Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt
International Neiegkeeten

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt

Um vergaangenen Donneschdeg huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!
International Neiegkeeten

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft Dan Kersch

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?
International Neiegkeeten

Alpakaen als Waff fir d’Kriibsfuerschung?

D’Notzdéier aus Peru gesäit net nëmmen immens léif aus, och

Hanoi: Chill-out mam Kim an dem Donald

Vill groussaarteg Iddien, awer (nach) näischt Konkretes

Hanoi: Chill-out mam Kim an dem Donald

Wa se ech dee mächtegste Mann vun der Welt, mat deem ondugensten ënnert den Diktatoren trëfft, sollt ee mengen d‘Welt misst den Otem unhalen. Zwee Staatscheffe vun deenen deen ee méi onberechenbar ass wéi deen aneren, gënnen den Ament e politesche Chill-out zu Hanoi, bei deem et ëm net manner geet, wéi déi atomar Entmilitariséierung vun der koreanescher Hallefinsel.

Den Donald Trump, deem et bei der Grenzmauer zu Mexiko net séier genuch goe kann, ass am Kontext vun der atomarer Bewaffnung vun Nordkorea ewell net méi esou presséiert. En Ofkommes ze verhandelen dat béid Säite guttheesche kënne bréicht nu emol seng Zäit. Den US-President huet awer begréisst, datt Nordkorea säit engem gudde Joer d‘Féiss stëll hält, a seng Tester agestallt huet.

Hanoi

Säi géinteniwwer, de Kim Jong-un, huet nach emol ënnerstrach, datt och säi Land un engem gudde Resultat geleeën ass. Déi ganz Welt géif d‘Gespréicher an der vietnamesescher Haaptstad mat grousser Opmierksamkeet verfollegen, esou de „béise Jong“ vu Pyongyang. Dat war schonn de Fall beim Sommet vu Singapur, just datt et bis ewell wéineg Resultater virzeweise gëtt…

Atomar Liewensversécherung?

Den US-President huet vu ville „groussaartegen Iddien“ geschwat déi d‘Ronn géife maachen, a gemengt: „Wann een eng gutt Bezéiung huet, da passéieren och vill gutt Saachen“. Dat dierf een elo allerdéngs net als Libeserklärung mëssverstoen. Dem Donald Trump geet et nach ëmmer dorëms, d‘Atomwaffen an d‘Rakéite vun Nordkorea lasszeginn, wann och elo net méi iwwer Nuecht.

Et wier zimlech vermooss unzehuelen, datt de Regime vu Pyongyang seng eenzeg iwwerzeegend Liewensversécherung esou „mir näischt, dir näischt“ géif ausrangéieren. Dat erkläert dann och, firwat de Kim Jong-un sech net zu Atom- a Rakéitentester äussere wollt. Hien huet sech dogéint zouversiichtlech gewisen, wat de Verlaf vum Sommet betrëfft, an hofft op e gudden Ofschloss.

Nom Nuechtiesse mam Milliardär, huet de „Marschall vun den Häerzer“ nach ergänzt, datt een déi vergaange Méint nom Sommet vu Singapur domatter verbruecht hätt, an sech ze goen an ugestrengt nozedenken. Et wieren Hürden iwwerwonne ginn, firwat de Kim Jong-un dovunner ausgeet, datt een hei zu Hanoi nach zu engem fir béid Säiten akzeptabelen Accord komme sollt.

Vun deem net esou geschwat gëtt

Am Kontext vum Sommet zu Hanoi tëscht zwee onberechenbare Staatscheffen, ass et interessant festzestellen, datt déi nordkoreanesch (Staats)medien fir déi éischte Kéier zanter dat de Kim Jong-un d‘Muecht ergraff huet, während engem Deplacement vum Diktator iwwert de Verlaf bericht. Verréckt allerdéngs d‘Berichterstattung aus dem wirtschaftlech ruinéierten Nordkorea.

Hanoi

Nodeems den US-President eng Rei Journalisten net beim Nuechtiesse wollt gesinn, well déi sech erlaabt haten eng Fro zum Michael Cohen ze stellen, bezéie mir eis op déi Biller déi an de lokalen Zeitungen ze gesi sinn. © C.Crooks

Op der Staatstëlee – et gëtt och keng aner – si Grouwenaarbechter gewise ginn, déi alleguerte verséchert hunn, hir Ustrengungen ze verdräifachen, fir hire Marschall glécklech ze maachen a bei senger Missioun ze ënnerstëtzen. Aarbechterinnen hu bestätegt Dag a Nuecht un hire Leader ze denken, Kanner stëmme Gesäng zu Éiere vum „gottgläiche“ Papp vun der Natioun un…

Datt d‘USA och wirtschaftlech Interessen un Nordkorea kéinten hunn, kléngt op den éischte Bléck „geckeg“ ass et awer net. Nordkorea verfüügt wéi China, iwwert imminent wäertvoll Ressourcen. An zwar geet et ëm déi „seelen Äerden“ déi vun der moderner Kommunikatiounsindustrie dréngend benéidegt ginn. China wëll seng seelen Äerden selwer verwäerten, firwat Nordkorea gebraucht gëtt.

mat indymedia global

Foto: Den US-President, deen am nordkoreanesche Staatschef e „Frënd“ wëll erkannt hunn, ass elo net méi presséiert déi atomar Ofrëschtung virunzedreiwen, och wann et dat eigentlech Zil fir d‘USA ass. © The White House/MGN

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Donald Trump, Hanoi, Kim Jong-Un, Nordkorea, Vietnam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel