Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport

Als éischt Land vun der Welt wëll déi nei Regierung

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus
Neiegkeeten

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

Elo ass de Moment: D’Broschür fir eng sécher Pensioun!
Neiegkeeten

Elo ass de Moment: D’Broschür fir eng sécher Pensioun!

All Persoun sollt d’Recht op eng sécher Pensioun hunn an

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang

An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der Gewerkschaft ALEBA, zesumme mam OGBL an dem LCGB opgeruff ginn, sech mat hire Kollege vun der gréisster israelescher Bank Hapoalim solidaresch ze weisen.

Dës Bank, déi 1921 als „The Workers Bank Ltd“ (d‘Bank vun den Aarbechter) gegrënnt gouf, huet Enn November op hirem Sëtz zu Lëtzebuerg e Sozialplang ugekënnegt, wat bedeit, datt hei eng 30 Mataarbechter sech elo mussen eng nei Schaff sichen.

Esouwäit esou gutt. Wat elo awer de sprangende Punkt ass, an dat gëtt dann och vun der ALEBA entspriechend ervirgehuewen: op eng honorabel Léisung, wei se vun der Personaldelegatioun ugestrieft ginn ass, huet d‘Direktioun vun der Bank vun den Aarbechter awer keng Loscht drop.

Hapoalim

Op de Ballonen déi vun de Militante lassgelooss goufen, stoung „Sozialplang“. Domatter soll gewise ginn, besonnesch deene Salariéeën aus dem Bankesecteur, déi net „esou“ solidaresch sinn, wéi hir Cheffen dat mam „Sozialplang“ esou gesinn… © Martine de Lagardère/moien.lu

Hapoalim schéngt fest iwwerzeegt dovunner, datt hir Muecht (oder hiert Geld) grouss genuch ass, fir déi eege Virstellunge kompromësslos duerchzesetzen. Dobäi sinn d‘Fuerderunge vun der Personaldelegatioun an der ALEBA alles wéi eben net mat den Hoer erbäigezunn.

Vill vun de betraffene Mataarbechter, déi deels iwwer 30 Joer bei der Bank beschäftegt sinn/waren, sollten, esou d‘Fuerderung, vun hirem Preavis befreit ginn, wat hinne besser Chancen um Aarbechtsmaart géif zousécheren. Mee dat gesäit d‘Direktioun vun Hapoalim anescht.

Eng éischt Sëtzung beim Schlichter um 1. Februar, schéngt elo net zefriddestellend verlaf ze sinn, firwat et dann haut de Mëtteg op 7, Kapellestrooss (Glacis) zu engem Protestpiquet huet misse kommen. Solidaritéit war gefrot, an ass och mat vill Gepäifs demonstréiert ginn.

Net déi eenzeg Bank, bei där d‘Lompe sténken…

D‘ALEBA, den OGBL an den LCGB, maachen dann och drop opmierksam, datt d‘Kausa Hapoalim alles wéi just keen Eenzelfall ass. Am Moment schénge vill Finanzinstituter sech hirem Personal iwwerdrësseg: esou bei der D.A.S. Luxembourg an der Nordea. An et sinn dat net déi lescht…

Op elo de Schlichter déi richteg Wierder fënnt fir déi Hären aus den Direktiounen zu Verstand ze bréngen? Dat ass leider net gewosst, an wéi gesot, déi sinn alles anescht wéi gewëllt novollzéibar a gerechtfäerdegt Fuerderungen unzehuelen.

Nom kuerze Protestpiquet bei der Hapoalim sinn d‘Gewerkschaftler an hir Militanten dann och nach op eng Stippvisitt bei J.Safra Sarasin laanscht gaangen. Hei muss och zolidd ramoueren, an et war een dann um Sëtz och net begeeschtert, firwat ee ganz schnell d‘Rolllueden erofgelooss huet.

Hapoalim

Op eisem Bild waren d‘Rollluede vun J.Safra Sarasin nach „uewen“, dat huet sech awer rapid geännert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Op et dat richtegt Zeechen ass demonstrativ d‘Aen ze verschléissen? Sécher net, an domatter hunn se ganz besonnesch den eegene Mataarbechter dat falscht Signal ginn. Anstatt sech uerdentlech ze behuelen – mee dat hunn se scho bei der Banke-Kris net hikritt – weisen se hiert ellent Gesiicht.

A wien dann elo Hoffnungen op d‘ABBL setzt, a mengt do wieren e puer Vertrieder vum „Banke-Patronat“ déi Wäitsiicht a Verstand hunn, dee wäert béis enttäuscht ginn. Deenen hir eenzeg Funktioun ass et bei der Regierung Lobbyaarbecht ze leeschten, an dat net am Sënn vun de Leit.

Foto: Virum Sëtz vun der Bank Hapoalim, sinn d‘Fuerderungen nach emol däitlech gemaach ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ALEBA, Bank Hapoalim, Bank J.Safra Sarasin, LCGB, SBA-OGBL, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel