelskummer de „Schued“ op ronn 75 Milliarden US-Dollar beziffert, dee bis ewell US-Exporter duerch Géigemoossname vun den amerikaneschen Handelspartner getraff huet.

Si nennt dann och explizit sechs Staaten déi besonnesch betraff sinn: Alabama, Michigan, Pennsylvania, South Carolina, Texas, a Wisconsin. Staaten déi sech sengerzäit bei de Walen zur Presidentschaft fir den Donald Trump ausgeschwat haten.

D‘Entreprise ginn net méi eens

„D‘Administratioun ass derbäi dee wirtschaftleche Fortschrëtt ze sabotéieren, an deen se esouvill Kraaft gestach huet“, esou den Tom Donahue, President vun der aflossräicher Patronatsfederatioun, déi hire Sëtz nëmmen e Steeworf vum Wäissen Haus huet. „Mir mussen e fräien an gerechten Handel ustriewen, an et ass net esou wéi mir dat Zil kënnen erreechen“.

An d‘Entreprise fänken och un Alarm ze schloen. Esou d‘Mid Continent Nail Corporation, eng Firma vu Poplar Bluff mat ronn 500 Salariéeën, där et bis ewell gutt ergaangen ass. Déi riskéiert elo „ënner ze goen“, well mat den Douanestaxe vu 25% op de Stol, sinn hir Neel ze deier ginn.

Mee och den internationale Währungsfong (IMF) huet bedenke wat déi „nei“ Wirtschaftspolitik vun den USA ugeet. Op dës Aart a Weis géif net nëmmen de Bannemaart vun Amerika ënner Drock gesat, mee carrement de multilaterale Wuerenaustausch sabotéiert, fir deen et eigentlech Reegele gëtt.

Dat alles këmmert de Locataire aus dem Wäissen Haus wéineg, wéi een aus sengen Tweets gewuer gëtt: „Der Wirtschaft geet et wahrscheinlech besser wéi an der Vergaangenheet, iert mir de Problem mat den ongläichen Handelsofkommen, déi mat all Land beschloss goufen, gereegelt haten. Eng Majoritéit am Land ass averstanen datt dat sech ännere muss, mee keen huet et jeemools gefrot“.

En Dënschdeg hat de Wirtschaftsminister Wilbur Ross affirméiert, datt de Previsionnel, mat deem eng Baisse vum Wirtschaftswuesstem virausgesot gëtt, verfréit an héchstwahrscheinlech falsch ass.

mam Delphine Touitou/AFP

Related topics China, Donald Trump, Handelskrich, USA, Weltwährungsfong
Next post Previous post