Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Money Neiegkeeten

Galerie: Stock Car zu Alzeng

© Martine de Lagardère WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAMotorsport: Stock-Car Meeschterschaft

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis
Money Neiegkeeten

Kanada legaliséiert ab dem 17. Oktober de Cannabis

Konsum a Kultur vum Cannabis ginn ab dem 17. Oktober

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!
Money Neiegkeeten

Internationale Festival vun den Animatiounsfilmer – 5 Lëtzebuerger Wierker mat dobäi!

Vum 10. bis de 15. Juni 2019 fënnt zu Annecy

money

Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?

De gudde Bilan vun 2018 a wat ee sech virgeholl huet bis 2025

Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?

En Dënschdeg huet d‘Handelskummer, déi zum Acteur vun der wirtschaftlecher Entwécklung vun de Lëtzebuerger Entreprise opsteige wëll, d‘Resultater an d‘Aktivitéite vun 2018 nach emol Revue passéiere gelooss. Iwwert d‘Zukunft ënnert der Presidence vum Luc Frieden, gouf och geschwat.

De Michel Würth, deem seng Presidence op en Enn gaangen ass, huet de Staf un de fréiere CSV-Finanzminister Luc Frieden weidergereecht, an et dierf ee betounen, datt esou frou ee sollt sinn, datt hien net Premierminister ginn ass, esou traureg dierf een iwwert säin neit Mandat sinn. An dat net spezifesch, well hien an esou ville Virstänn sëtzt datt se net all opzeziele sinn, mee hien eng Wirtschaftspolitik no amerikaneschem Modell bedreift a fir eng neoliberal Ekonomie antrëtt.

Bei der Presentatioun vum Bilan war och de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) uwiesend, dee grouss Erwaardungen un de Bilan hat. Dëse kann sech dann och weisen an den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, huet ee strammen op 12 Schlësselpunkte reduzéierte Bilan mat vill Engagement virgeluecht. Zu 300 Gesetzprojeten huet d‘Handelskummer en Avis ofginn, all Dag kommen eng 200 Leit an eng Formatioun an iwwer 9.000 Betriber si „berode“ ginn.

Si maachen hiert bescht

D‘Haus vun de Start-ups gouf gegrënnt an vill Aktivitéite gouf et am Kontext vun der Aféierung vum neien Dateschutzgesetz (GDPR). Datt et d‘Zil vun der Handelskummer ass, vun der klengster bis zur gréisster Entreprise, all eenzel Firma ze ënnerstëtzen, ass eng rhetoresch Ausso. 90.000 Entreprise gëtt et zu Lëtzebuerg an déi géifen, esou den Direkter vun der Handelskummer, fir 90% vum BIP geruedstoen. Et gouf net betount, datt zemools déi gréisst, dofir kaum Steiere bezuelen.

Eise Mëttelstandsminister, dee sécherlech wéineg Interessi drun huet sech mat sengem Parteikolleg a fréieren Direkter vun der Handelskummer, Pierre Gramegna, unzeleeën, huet vill Luef fir dës Institutioun iwwreg gehat a sech op déi virdeelhaft Punkte bezunn. Esou konnt de Lex Delles ervirhiewen, datt am Kontext vun der „Faillite-Preventioun“ vill Pionéieraarbecht geleescht ginn ass an ee sech um Ministère op d‘Mataarbecht beim 5. PME-Plang riseg freet. Ma dann awer lass…

Eng Strategie fir d‘Zukunft

De Luc Frieden, eng sougenannt gro Eminenz vun der nationaler Wirtschaft, huet betount, datt ee sech an der Handelskummer elo op d‘Strategie „2025“ konzentréiert. Déi berout op dräi Sailen: Bildung, Globaliséierung an Digitaliséierung. Him geet et drëms, datt d‘Handelskummer an déi politesch verantwortlech sech no Talenter ëmkucken an dofir d‘Attraktivitéit muss verbessert ginn. Et ass jo och richteg, datt et den Ament mat der qualifizéierter Aarbechtskraaft net wäit hir ass.

Datt d‘Handelskummer Vertriedungen am Ausland brauch ass incontestabel an zu Berlin, Bréissel a Paräis gëtt et jo och schonn eng. Elo soll et, trotz Brexit an politeschem Chaos, och eng zu London ginn. Hei ass just ze hoffen, datt eréischt Goss an de Grapp geholl gëtt, wann zumindest ersiichtlech ass, datt et nach Sënn mécht. Hien hält och grouss Stécker op déi nei Technologien: Blockchain, Robotik a kënschtlech Intelligenz, mee och de Wirtschaftsraum „Weltall“ hunn him et ugedoen.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Blian 2018, Carlo Thelen, Handelskummer, Lex Delles, Luc Frieden
Nächsten Artikel Virrechten Artikel