Search

You may also like

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen
International Money Neiegkeeten

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Se ware maskéiert, mat Aaxte bewaffent an hu fir „iwwer

Ekologesch Responsabilitéit an der Arméi: 15 Joer „SuperDrecksKëscht fir Betriber“
International Money Neiegkeeten

Ekologesch Responsabilitéit an der Arméi: 15 Joer „SuperDrecksKëscht fir Betriber“

Gëschter huet d’Lëtzebuerger Arméi de 15. Gebuertsdag vum Label SuperDrecksKëscht®

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)
International Money Neiegkeeten

De Plang „B“ – B wéi Brexit? (e Kommentar)

Et ass en drolegt Vollek, datt vun de Briten. Dir

money

Handelskrich: Virum Hannergrond vu Menacen, ginn d‘Waffe poléiert

Handelskrich: Virum Hannergrond vu Menacen, ginn d‘Waffe poléiert

Um Freideg huet sech d‘Rhetorik tëscht den Handelspartner weider entflaamt. Dat no der Ukënnegung vun den USA, Taxen an héicht vu 60 Milliarden US-Dollar op Importer aus China ze erhiewen. Verhale reagéiert d‘EU op d‘Entscheedung vu Washington, d‘Unioun bis zum 1. Mee vun der Steier op Stol an Aluminium auszehuelen.

Zur Ausenanersetzung tëscht Washington a Peking, huet den amerikanesche Representant fir den Handel, Robert Lighthizer, e Freideg matgedeelt, bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) „eng Demande zur Consultatioun“ mat China agereecht ze hunn. Hei solle verschidde „chinesesch Mesuren zur Sprooch kommen, déi sech op de Schutz vun der intellektueller Proprietéit bezeien“.

Washington werft Peking scho méi laang vir, Profit aus dem System vun der „Co-Entreprise“ ze zéien, den auslänneschen Entreprisen operluecht gëtt, déi sech a China wëllen néierloossen. China géif sech op dës Aart a Weis, den amerikaneschen technologeschen Innovatiounen ze ermächtegen.

Den Donald Trump hat an dësem Kontext de Chinesen däitlech „den Déifstall vun amerikanescher intellektueller Proprietéit“ ënnerstallt. Um Donneschdeg huet hien dann och mat Sanktioune gedreet, déi op Importer aus China ugewannt solle ginn. Den Ëmfang vun de Sanktioune soll sech op 60 Milliarden US-Dollar belafen.

Innerhalb 15 Deeg Zäit muss d‘US-Administratioun d‘Lëscht vun de Produite, déi vun dëser Moossnam betraff sinn, verëffentlechen. China huet prompt geäntwert, an eng Lëscht vun 128 Produite virgeluecht, op déi Douanestaxen tëscht 15% an 25% erhuewe ginn, sollten d‘Verhandlungen tëscht béide Länner scheiteren.

Matenee schwätze wier gutt

Fir den WTO-Generalsekretär Roberto Azevedo eng Situatioun déi brandgeféierlech ass. Hien huet seng Memberstaaten gewarnt, datt d‘Aféiere vun neien Handelsgrenzen eng Bedreeung fir d‘Weltwirtschaft ass.

„Den Handel ze destabiliséieren ass eng Gefor fir de Welthandel, an dat zu engem Moment, wou de wirtschaftlechen Opschwong, och wann deen nach Ufälleg ass, sech op der ganzer Welt bemierkbar mécht“, esou de Roberto Azevedo an enger schrëftlecher Deklaratioun. „Ech appelléieren op e neits zum Dialog. Dat ass a bleift de beschte Moyen fir eng Léisung zu de Problemer ze fannen“.

Zu Washington schéngt een op dësem Ouer Daf ze sinn. En héije Responsabel huet nämlech preziséiert, datt een net op en Dialog agestallt ass, mee e Kräfteverhältnes ariichte wëll „fir China eng gewësse Motivatioun ze ginn, de Bannemaart fir méi amerikanesch Produiten opzemaachen“. D‘USA hunn aktuell en Handelsdefizit mat China an héicht vun 375,2 Milliarden US-Dollar.

De chineseschen Ambassadeur huet um Freideg duerchklénge gelooss, datt säi Land net ausschléisst, den Opkaf vun US-Staatsobligatiounen ze reduzéieren. Domatter gräift China nom Damoklesschwäert, ugesicht der Tatsaach, datt Peking ronn 20% vun den US-Staatsobligatioune besëtzt, déi an den Hänn vun auslänneschen Institutioune sinn.

Eng bedéngte Wafferou op der europäescher Front

Gesäit een emol vum Duell tëscht Washington a Peking of, esou muss een och e Bléck op d‘Menace géintiwwer der EU werfen. D‘Europäer hunn um EU-Sommet, Washington wësse gelooss, dat si sech d‘Recht virbehalen, op eventuell US-Taxen ze äntweren. Si fuerderen net manner, wéi vun de Mesuren „permanent“ ausgeholl ze ginn.

Déi europäesch Staatscheffe hunn domatter op dem Donald Trump seng Entscheedung reagéiert, déi versprachen Douanestaxen op Stol an Aluminium bis zum 1. Mee auszesetzen. Eng Entscheedung déi och fir aner Länner (Argentinien, Australien, Brasilien, Kanada, Mexiko a Südkorea) gülteg ass.

Fir de franséische President Emmanuel Macron, deen Enn Abrëll zu Washington eng Entrevue virgesinn huet, ass et eng zäitlech begrenzten Ausnam, déi keng Satisfaktioun bréngt. Zu Bréissel huet een allerdéngs Géigemoossnamen am Tirang leien, déi séier agesat kënne ginn. Et gëtt dann och nees drun erënnert, datt een en Handelskrich net ka gewannen.

Strategie an Taktik bestëmmen den Handelskrich

Op enger drëtter Front gëtt sech déif an d‘Ae gekuckt. Um Freideg huet den Donald Trump matgedeelt, datt sech Washington an Seoul ganz no stinn, an den Handelsaccord „KorUs“ kuerzfristeg kéint zum Ofschloss bruecht ginn. Den US-President huet wéi gewinnt vun engem „formidabelen Accord mat engem formidabelen Alliéierte“ geschwat.

Dëst Handelsofkommes hat sech d‘US-Administratioun schonn am Juli 2017 op d‘Dagesuerdnung gesat. D‘USA waren der Meenung datt den Accord aus dem Joer 2012, den Handel tëscht béide Länner an d‘Ongläichgewiicht bruecht hätt. Woubäi et richteg ass, datt den Handelsdefizit mat Seoul zolidd zougeholl huet.

„Mir hu vill Handelsaccorden (…) a vill Länner verhandelen elo ausgeglache Verträg mat eis aus“, esou den Donald Trump. „Datt zum Deel, ganz éierlech, dem Fait geschëlt, datt mir eng Tarifikatioun um Stol an um Aluminium hunn“. Esou d‘Argumentatioun mat där den „taktesche Protektionismus“ soll gerechtfäerdegt ginn.

Ofgesi vum Handelsaccord „KorUs“, steet och de Fräihandelsaccord NAFTA, deen d‘USA mat Kanada a Mexiko geschloss hunn, zur Debatte. De staarke Mann aus dem Wäissen Haus wëll NAFTA onbedéngt nei verhandelen, wat awer bei de „Partner“ fir schlecht Stëmmung suergt.

Dat ganzt „Virspill“ zu engem handfesten Handelskrich dréckt schwéier op d‘Finanzmäert. D‘Bourssen a China hunn e Verloscht tëscht 2,45% a 4,49% missen hinhuelen, Tokyo huet och ee Minus vu 4,51% verzeechent, Frankfurt mellt eng Chute vun 1,77%, Paräis nach 1,39%, a London zitt sech mat engem Minus vun 0,44% am beschten aus der Affär.

mam Patrick Baert an dem Jean-Louis Doublet/AFP

Related topics China, EU, Handelskrich, KorUs, NAFTA, USA
Next post Previous post