Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rugby: Power, Teamgeescht an en ovalt Stéck Lieder
Neiegkeeten Stories

https://moien.lu/free-dating-website-winnipeg/

Fraesport ass oft net méi wéi e Randgruppenthema. Och wann

speed dating washington dc african american
Neiegkeeten Stories

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht
Neiegkeeten Stories

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

Wéi ech da gëschter Owend héieren a gelies hunn, datt

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus

Dem Handwierk ginn d‘Aarbechter aus

An der Handwierkerkummer ass et eng Leier déi sech zanter engem Joerzéngt widderhëlt, an et ass net wierklech besser ginn. Gëschter huet de President vun der Handwierkerkummer d‘Zuele vun der leschter Ëmfro zum Besoin un Aarbechtskraaft an den Entreprisë virgeluecht. Déi sinn nawell eppes erschreckend an et kann ee verstoen, datt sech den Onmutt breet mécht.

Sollten dem Tom Oberweis seng virgeluechten Zuele stëmmeg sinn, da géifen dem Handwierk zu Lëtzebuerg an den nächsten 12 Méint 9.400 Leit feelen. Dobäi sinn am Handwierk d‘lescht Joer alles an allem 3.141 nei Aarbechtsplaze bäikomm. Et dierft also zur Erausfuerderung ginn, dem Besoin vu (virsiichteg geschätzten) 9.400 neie Mataarbechter eppes entgéint ze setzen.

A wann een sech keng Léisung aus dem Stee schloe kann, da rifft een no der Politik. Déi misst sech elo abréngen an dem Handwierk déi Instrumenter zur Verfügung stellen, déi et hinnen erméiglecht der Penurie u Handwierker entgéintzewierken. Dat dierft net esou einfach ginn, schliisslech ginn d‘Handwierker bis dato nach net beim Staat ausgebilt an och d‘Kompetenzen hu sech verännert.

Esou brauchen Handwierksbetriber en „neie Profil“. Leit déi sech mat den Erwaardunge vun der energetescher Transitioun an der Digitaliséierung vum Handwierk beschäftegt hunn an hei och déi entspriechend Kompetenzen opweise kënnen. A grad beim Digitalen, e Beräich deen ëmmer nees ervirgehuewe gëtt, wann et ëm d‘Effektivitéit vun der Betribsleeschtung geet, brauch et Kompetenz.

Ee Malheur kënnt seelen eleng

Den Direkter vun der Handwierkerkummer weist och nach drop hin, datt een de strukturelle Wandel net dierf aus den Ae verléieren. Esou gëtt den Tom Wirion ze bedenken, datt an deenen nächsten 10 Joer tëscht 20.000 an 23.000 Salariéeën aus dem Handwierk an d‘Pensioun ginn. Ob een déi all ersetze kann? Zouversiicht gesäit anescht aus, zumindest wann ee sech d‘Alterspyramid ukuckt.

Am Handwierk gëtt et 20.376 Mataarbechter déi tëscht 50 a 60 Joer al sinn, an 2.711 Salariéeë sinn iwwer 60 Joer al. Och déi wäert ee mussen „ersetzen“, woubäi de Besoin am Handwierk stänneg weider klëmmt. Esou heescht et, datt zweedrëttel vun den Handwierksbetriber no den éischte 5 Joer d‘Zuel vun de Mataarbechter verduebelen. Et feelt also fir den Ament net un Aarbecht…

E weidere grousse Problem fir d‘Handwierk ass vun der Politik geschafe ginn. D‘Regierung huet jo entscheet, datt Beruff a Famill besser matenaner mussen harmoniséieren. Dofir ass den Elterecongé jo och zolidd reforméiert ginn, an dat bereet dem Patronat Kappzerbrieches. Net dat d‘Patronen elo géint dës Reform wieren, nee si verlaange just datt et eppes méi Flexibilitéit sollt ginn.

An natierlech sollt een och Versteesdemech hunn, datt e klengen Handwierksbetrib mat bis zu enger hallwer Dose Salariéeën an d‘Schleidere gerode kann, wann dësen direkt op zwee Mataarbechter verzichte muss, well déi an „Elterenzäit“ sinn. Déi Zäitweileg ze ersetze kascht nieft Geld a Nerven, an et muss een jo och emol fir unzefänken en entspriechenden „Ersatz“ fannen.

Attraktiv ass d‘Handwierk och net

Elo kommen zu de betribleche Problemer och nach déi gesellschaftlech Widdregkeeten derzou. Wéi soll een d‘Attraktivitéit vum Handwierk verbesseren, wann et schonn domatter lassgeet, datt een d‘Leit net bis op d‘Aarbechtsplaz kritt, well d‘Mobilitéit am Land an esou engem schlechten Zoustand wier, datt kaum nach ee Bereet ass sech dee ganze Stress unzedoen.

U sech eigentlech e verréckte Constat, an de Tom Wirion, verweist op de Fait, datt et jo grad d‘Zil ass dës Mobilitéit ze verbesseren, firwat awer nees Handwierker brauch, déi d‘Infrastrukture fir e besser Verkéiersfloss entstoen ze loossen. Zudeem mussen d‘Betriber sech hir Mataarbechter ëmmer méi wäit siche goen, well d‘Groussregioun de Besoin net méi ofgedeckt kritt.

E Léisungsusaz gesinn se an der Handwierkerkummer an de ville Refugiéeën a Migranten aus net-EU Länner. Hei missten d‘Konditiounen dës Mënschen an Aarbecht ze brénge gelackert ginn. An och da wier de Problem net behuewen, schliisslech muss een dëse Mënschen och esou eppes wéi en Dach iwwert dem Kapp bidden. Ugesiichts der Logementskris an de Loyeren net einfach.

Mee nëmme lamentéieren ass och net hëllefräich, firwat sech an der Handwierkerkummer eng Rei Saachen iwwerluecht huet, déi der Situatioun sollten entgéintkommen. Esou kann ee sech virstellen, datt et eppes wéi en „Immigratiouns-Pak“ gëtt, an deem e Programm enthalen ass, deen de Bau fir Aarbechtersiidlunge virgesäit. Dat erënnert un d‘Arbed, woubäi d‘Zäiten net déi selwecht sinn…

Wou war d‘Selbstkritik?

Et kann een nach esou gewëllt sinn, den Doleance vun der Handwierkerkummer Rechnung ze droen an awer muss een, wa si et schonn net selwer maachen, och op eegen „Defiziter“ beim Handwierk hiweisen. Wann ee Leit brauch an vun dëse gewësse Kompetenzen erwaart, muss een hinnen och eng entspriechend Offer ënnerbreeden an eventuell bei „Fuerderungen“ eppes méi flexibel sinn.

A wann een e grousse Besoin un Handwierker huet, sollt een eventuell och d‘Ausbildungskritären an d‘Pai vun de Léierbouwe verbesseren. Vläicht wier et och e gutt Saach, jonke Mënschen an der Schoul reell Perspektiven am Handwierk ze weisen. Wann dann och nach gewosst ass, datt Wunnen immens deier ass, muss entweder méi bezuelt ginn oder de bezuelbare Wunnraum geschafe ginn.

D‘Patronen awer bestinn op méi Flexibilitéit, d‘Ofschafe vum Kollektivcongé a generell géif ee sech gäre vun de Kollektivverträg léisen. Wann een elo bemierken dierf, datt Jonker net méi wéi fréier gewerkschaftlech engagéiert sinn, esou sinn déi awer net méi gewëllt sech ausnotzen ze loossen. An Zäite vun der „Vollbeschäftegung“ huet ee schliisslech d‘Qual vun der Wahl.

Zudeem misst een d‘Handwierk och fir d‘Frae méi attraktiv maachen, wat awer fir vill Betriber géif bedeiten, datt si duebel Vestiairen hunn an och de Männer e bessere Beholl missten ofverlaangen. Dat mat de Manéiere schéngt nach realistesch, mee wann et drëms geet Geld an de Grapp ze huelen, da sinn déi meescht Betriber nees an der Zwéckmillchen. Dëse Problem bleift eis also erhalen…

Foto: Säit den 90er Joren ass d‘Handwierk zu Lëtzebuerg onënnerbrach gewuess an huet 2018 bal 7.500 Betriber gezielt, déi 94.758 Leit beschäftegen, dovunner 88.128 Salariéeën. A wann et ee grousse Problem ass, datt sech d‘Betriber versichen d‘Aarbechter ofspensteg ze maachen, esou huet och de Staat e Besoin un Handwierker, an déi erwisenermoosse besser Aarbechtskonditiounen. (Skeeze / Pixabay)

Ähnlech Sujeten Fachaarbechter, Handwierk, Handwierkummer, Tom Oberweis, Tom Wirion
Nächsten Artikel Virrechten Artikel