Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee
Neiegkeeten

Bestietnes fir jidderee um gudde Wee

UPDATE D’Bestietnes fir jidderee gouf mat 393 Stëmmen dofir an

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz
Neiegkeeten

ADRIɅN – ee Soloprojet mat Häerz

Wann et ëm Musek geet huet och ee klengt Land

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg
Neiegkeeten

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Den Dossier Lycéesreform huet fënnef Joer gebraucht fir endlech an

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?

D’Saison vun den Harespelen – Enn oder Héichpunkt?

Den Héichsummer bedeit fir munch Harespelzorten den Ufank vum Enn vun hirem Vollek. Dës Staate stierwe géint Enn Juli of an hannerloossen uschléissend eidel Näschter. Aner Aarten, déi „typesch“ Harespelen, erreechen dogéint esou lues hiren Héichpunkt. Hir steigend Zuel un Individuen, sou wéi déi sénkend Verfügbarkeet vun Iessen an der Natur loossen den Appetit vun dësen Harespelen op eist Iesse klammen. Wëll hiren Interessi awer primär dem gedeckten Dësch an net eis Mënsche gëllt, zielt beim Besuch virun allem eppes: Bleift roueg!

Mir befannen eis aktuell matten am Héichsummer. Fir Langkopf-Harespelen, Aarten deenen hir friddlech Vëlker sech ënnert anerem duerch fräihängend Näschter kennzeechnen, bedeit dëst schonn d’Enn vum Liewenszyklus. E puer Aarten, esou déi Mëttels Harespel Dolichovespula media, befënnt sech nach an der Reproduktiounsphas un dem sengem Enn d’Geschlechtsdéieren, d’Drogen an déi jonk Kinniginne schlüpfen, wärend aner Aarten, sou wéi déi Sächsesch Harespel Dolichovespula saxonica, sech schonn an der Ofstierfphas befënnt.

Zu dëser Zäit fleien d’Geschlechtsdéieren zum Hochzäitsfluch of, déi al Kinnigin stierft an och d’Aarbechterinnen vum Vollëk wäerten no an no ofstierwen. An dëser Phas kann een och beobachten, wéi déi verbleiwend Aarbechterinnen déi lescht Larven, déi opgrond vu feelender Versuergung stierwen, aus dem Nascht geheien.

D’Vëlker vun der Kuerzkappharespelt, Aarten deenen hir Vëlker sech ënnert anerem duerch verstoppt Näschter an donkelen Huelraim charakteriséieren, sinn dogéint nach voll aktiv. D’Näschter ginn kontinuéierlech ausgebaut an d’Larven mat Insekten (Mécken, Moustiken, Raupen,…) a Spanne gefiddert.

Dës Vëlker vun der Vespula vulgaris/germanica steieren no an no op den Héichpunkt vun hirer Saison hin, deen fir den Ufank vum Héichsummer erreecht gëtt. Zu dësem Zäitpunkt fänken d’Planzen un, sech op den Hierscht anzestellen an esou fannen erwuessen Harespelen an der Natur just nach wéineg Jus mat Kuelenhydrater, sou wéi Nektar oder Hunnegtau fir Energie ze gewannen.

Bis Enn August/Ufank September musse si och d’Larven vun de jonke Kinniginnen an Dronen mat proteinräicher Kascht versuergen, mee och d’Verfügbarkeet un Insekten an der Natur geet lues zeréck. Ab deem Ament bitt eisen gedeckten Dësch a Grillteller eng super Iessquell, fir den Uspréch gerecht ze ginn – déi lästeg Harespelszäit fänkt un.

Harespelen

© Elisabeth Kirsch

Fléien d’Harespelen engem dann opdrénglech ronderëm d’Oueren oder virun den Aen, ass et wichteg roueg ze bleiwen an hektesch Beweegungen ze vermeiden. Och ewechblosen sollt een d’Harespel net, well den CO2 an der Loft en Alarmsignal fir d’Insekten ass. Dat nervös Ronderëmgeflitts ass och an éischter Linn keen Ausdrock vun Aggressivitéit oder Loscht zur Attack, mee déngt der Perceptioun.

Harespele kënne just bei héije Fluchgeschwindegkeete schaarf gesinn. Schliisslech sinn si dorop spezialiséiert hir Affer am Fluch ze fänken. D’Déieren sollen am Beschte roueg mat der Hand weidergeleet ginn.

Fir d’Harespele guer net eréischt un den Iessdësch ze lackelen, soll d’Iessen am Fräien ofgedeckt an d’Reschter ewech geraumt ginn. Hu si nämlech en Erfolleg erlieft, gi si d’Informatiounen un déi aner Harespelen am Nascht virun. Vir sech virum Gepicks ze schützen, sollt een och net direkt aus der Dous oder der Fläsch drénken a virun allem Kanner sollen nom Iessen de Mond an d’Hänn propper maachen.

natur&ëmwelt bitt Opklärung a Berodung am Ëmgang mat Harespelsnäschter, mécht se awer net futti. Dat ass an der Majoritéit vun de Fäll och net noutwenneg a sollt ëmmer de leschten Auswee sinn.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt

Ähnlech Sujeten Diversitéit, Enn, Harespel, Héichpunkt, Honger, Natur, natur&ëmwelt, Reproduktioun, Vollek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel