Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
Money Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?
Money Neiegkeeten

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

D’Geschäfter an eise Stied hunn et ëmmer mi schwéier, hier

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington
Money Neiegkeeten

Nordkorea: Moskau net op der Linn vu Washington

Um Donneschdeg hunn d‘USA hiren Drock op China erneiert, fir

money

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem sozialen Ausschloss“ virgeluecht, an deem eng ganz Rei Moossnamen a Léisungsvirschléi enthale sinn. Dat kann déi verwonneren, wou op den éischte Bléck net erkenne wéi eng Roll d‘Handelskummer hei spillt.

A senger Aféierung huet den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, drop higewisen, datt d‘Fro vun den Ongläichheeten an dem sozialen Ausschloss sech zum Häerzstéck vum sozialen Dialog entwéckelt huet. Et wier wichteg, déi sozial Kohäsioun ze erhalen, an dofir ze Suerg ze droen, datt déi gréisst méiglech Unzuel vu Mënschen, vum sozioekonomesche Modell profitéiert.

D‘Analys, eigentlech e Bericht vun 186 Säiten, dréit den Titel „Pauvreté: de la juste mesure aux mesures appropriées“. Interessant, dës Publikatioun huet d‘Vokatioun all déi ënnerschiddlech Ursaache vun der Aarmut zu Lëtzebuerg ze beliichten. Et lount sech also méi genee hinzekucken.

Esou hält dÄanalys fest, datt den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg mat 18,7% zwar am europäeschen Duerchschnëtt läit, déi sougenannten „Aarmutsgrenz“ mat 20.291 Euro/Joer awer déi héchst an der Unioun ass. D‘Haaptursaach läit beim Logement, fir deen ëmmer méi Menage bis zu 40% vum Akommes opwanne mussen. 2012 waren nach 20% vun de Menage betraff, 2018 waren et 30%.

Esou gutt lieft et sech net zu Lëtzebuerg

Erféiere sollt een bei der Feststellung, datt déck d‘Hallschent vun de jonken Erwuessenen (18 bis 34 Joer) zu Lëtzebuerg nach bei den Eltere wunnen. Seele well et e Choix wier, awer ëmmer ëfters well et net anescht ze bewierkstellegen ass. Dat dréckt och op d‘Attraktivitéit vum Standuert.

De Carlo Thelen weist allerdéngs och drop hin, datt de Logement net deen eenzege Problem vum Land ass. Esou géif et och an de Beräicher Bildung a Formatioun zolidd Nohuelbedarf. An dat grad oder besonnesch um Niveau vun der Gläichstellung, der Chancëgläichheet an/oder der Inclusioun.

Wien spezifesch am stäerkste vun der Aarmut an/oder dem Aarmutsrisiko betraff ass, geet och aus der Analys ervir. Als éischt wieren do d‘Kanner vun Eltere mat Migratiounshannergrond an/oder schwaacher Bildung, gefollegt vun Elengerzéienden an Chômeuren. Trotz dëser Erkenntnis, gesäit den Direkter vun der Handelskummer kee seriéise soziale Broch an der Gesellschaft.

Fir dëse Broch ze verhënneren an de Risiko vun der Aarmut zu Lëtzebuerg zréckzedréinen, schléit d‘Handelskummer vir, déi verschidde sozial Hëllefen an/oder Moossname méi Selektiv anzesetzen. D‘Hëllef soll besser cibléiert ginn. Gemengt ass, datt ee just kritt wat een och wierklech brauch.

Méi Loun ass net d‘Léisung

Dogéint soll et e bessere Schutz fir déi Selbstänneg ginn, an och d‘Fiskalitéit oder d‘Cotisatiounen, grad ewéi performant Mesure fir d‘Reintegratioun vum Aarbechtsmaart, wiere Beräicher déi ee méi a besser berécksiichtege muss. Dat heescht awer net, datt den Direkter vun der Handelskummer elo iwwert d‘Mindestlounerhéijung oder d‘Hausse vum REVIS erfreet wier. Et gëtt jo awer Limitten…

Fir de Carlo Thelen ass eng Erhéijung vu Mindestloun a REVIS keng effizient Léisung, an et wier esouguer kontraproduktiv, well et verhënnert datt Mënsche mat niddreger Qualifikatioun agestallt ginn. Hie setzt op eng geziilte Sozialhëllef, Formatioun (besonnesch am digitalen) a Weiderbildung.

Am Kontext vum Logement schéngt een op der Handelskummer och net iwwerzeegt ze sinn, datt Subventiounen oder soss Hëllefen deem ganzen notzen. Hei misst op d‘Offer agewierkt ginn, also méi gebaut ginn, natierlech och Sozialwunnengen. Hie vergësst awer, datt et ganz oft déi sinn, wou de niddregste Loun bezuelen, wou als Proprietär och den héchste Loyer verlaangen…

Erlaabt muss och sinn, datt wa sech eng Handelskummer mat Aarmut beschäftegt, dat manner dem Fait geschëlt ass, et hätt een déi sozial Verantwortung entdeckt. Villméi ass et esou, datt wien 40% vum Loun fir d‘Wunnen ausgëtt, vum Konsum Ofstand hëlt. Et geet och hei nëmmen ëm de Profit.

Ähnlech Sujeten Aarmut, Aarmutsbekämpfung, Handelskummer, Logement, sozial Kohäsioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel