Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen
Money Neiegkeeten Stories

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen

Déi europäesch Unioun huet dësen éischte Sommet mat der arabescher

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung
Money Neiegkeeten Stories

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung

An engem Communiqué informéieren déi Gréng iwwer den Invesitiounsprogamm, och

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt
Money Neiegkeeten Stories

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt

D‘Flemm mat der Politik hunn, esou kéint ee mengen, net

money

D’Chambre de Commerce iwwerhëlt Key Job S.A fir den digitalen Iwwergank vun der Entreprise ze ënnerstëtzen.

D'Handelskummer huet d'Grondkapital vu Key Job S.A iwwerholl. Dëst ass eng op IT-Schoulunge spezialiséiert lëtzebuergesch Entreprise.

D’Chambre de Commerce iwwerhëlt Key Job S.A fir den digitalen Iwwergank vun der Entreprise ze ënnerstëtzen.

D’Zil ass all lëtzebuergescher Entreprise eng verbessert Ënnerstëtzung unzebidden, fir datt se den digitalen Iwwergank erfollegräich meeschteren, andeems se d’Fäegkeet erwerben, déi fir déi digital Transformatioun vun hiren Aktivitéiten a Prozesser néideg ass.

Den Ausbildungsprogramm vum House of Training, dat am Joer 2015 vun der Handelskummer an dem Verband vun de Banken a Bänker (ABBL) lancéiert gouf ass soumat ofgeschloss.

De Fernand Ernster, Vizepresident vun der Handelskummer a Co-Präsident vum House of Training begréisst d’Iwwernam vu Key Job S.A.: “D’Gesondheetskris zwéngt Entreprisen dozou hier Aarbechtsofleef schnell a radikal ze veränneren an deckt gläichzäiteg IT-Schwaachstellen op, déi virun allem PME betreffen, well si vernoléissegt hunn an den digitalen Iwwergank ze investéieren. Duerch d’Iwwernam kann d’House of Training d’Ëmsetzung vun der berufflecher Weiderbildung beschleunegen, fir den Entreprisen an hire Mataarbechter bei der Entwécklung vun hiren digitale Fäegkeeten ze hëllefen”.

“Duerch d’Fachwësse vu Key Job wäerte mir eis Formatiounen esou entwéckelen, datt se un d’Bedürfnisser vun Entreprisen am digitale Beräich ugepasst ginn an unerkannt Bewäertung an Zertifizéierung fir IT-Kenntnisser hunn”, füügt d’Valerie Massin, Vizepresidentin vun der Handelskummer a Presidentin vun der Ausbildungskommissioun bäi.

  • Key Job gouf den 1 Mäerz 1987 gegrënnt an ass soumat säit méi ewéi 30 Joer zu Lëtzebuerg present – a besonnesch bekannt fir seng Computerausbildung. An a jéngere Zäit och am Beräich vun der perséinlecher Entwécklung.
  • Key Job wäert weiderhin ënnert där Mark täteg sinn a bitt eng Rei vu Produkter un, déi vun traditionelle Couren zur Büroautomatiséierung bis hin zu technesche Couren op héijem Niveau reechen.
  • Key Job huet méi ewéi 10000 Schüler pro Joer an huet en Joresëmsaz vu ronn 3 Milliounen Euro. Si beschäftegen 30 Mataarbechter.

Duerch d’Fusioun vun der Beruffsformatiounsorganisatioun an dem Verband vun de Banken a Bänker (ABBL) ass dëst Ausbildungshaus e wichtegen Acteur op dem Gebitt vun der berufflecher Weiderbildung a Lëtzebuerg. Si hunn bis zu 25.000 Umeldunge pro Joer. Si offréieren eng breet Palette u Weiderbildungscoursen a verschiddene Branchen a Beräicher.

“D’Offer vu Key Job S.A ergänzt sech perfekt mat deem vum House of Training, dat wäert em erméiglechen seng Offeren a berufflecher Weiderbildung an digitale Beräich ze erweideren, fir Entreprisen a besser ze ënnerstëtzen. A ganz besonnesch dem PME um Wee zum digitalen Iwwergank. Dat Läscht ass de Grondstee fir Wettbewerbsfäegkeet an den zukünftegen Erfolleg vun Entreprisen”, erkläert de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskummer.

“D’Handelskummer an d’House of Training sinn déi ideal Partner fir d’Opnam vun onsen Aktivitéiten, well si net nëmmen déi selwecht Wäerter ewéi Qualitéit, Orientéierung vum Client, Effizienz an Exzellenz mat eis deelen, mä och déi selwecht strategesch Visioun a laangfristeg Ambitiounen hunn”, gratuléieren d’Danièle Janssens-Crokaerts an den Etienne Reeners, den derzäitegen Aktionäre vu Key Job S.A.

“Ech freeë mech, datt d’Madamm Janssens-Crokaerts an den Etienne Reeners acceptéiert hunn, eis beim Iwwergang a bis zur Opnam vun dem Aktivitéite vu Key Job S.A. ze begleeden. Et ass eng Win-Win Situatioun fir déi zwou Säiten. D’Handelskummer kann esou d’Offer vum House of Training am Hibléck op Digitaliséierung vun Entreprisen erweideren an de Bierger vum Staat zougänglech maachen a Key Job kann d’Kommunikatioun a Marketingënnerstetzungen notzen. D‘Acquisitioun wäert a Kontinuitéit duerchgefouert ginn”, schléisst de Marc Wagener, Ausbildungsleeder vun der Handelskummer

Foto: (sëtzend v.l.n.r.) Carlo Thelen, CEO vun der Handelskummer; Fernand Ernster, Vizepresident vun der Handelskummer; Etienne Reeners an Danièle Janssens-Crokaerts, Key Job S.A. – (stoend v.l.n.r.) Muriel Morbé, CEO vum House of Training; Marc Wagener, Direkter vum Service Formatioun vun der Handelskummer. © Chambre de Commerce du Luxembourg

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Handelskummer, House of Training, Key Job
Nächsten Artikel Virrechten Artikel