Search

You may also like

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk
Neiegkeeten

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha
Neiegkeeten

What the Fakt – Da Da Da Aha Aha Aha

Wien elo denkt, datt déi vun der Moien-Redaktioun se net

Vereedegung vun engem Beruffsoffizéier (27.07.2020)
Neiegkeeten

Vereedegung vun engem Beruffsoffizéier (27.07.2020)

Gëschter huet de Verdeedegungsminister François Bausch e Beruffsoffizéier aus der

D‘Handelskummer huet Recommandatioune fir den Nutriscore

D‘Handelskummer huet Recommandatioune fir den Nutriscore

Leschten Donneschdeg huet d‘Handelskummer hiren Avis zum groussherzogleche Reglement am Bezuch op d‘Aféierung vun engem Nutriscore zu Lëtzebuerg ofginn. D‘Regierung huet sech jo virgeholl, datt an Zukunft – allerdéngs op fräiwëlleger Basis – op de Liewensmëttelverpackungen en Etiquettage soll virgeholl ginn, unhand deem de Konsument soll besser iwwert den energetesche Wäert vum Produkt informéiert ginn.

Säitens der Handelskummer ass een net dergéint, an de System „Nutriscore“ wéi en am Frankräich Uwennung fënnt, schéngt den adaptéiertsten ze sinn. Et ginn awer eng Rei Recommandatiounen ënnerbreet, fir den Entreprisen d‘Aféierung schmackhaft ze maachen, an d‘Versteesdemech vun de Konsumenten ze verbesseren. Am Frankräich 2017 agefouert ass dee mëttlerweil och bei eisen däitschen a belschen Noperen ugeholl ginn.

Et wier jo och sënnvoll, esou d‘Handelskummer, datt d‘Regierung sengen Ziler am Kontext vun der ëffentlecher Gesondheet géif gerecht ginn. Déi huet sech bekanntlech virgeholl, eppes géint déi vill Krankheeten – Obesitéit, Häerz-Kreeslaferkrankungen an Diabetis – ze ënnerhuelen. Ausdrécklech begréisst, gëtt de Fait, datt den Etiquettage op fräiwëlleger Basis soll stattfannen, a kengem esou opgezwonge gëtt. Et ass jo och mat Käschte verbonnen.

An dësem Kontext schléit d‘Handelskummer dann och vir, datt een den Entreprisen – besonnesch de méi klengen – déi dësen Etiquettage op hire Produkter aféiere wëllen, eng finanziell Hëllef sollt bewëllegt ginn. Esou eng Mesure ëmzesetzen hätt jo schliisslech säi Präis. Wann ee wuel sollt dierfen dovunner ausgoen, datt d‘Méikäschte beim Etiquettage elo net de gréisste Problem sinn, esou muss den Nutriscore jo och ausgerechent ginn.

Nieft engem finanziellen Encouragement, verlaangt d‘Handelskummer awer och vun der Regierung eng ëmfaassend Opklärung an Informatioun fir an un de Konsument. Den Nutriscore soll jo elo och net zu falschen Interpretatioune féieren. Wann den Nutriscore zwar doriwwer Auskunft gëtt, wéi eng Liewensmëttel besser oder schlechter fir d‘Gesondheet sinn, esou informéiert dësen net iwwer déi enthalen Allergenen oder Zousätz.

Den Nutriscore wier zwar eng sënnvoll Informatioun, mee leider net komplett, an dees sollt sech de Konsument scho bewosst sinn. Et gëtt dann nach op déi gutt Initiativ vun eise belschen Noperen higewisen, déi an hir Gesetzgebung d‘Necessitéit agebaut hunn, mat där d‘Entreprisen déi den Nutriscore notzen, den zoustännegen Autoritéiten eng Notifikatioun zoustelle mussen. Esou ee Mechanissem géif zudeem erméiglechen de Succès vum System ze préiwen.

Foto: Bei Delhaize ass et mëttlerweil selbstverständlech, datt den Nutriscore, op de Liewensmëttel déi ënnert hirer Enseigne verkaf ginn, ubruecht ass. © Delhaize

Related topics Gesond iessen, Handelskummer, Konsumenteschutz, Liewensmëttelhandel, Nutriscore
Next post Previous post