Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland
Money Neiegkeeten

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn

G7-Sommet: En klenge Club, grouss Spannungen
Money Neiegkeeten

G7-Sommet: En klenge Club, grouss Spannungen

Vum Handel zum Retour vu Russland an de Club, den

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes
Money Neiegkeeten

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes

D‘Scheedung ass vollzunn, de Brexit ass Geschicht… elo geet et

money

A villen Entreprise geet d‘Angscht ëm

A villen Entreprise geet d‘Angscht ëm

D‘Handelskummer huet mat senge Partner, de Beruffsverbänn/Federatiounen: ABBL, ACA, CLC, FEDIL a HORESCA tëscht dem 8. a 15. Brëll de Memberen ee Sondage gemaach. Aus dësem geet ervir, datt déi meeschten Entreprise méi Angscht virun der Zukunft, wéi virun der Pandemie hunn.

Et geet an éischter Linn ëm d‘Geld, a grad deenen Entreprisen, déi vun der Fermeture – ganz oder och nëmme partiell – betraff sinn, ginn d‘Liquiditéiten aus. Dat fir ze erklären, datt déi direkt Hëllef fir eben d‘Entreprisen net wäit genuch ginn. Eng 2.600 Entreprisen hätte matgemaach, an fir déi meescht (58,5%) ass déi operluechte Fermeture den eigentleche Problem. Fir déi wou d‘Aktivitéit konnten oprecht erhalen, huet sech de Problem mat de reduzéierten Effektiver gestallt.

Weider heescht et, datt grad emol e véierel vun den Entreprisen, déi weider schaffe konnten, massiv op den Homeoffice zréckgegraff hunn. Dat betrëfft an éischter Linn de Finanz- an Assurancësecteur, mee och d‘IT-Entreprisen an Telekommunikatioun. Hei schaffe bis zu 80% vun de Leit am Homeoffice. An allen anere Secteuren, esou de Sondage léich den Télétravail ënner 10%. Dat wëll d‘Aktivitéiten net mam Homeoffice kompatibel wieren. Dat soll jo mat de Reprise besser ginn.

Bei deenen Entreprisen déi weider schaffe konnten hunn 27,3% eng Baisse vum Ëmsaz vu bis zu 20% uginn, 40% hunn Abousse vu bis zu 50% uginn. Bestellungen oder Projeten si suspendéiert ginn, firwat de Betriber elo de Goss ausgeet. 27% vun de Sondéierte ginn un, hir Finanzreserven zum 15. Abrëll opgebraucht ze hunn. Hei ass dann och de Secteur vun der Gastronomie richteg haart getraff. 72% vun de Betriber aus dësem Secteur ginn un, zum 1. Mee guer Geld méi ze hunn.

Regroupéiert een all d‘Secteuren, dann – esou d‘Feststellung vun der Handelskummer – da bréichten d‘Entreprisen am Schnëtt 18.000 Euro/Mount fir iwwert d‘Ronnen ze kommen. Mee et gëtt och där Entreprisen, wou bis zu 350.000 Euro eleng fir de Bestand vun Néite sinn. D‘Mesure vun der Kuerzaarbecht hätt bis ewell verhënnert, datt Leit hu missen entlooss ginn, mee wéi laang dat ka gutt goen, wier net ersiichtlech. Iwwer 50% hunn oder wäerten awer drop zréckgräifen.

Allgemeng sinn d‘Entreprisen der Meenung, datt déi Moossnamen, déi d‘Regierung ergraff huet, net duer gi fir dës Kris ze iwwerwannen. De Secteur vun der Gastronomie, dee jo nach net vun der Reprise betraff ass, deet sech ganz schwéier, an och am Eenzelhandel (Liewensmëttelgeschäfter ausgeschloss) sinn d‘Grenze längst iwwerschratt ginn. An och wann een elo schrëttweis nees mat Schaffe sollt kënnen ufänken, esou gëtt um „Bleift Doheem!“ festgehalen, wat och en Impakt huet.

Wat notzt dat schéinst Geschäft wa d‘Clienten net kommen. Zudeem hu sech bannent dëse puer Wochen och d‘Konsumgewunneschten eppes verännert. Et gëtt nach méi iwwer Internet akaf wéi soss an anscheinend mierken ëmmer méi Mënschen, datt „Manner“ iergendwéi „Méi“ ass. Dat heescht dat och eng progressiv Ouverture, d‘Keesen net wäert an deem Mooss fëllen, wéi et néideg wier. An de Conclusioun fuerdert d‘Handelskummer eng Verlängerung an Erhéijung vun der Hëllef.

Illustratioun: © Tina Bosse / unsplash

Ähnlech Sujeten ABBL, ACA, CLC, Covid19, Fedil, Handelskummer, HORESCA, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel