Covid19 update: Mir halen d‘Kurv flaach
Hisichtlech der Reprise vum Schoulbetrib nächste Méindeg, esou wéi och
Hisichtlech der Reprise vum Schoulbetrib nächste Méindeg, esou wéi och
Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet
Meeschtens stéieren d’Harespelen eréischt am Héichsummer, wa mir gemitterlech mat engem Stéck Taart oder enger Glace dobausse sëtzen. Ma, an dësem Joer ass dat anescht. Aktuell sinn déi meescht Observatioune vun Harespelen op Feldharespelen oder déi zuelräich solitär Harespelen a Beien zeréckzeféieren.
Feldharespelen bilde just kleng Näschter ouni Schiel, a mat de wéinegen Individuen sinn si allgemeng kaum aggressiv. Dës Aarte kommen och spéider net méi un eis Liewensmëttel frupsen. Solitär Beien an Harespelen bilde keng sozial Staaten a weisen dofir iwwerhaapt kee Verdeedegungsverhalen op. Hire Stachel ass zudeem schwaach bis guer net ausgebilt, sou datt si net express picke géifen.
Effektiv wäerten awer an den nächste Wochen ëmmer méi Kinniginnen vu sozialen Aarte versichen hir Näschter ze bauen an ee Vollek ze grënnen. An dësem Zesummenhang gëtt et interessant ze wëssen, datt just 1 vun 10 Individuen dobäi Erfolleg wäert hunn.
Dës weideren stellen eigentlech just 2 vun de 15 zu Lëtzebuerg unzetreffende sozialen Harespelaarten, déi Staate bilden an zesummen an Näschter liewen, ee Konfliktpotential fir de Mënsch duer. Allgemeng sinn si nëtzlech Déieren, déi eng wichteg Roll am Naturhaushalt spillen: Net nëmme bestëbse si Bléien, mee agéieren och als „Gesondheetspolice“.
Donieft joe si Insekten, wat si zu natierleche Schiedlengsbekämpfer mécht. Esou deet een der Natur ee grousse Gefalen, wann een hir Näschter op onproblematesche Plazen toleréiert.
Harespelen benéidegen eng gewëss Routine. Kënne si bestëmmt Mënschen, hir Stëmmen a Gewunnechten, esou musse si net méi esou beonrouegt reagéieren. Sollt sech also net grad een Allergiker am Haus befannen, esou kann een d’Nascht dulden. Doriwwer hinaus ass d’Zerstéieren vun hiren Näschter, vun deene keng direkt Gefor ausgeet, laut Naturschutzgesetz verbueden.
Wëll ee potentielle Problemer aus dem Wee goen, esou sollt ee vun Ufank un d’Usiidlung un ongënschtege Plaze vermeiden. Am Abrëll a Mee, bis Ufank Juni sinn déi meescht Näschter nach am Ufanksstadium. An dëser Phas loosse sech d’Déiercher nach liicht verdreiwen. Et gëtt geroden:
Feldharespel © Jérôme Morbé
Sollt Dir Iech onsécher sinn, Dir Froen hutt oder Hëllef braucht, da stinn déi fräiwëlleg Harespelberoder Iech per Telefon zur Verfügung. Erreeche kënnt Dir si iwwert d’Hotline ënnert der Nummer 621 969 444. Dobäi gitt Dir gebieden ee Message ze hannerloossen, uschléissend kontaktéiert Iech de passende Beroder.
Kontakter vu lokale Beroder kritt Dir zudeem bei Ärer Gemeng, den Naturschutzzentren, an Naturparken oder Biologesche Statiounen.
Donieft huet natur&ëmwelt een Informatiounsflyer zu de verschiddenen Harespelen an dem Verhalen bei Begéinungen erstallt. Dës Broschür fannt Dir online op www.naturemwelt.lu oder zum direkten Download HEI. Wëllt Dir ee physescht Exemplaire, esou kënnt Dir eng Bestellung opginn iwwert d’Telefonsnummer 29 04 04 1 oder per Email ënnert secretariat@naturemwelt.lu.
Opmaacherbild: Feldharespelen © Jérôme Morbé