Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A
Neiegkeeten

Editorial: Pass op… däi Boss huet dech am A

Zanter der Leschter Woch brauchen d‘Entreprise keng Autorisatioun méi, fir

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Prënz Albert säi Projet mat der Royal Albert Hall

Aus roude Steng ass se gebaut, mat Begeeschterung gëtt et

money
Nyuko Asbl geet nei Weeër
Neiegkeeten

Nyuko Asbl geet nei Weeër

Nodeems d‘Nyuko Asbl am August hiren Direkter un de „Luxembourg-City

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen

Mat „Digitaalt Handwierk“ déi numeresch Transitioun packen

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen

Ronn 7.000 Handwierksbetriber gëtt et zu Lëtzebuerg an déi mussen sech der Digitaliséierung vun der Gesellschaft stellen. Wien hei den Uschloss verpasst kënnt a Schwieregkeeten a fir deem entgéintzewierken ass de Kompetenzzenter „Digitaalt Handwierk“ an d‘Liewe geruff ginn. Wat et domatter op sech huet, gouf kierzlech zu Gréiwemaacher an enger Entreprise ausféierlech erkläert.

Den Zenter ass am Partenariat tëscht der Handwierkerfederatioun, de Kompetenzzentre vum Handwierk an dem sektoriellen Institut zur Formatioun vum Bau (IFSB) geschafe ginn. De Michel Reckinger vun Esch-Uelzecht wollt festgestallt hunn, datt ëmmer méi „Prozesser“ an de Betriber eng „numeresch Dimensioun“ erhalen hunn. Woaw, datt engem esou eppes nach „opfält“…

Eppes méi seriéis. Et ass richteg datt een haut als Entreprise net alles op sech luede kann an ee gutt beroden ass numeresch Wirtschaftsmodeller ze entwéckelen, déi sech den interne Prozesser vum Betrib an dem gesetzlech gestréckte Kader upassen. Et geet also net drëms einfach nei Software ze installéieren oder sech e neie Computer ze kafen. Fir unzefänke brauch et eng Konzeptanalys.

Handwierk

De Projet „Digitaalt Handwierk“ ass en Dënschdeg zu Gréiwemaacher an der Firma „Steffen Hoklzbau“ vum Romain Schmit (Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun) a Präsenz vum Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) an dem Professer Marc Ant (Direkter vum Kompetenzzenter „Cdc DigiHW“) virgestallt ginn. © FDA

Den Asaz vun der Informatik soll zudeem jo derzou bäidroen, datt de Geschäftsmodell rentabel ass, an eigentlech sollt een aus dësem Bléckwénkel betruecht, mat dësem Volet ufänke wann ee seng Entreprise grënnt. Hei ass vläicht wichteg drop hinzeweisen, datt déi „Programmer“ a „Methoden“ fir all Entreprise individuell ausgeschafft, firwat et ee Pilotprojet gouf, deen dat validéiere konnt.

Interessanterweis sinn dann nach Video gewise gi vun Entrepreneuren, déi hiert Gléck wuel net faasse konnten et dann awer nach zum Ausdrock bruecht hunn. Un der Methodik wäert weiderhi gefeilt ginn, ëmmerhin ass d‘Informatik e schnellliewege Wirtschaftsberäich, an eng vun de groussen Aufgaben déi dem „Digitaalt Handwierk“ zoukënnt dierft de Suivi mat de Betriber sinn.

De ganze Prozess gëtt natierlech vum Inneministère matgedroen a gefërdert. De Minister Lex Delles huet dann och drun erënnert, datt den Delai fir sech „unzepassen“ enorm kuerz ass, firwat et dann och sënnvoll ass, datt sech den zoustännege Ministère an de Beruffsverband zesummendinn, fir den Entreprisen och wierklech ënnert d‘Äerm ze gräifen an ze ënnerstëtzen.

Illustratioun: Kai Kahl / Pixabay

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Digitalkompetenz, FDA, Handwierk, Handwierkerfederatioun, Lex Delles, Mëttelstandsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel