Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?
bryce alford dating https://moien.lu/27-year-old-woman-dating-24-year-old-man/

https://moien.lu/am-i-missing-out-by-not-dating/

Bei déi Lénk ass de Sujet „Aarmutsbekämpfung“ deel vum Programm.

https://moien.lu/southern-gentleman-dating/
bryce alford dating https://moien.lu/27-year-old-woman-dating-24-year-old-man/

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13

De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d‘EU-Urheberrechtsdirektiv,

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy
bryce alford dating https://moien.lu/27-year-old-woman-dating-24-year-old-man/

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy

Gutt en halleft Joerhonnert no senger Grënnung huet déi legendär

dislike

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der Handelskummer, géint eng Erhéijung vum Mindestloun op d’Barrikaden. Eng Erhéijung vum Mindestloun géif déi Lëtzebuerger Entreprisë wirtschaftlech benodeelegen. Et wier zudeem eng Mesure, déi d’Schafe vun neien Aarbechtsplaze géif verhënneren. Dat wier besonnesch schlecht fir Mënsche mat niddreger Qualifikatioun.

Mee d’Fro vum „Mindestloun“ ass e Sujet deen zu Lëtzebuerg net nëmmen um Comptoir héich aktuell ass. Nach am Dezember hat den OGBL eng Fuerderung vu +10% an de Raum gestallt, an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) gesäit den Usproch als gerechtfäerdegt un. Eng Siicht déi net vum Premierminister Xavier Bettel gedeelt gëtt.

Eng Erhéijung vum Mindestloun wier net am Koalitiounsprogramm virgesinn an esou och net op der Dagesuerdnung, hat de Premier Mëtt Dezember no enger Sëtzung vum Regierungsrot matgedeelt. Wann de Mindestloun elo näischt méi mat der lafender Legislaturperiod ze di wäert hunn, esou dierft de Sujet, nieft dem Logement, awer bei de Chamberwahlen „Gewiicht“ kréien.

Fir den Direkter vun der Handelskummer – deen a sengem Blog de Sujet mam Titel „Eng Erhéijung vum Mindestloun ass e vergëfte Kaddo fir déi kleng Menagen“ ugeet – wier et gutt gemengt ze fuerderen, datt d’Salariat um Fouss vun der Leeder sollt besser fir seng Aarbecht bezuelt ginn, mee kéint derzou féieren, datt d’Aarmut sech verbreet.

Als Grond gëtt de Carlo Thelen un, datt d’Erhéijung vum Mindestloun, op enger „onvollstänneger Analys vun de Mechanismen déi op d’Ongläichheet an d’Aarmut vu Lëtzebuerg an dem ewechloosse vum Virrang vun den Entreprise beim schafe vum Räichtum fir jidderee, berout“. Dobäi sollt déi gutt konjunkturell Situatioun, och de Bezéier vum Mindestloun entgéint kommen.

E staatlech subventionéiert Salariat

Mee dat gesäit den Direkter vun der Handelskummer anescht. Ugesicht der Tatsaach, datt de Staat mat ville Mesuren (Steierkredit a sozial Transferten) déi kleng Menagen ënnerstëtzt, wier séchergestallt, datt all Salarié mam Mindestloun (1.727 Euro netto) en däitlech méi héicht Akommes hätt, an esou iwwert der Aarmutsgrenz géif leien.

De Carlo Thelen réit dann och zur Virsiicht, besonnesch wann een sech op den Indikator vum Aarmutsrisiko berifft. En Instrument dat net déi absolut Aarmut géif bemoossen, mee just géif Opschloss iwwert d’Ongläichheet beim Akommes bannent enger Gesellschaft ginn. Géif ee sech dem Indikator unhuelen, da wieren zu Lëtzebuerg méi Leit dem Aarmutsrisiko ausgesat wéi an Ungarn.

Elo Ungarn mat Lëtzebuerg ze vergläichen, ass wéi de Verglach vun Äppel a Bieren: ëmmerhi läit d’Aarmutsgrenz an Ungarn bei 238 Euro, woubäi zu Lëtzebuerg de Niveau op 1.689 Euro festgeluecht ginn ass. De Mindestloun an Ungarn läit iwwregens bei 344,24 Euro. Am ganze Balkan (ausser Slowenien 783,66 Euro) läit de Mindestloun ënner 400 Euro.

Den Direkter vun der Handelskummer verlaangt natierlech net datt de Mindestloun erofgesat soll ginn, mee ass der Meenung, dat den Aarmutsrisiko kéint klamme wann an den nächste Joren nei Aarbechtsplaze mat héijer Plusvalue entstinn. Aarbechtsplazen déi d’Zil vun der aktueller Wirtschaftspolitik sinn, am Kontext vum „qualitative Wuesstem“.

Hien ass dann och iwwerzeegt, datt eng Erhéijung vum Mindestloun keen Impakt op d’Lag vun eisen „Aarmen“ hätt. Wann een also d’Aarmut wëll bekämpfen, sollt een de Chômeuren eng Aarbechtsplaz besuergen, Elengerzéier geziilt hëllefen a méi Wunnenge bauen. Eng Erhéijung vum Mindestloun géif de Logementsproblem vu Lëtzebuerg net léisen, mengt de Carlo Thelen.

Konkurrenzfäeg bleiwen

D’Erhéijung vum Mindestloun géif sech och negativ op d’Konkurrenzfäegkeet vun de Lëtzebuerger Entreprisen auswierken, an dozou féieren, datt manner Aarbechtsplaze geschafe ginn. Verléierer bei esou enger Operatioun wieren an éischter Linn all déi mat enger niddreger Qualifikatioun. Woubäi et d’ADEM ass, déi drop higewisen huet, datt grad si vum „Opschwong“ profitéieren.

An awer behaapt sech de Carlo Thelen drop, datt eng Erhéijung vum Mindestloun net d’Kafkraaft vun de Menage géif stäerken. Et géif eenzeg dozou féieren, datt Entreprisen a schlecht Dicher geroden an Aarbechtsplaze verluer ginn. Entreprise vun deenen awer erwaart gëtt, datt se Leit sollen astellen…

Hie stellt dann och kloer: „D’Erhéijung vum Mindestloun riskéiert sech géint déi ze wenne fir deen e geduecht ass, also déi kleng Menagen“. Si wieren et, déi d’Konsequenze vun enger kontraproduktiver Moossnam am Kampf géint d’Aarmut ze droen hätten. D’Konkurrenz ass „global“ an héich Personalkäschte sinn eben einfach schlecht fir d’Geschäft.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, Handelskummer, Mindestloun, Nicolas Schmit, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel