Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn
International Neiegkeeten

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot
International Neiegkeeten

Op e Kaffi mam Stater Schäfferot

Emol de Mount, esou d‘Traditioun, trëfft sech d‘Press mam Schäfferot

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60
International Neiegkeeten

Spärungen an der Allerhellgevakanz: CFL-Chantier op der Linn 10 a 60

Fir dem Client uerdentlech Déngschtleeschtunge bidden ze kënnen ass et

Happy Brexit Day

Zu London waren et ee risegt Fest an zu honnerten hu se den Austrëtt zelebréiert

Happy Brexit Day

Déi sougenannte „Brexiteers“ hunn et an der Nuecht kraache gedoen. Si hunn de Brexit zelebréiert an dem Nigel Farage regelrecht un de Lëpse gehaangen, wéi dësen den Austrëtt als déi nei Fräiheet vun der Insel bezeechent huet. Kuerz virdrun hat de Premierminister Boris Johnson an enger Video-Usproch de Britten erkläert, datt d‘Scheedung e groussen Ament vun der Hoffnung fir d‘Leit ass.

Sech manéierlech zréckzezéien, dat war net de Plang dee vill Unhänger vun der Brexit-Partei an dem Nigel Farage – zukünftege Televisiounspresentateur – fir dëse geschichtsträchtegen Dag am Sënn haten. Op de Fändelen (Union Jack) gouf et Sticker mat „Happy Brexit Day“ an aus de Mënner gouf et den Ofgesang op d‘Unioun. Si fillen sech als Gewënner an demonstréieren dat och.

BrexitEt gouf sech dann och ee Spaass dorausser gemaach, den Countdown no der mëtteleuropäescher Zäit (MEZ) auszeriichten, wouduerch d‘Britten, laut eegener Zäitrechnung eigentlech eng Stonn éischter „gaange“ sinn wéi geduecht. Déi vill „Verlängerungen“ si vergiess a virum Parlament zu London, wou d‘Party vun der Initiativ „Leave means leave“ organiséiert gouf, war Stëmmung.

Wann ee fir seng Lige gefeiert gëtt

Et war awer och den Owend vum gréisste Ligener a Populist op der Insel. De populären ex-Politiker (seng politesch Carrière ass mam Austrëtt zu Enn gaangen) Nigel Farage, vun der Brexit-Partei huet eng historesch Ried gehalen an déi nei Fräiheet héichgehalen. Hien huet awer seng Unhänger och gewarnt: nach wier net alles erreecht an et misst een dem Premier ganz genee op d‘Fanger kucken.

Den Nigel Farage, dee sech selwer gären an der Roll vum Boris Johnson gesinn hätt, huet all deene wou sech esou vehement fir de Brexit agesat hunn geroden, elo ganz gutt opzepassen, ob de Chef vun der Regierung dann elo all seng Verspriechen anhält, déi hie fir d‘Zäit no der Scheedung vun der europäescher Unioun ugekënnegt huet. Woubäi dat jo net eleng am BoJo senger Muecht läit.

An de Boris Johnson – nach esou een deen et mat Wourecht net esou genee hëlt – hat sech selwer viru „Mëtternuecht“ an enger Internet-Usproch un d‘Vollek gewannt. Hien huet senge Landsleit erkläert, datt de Brexit Groussbritannien elo d‘Chance bitt, dat vollt Potential vu senger grousser Vergaangenheet, Innovatioun a Wirtschaft an der Welt auszenotzen. Mee einfach géif dat och net.

„Et ass e Moment vun der echter nationaler Erneierung an dem Wandel“, esou de Boris Johnson, deen net verheemlecht huet, datt et nach vill Ustrengunge brauch. Sech vun Europa lass ze soen ass dann och net d‘Enn, mee den Ufank. Säi Job an dee vun der Regierung wier et elo d‘Land nees ze vereenen an no vir ze bréngen. Dozou géif och e frëndschaftlecht Verhältnis mat der EU gehéieren.

Net all d‘Britten si begeeschtert

Um Parliament Square haten sech awer net nëmmen d‘Unhänger vum Austrëtt Rendez-vous ginn, och e gréissere Grupp vu Brexit-Géigner hat sech „agelueden“ an een Ament huet ee gefaart, datt dat ee béist Enn kéint huelen. D’Brexiters hu se „verbal“ dem Ulass an der Stëmmung ugepasst empfaangen. Dat si sech net op d‘Schnëss geschloen hunn, scho bal eppes onverständlech…

BrexitMee dës „Stëmmung“ huet – bis d‘Brexiters nees Iwwerhand haten – virum Parlament och d‘Lag am Land selwer nach emol ënnerstrach. Nach ëmmer ass gutt d‘Hallschent vun de Britte géint den elo a Kraaft getruedenen Austrëtt. Nach eppes méi komplizéiert gëtt et, wann ee sech d‘Insel no de Regiounen ukuckt. D‘Schotten hu bekanntlech annoncéiert den „Empire“ verloossen ze wëllen.

BrexitD‘Schotten an Nord-Iren hate géint de Brexit gestëmmt an och Wales (bis gëschter immens vun den EU-Subventiounen ofhängeg) muss een zu de „Looser“ vun engem op Ligen a populisteschem Gejäiz fundéierte Referendum zielen. Woubäi d‘Jugend et sengerzäit an der Hand hat, fir déi eegen Zukunft anzetrieden. Esou kéint de Brexit an der Finalitéit och dat luest Enn vum Empire bedeiten.

Bréissel wennt sech engem neien Ufank zou

Bei engem gemeinsam Optrëtt huet sech déi europäesch Féierung net op den Austrëtt, mee op déi Zukünfteg „Bezéiung“ mat Groussbritannien konzentréiert. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, den EU-Rotspresident Charles Michel an de President vum EU-Parlament David Sassoli, musse positivéieren, dierfen de Bierger an der Unioun net mat Suergen d‘Laun verdierwen.

Zu den ustoende Verhandlungen tëscht Bréissel a London, mat deenen déi wirtschaftlech, politesch a militäresch Zesummenaarbecht soll aktéiert ginn, heescht et: „Mir ginn an dës Verhandlungen am Geescht, datt al Frënn en neien Ufank sichen“. Blöd awer, datt de Boris Johnson alles wéi ebe just keen alen (a keen neien) Frënd ass, mee e Personnage dee sech bewosst géint Europa gewannt huet.

Si Verloossen sech op de gudde Wëlle vun de Britten, deen zu enger dauerhafter, positiver a sënnvoller Zesummenaarbecht féiere wäert. Esou zumindest hunn et déi dräi an enger „Kolumne“ zum Ausdrock bruecht, déi vu villen europäeschen Zeitungen iwwerholl ginn ass, zum Ausdrock bruecht. Si sinn allerdéngs och eppes selbstkritesch mat dëser Situatioun ëmgaangen.

Brexit

© Glenn Thompson

Groussbritannien ass dat éischt Land – a méiglecherweis net dat lescht – dat déi europäesch Unioun verléisst. Dorausser misst ee Léieren zéien, esou de Bréisseler Trio. Si behaapten dann och, datt sech d‘EU méi ëm d‘Ënnerstëtzung vun den europäesche Bierger beméie muss. Woubäi et jo awer eigentlech ëm méi „Bedeelegung“ a „participativ Demokratie“ vun de Bierger goe sollt.

Fir de franséische President an d‘Scheedung en historescht Alarmsignal an en trauregen Dag. An senger Televisiounsusprooch huet den Emmanuel Macron weider Reforme fir d‘EU gefuerdert, a vergësst dobäi, datt et him net emol usazweis gelénge wëll, d‘Reformen am eegene Land esou ze erklären, datt se vun de Fransouse géifen Zoustëmmung erhalen. Dat ass ee schlechten Omen…

mat indymedia/lon/bru

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Brexit Celebration, EU-Kommissioun, LeaveEU, Nigel Farage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel