Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta
Neiegkeeten

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…
Neiegkeeten

Zäitëmstellung: D‘Lëtzebuerger hunn es genuch domatter…

Et war an ass ee grousse Sujet. D‘EU-Kommissioun wëll se

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
Neiegkeeten

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert

Härebierg: Zaldote gi vereedegt, Zaldote gi geéiert
© Laurent Mehlen/moien.lu

E Freideg goufen um Härebierg 33 nei Zaldoten, déi hir Grondausbildung gepackt hunn, mat enger Zeremonie, a Präsenz vum Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng), vereedegt.

D‘Zeremonie huet mat der Opstellung vun den Zaldoten ugefaangen an ass um 15 Auer mat enger Ried vum Chef d’état-major de l’armée a Kommandant vum Härebierg, Alain Duschène, agelaut ginn. No enger kuerzer Begréissung, sinn d‘Rekrutte vun der 32. Sessioun, déi iwwer 16 Wochen hir Grondausbildung erfollegräich ofgeschloss hunn, felicitéiert.

Si wieren elo en Deel vun der grousser „Famill“ déi d‘Lëtzebuerger Arméi ass. Nom Generol senger Ried, hunn déi „nei“ Zaldoten hiert Verspriechen un de Groussherzog, de Staat an un d‘Arméi geriicht. Dat erleedegt, hunn d‘Zaldoten hir „Kordel“ iwwerreecht kritt, de Beweis dofir, datt si elo als Zaldot hiren Déngscht an enger vun de Kompanien untriede kënnen.

Den Ufank ass gemaach

An dësem Kontext dierf drop higewise ginn, datt d‘Grondausbildung nëmmen den éischte Schratt an der Carrière vun de jonken Zaldoten ass. Et wäerten nach vill Formatiounen a Spezialiséierungen op d‘Jonge a Meedercher duer kommen. Formatiounen déi vill Beräicher ëmfaassen, an d‘Zaldoten op hir Missiounen esou virbereede sollen, egal wouhinner déi se féieren.

No der Usprooch un d‘Rekrutten an hirer Vereedegung, sinn Zaldote geéiert ginn, déi op Missioun waren. Eng Auszeechnung fir hir Professionalitéit an onermiddlechen Asaz fir de Fridden. Geéiert goufen Zaldoten, déi am Afghanistan, Kosovo, Litauen a Mali, d‘Faarwe vun der Lëtzebuerger Arméi héich gehalen a wierdeg vertrueden hunn.

En houfrege Minister

Wann ee schonn un enger Zeremonie deel hëlt, da kann een och e puer Wierder un d‘Zaldote riichten, muss sech de François Bausch geduecht hunn. Esou huet och de Verdeedegungsminister den Zaldote fir den erfollegräichen Ofschloss vun hiren Auslandsmissioune e grousse Luef ausgeschwat an déi 33 Rekrutte fir déi reusséiert Grondausbildung felicitéiert.

De François Bausch huet de Männer iwwert déi zukünfteg Projete vun der Regierung informéiert. Et ass heibäi ëm den Ausbau vun der Arméi an der Kasär vum Härebierg gaangen. Et soll an dëser Legislaturperiod och zu enger Reform vum Arméisgesetz kommen. De Minister huet bestätegt, datt eis Arméi sech och weiderhin un de Missioune vun NATO, UNO an Europa bedeelegt.

Opmaacherfoto & Galerie: © Laurent Mehlen/moien.lu

Ähnlech Sujeten Arméi, Dikkrech, François Bausch, Generol Alain Duschène, Härebierg, Zaldoten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel