Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen!

Mat sengem Bestoe vun zwee Joer ass dësen Aktiounsdag nach

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch
Neiegkeeten

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

Déi Lëtzebuerger Lacrosse-Ekipp aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn
Neiegkeeten

Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn

Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch

D‘Handelskummer informéiert (Update)

D‘Handelskummer informéiert (Update)

Am Zesummenhalt mat den Richtlinne vum Regierungsrot bei der Aféierung vun enger Strategie fir den Deconfinement anzeleeden, dat ënnert de Berécksiichtegung vun der ëffentlecher Gesondheet an de wirtschaftlechen Aspekter, gi Masken un d‘Betriber am Land ausginn.

Déi gratis Ausgab vu Schutzmasken un de‘Entreprisen zu Lëtzebuerg gëtt zesumme vun der Regierung, der Handelskummer an anere Partner, op der Basis vu fënnef Maske pro Mataarbechter, organiséiert.

Déi physesch Distributioun vun de Maske gëtt iwwert d‘Netzwierk vu POST Lëtzebuerg wéi follegt virgeholl:

  • Entreprise mat 50 oder méi Salariéeën, kréien dës Masken an der Direktzoustellung (per Post) esou séier wéi méiglech virgeholl;
  • Entreprise mat manner wéi 50 Salariéeën, kréin an den nächsten Deeg e Bréif vun der CCSS, mat der Informatioun zur Unzuel vun de Masken, déi hinnen zur Verfügung gestallt ginn. Dës Entreprise kënnen dann, ënner Virlag vum genannte Bréif (oder Sammelpunkt) an deem genannte Büro oder Sammelpunkt entgéintgeholl ginn.

D‘Entreprise si gebueden, net d‘Hëllefsnummere vun der Regierung an/oder der Handelskummer ze sollicitéieren, fir Detailer zur Liwwerung vun hirem Saz Maske gewuer ze ginn. Déi concernéiert Servicer schaffen den Ament Hand an Hand, fir eng méiglechst zäitno Zoustellung ze garantéieren.

(Update)

Déi Entreprisen déi hir Masken oder de Bréif vun der CCSS bis muer Dënschdeg den 21. Abrëll net sollten erhalen hunn, kënnen sech un d‘Helpline vun der Handelskummer 43 39 39 445 oder per e-Mail un covid19@houseofentrepreneuship.lu adresséieren. Weider Informatiounen am Bezuch op d‘Hëllefsmoossname stinn um Site www.cc.lu/covid19/,

Zur Erënnerung: d‘Schutzmossnamen esou wéi am groussherzogleche Reglement vum 17. Abrëll 2020 festgehale gesi vir, datt eng Gesiichtsmask oder all aneren Dispositiv, deen et erlaabt d‘Nues an de Mond ze bedecken, esouwuel am ëffentlechen Transport esou wéi och op all Plaz, wou Leit sech begéinen (Geschäfter, Verwaltungen, etc.) obligatoresch ass.

Dat gëllt och fir all Aktivitéiten oder Déngschtleeschtungen, déi entspriechend en Artikelen 1, 2 a 4 zougelooss sinn, wann ee Sécherheetsofstand vu mindestens zwee Meter net kann agehale ginn. Et ka sektoriell zu verschäerften Dispositioune kommen. Dës Obligatioun bezitt sech net op Persounen déi zesumme Wunnen, esoulaang wéi se net mat Drëtten a Kontakt kommen.

Matgedeelt vun der Handelskummer, fräi aus dem engleschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Vera Davidova / unsplash

Ähnlech Sujeten Chambre de Commerce, Handelskummer, Post Lëtzebuerg, Regierungsrot, Schutzmasken
Nächsten Artikel Virrechten Artikel