Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rekordverdächteg Legislaturperiod um Krautmaart
dating in ancient greece Stories

https://moien.lu/dating-in-slc-utah/

Déi (bal) ofgeschlosse Legislaturperiod war villes, mee mat Sécherheet net

best dating advice blogs
dating in ancient greece Stories

OPGEPASST: E. Coli Bakterien am Kéis vum Match!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt a verschiddene

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer
dating in ancient greece Stories

USA: Landeswäite Policeasaz géint illegal Awanderer

Hien hat et annoncéiert an ugeuerdent: den US-President wëll net

Top 5 Filmer mam Harrison Ford, déi s de gesi muss hunn

Top 5 Filmer mam Harrison Ford, déi s de gesi muss hunn

Den Harrison Ford kritt haut seng 75. En zimlech stattlechen Alter – dobäi ass en ëmmer nach gefrot. Dat och, well en a wierklech ikonesche Filmer matgespillt huet. Mir hunn der fënnef eraus gesicht, déi een einfach muss gesinn hunn.

Star Wars Episode V: The Empire Strikes back

Vu villen als dee beschten Star Wars-Film bezeechent ass et gläichzäiteg en Héichpunkt fir de Personnage vum Han Solo. Deen ass och mat ënner dofir verantwortlech, datt den Harrison Ford zum Super Star ginn ass. An mat exzellenten Spréch, flotten Action-Szenen a ganz vill Charisma konnt en seng ganz Palette eriwwer bréngen. Et ass net einfach, onmoralesch a gläichzäiteg charmant ze sinn, mee hei ass em déi Meeschterleeschtung gutt gelongen.

Indiana Jones: Raiders of the Lost Ark

Et kéint ee vill Zäit domadder verbréngen, dee beschten Indiana Jones Film auszesichen (ganz am Géigesaz zum schlechtsten, déi Decisioun fält a Sekonnen). Mee Raiders of the Lost Ark weist am beschten, wéi den Harrison Ford den sympatheschen an athleteschen Indiana Jones verkierpert. An eleng vum Pacing hir ass de Film ëmmer nach absolut kuckenswäert.

Air Force One

Déi mannsten Akteure kënne behaapten, datt se de President vun de Vereenegte Staate gespillt hunn. Mee den Harrison Ford kann zousätzlech soen, datt en et mat enger gewëssener Glafwierdegkeet eriwwer bruecht huet. Am actionräichen Air Force One muss en sech géint russesch Terroristen am bekanntste Fliger vun der Welt behaapten.

The Fugitive

Wuel een vun deenen ikonechste Filmer vun den 90er Joren. Den Harrison Ford spillt den Dokter Richard Kimble, deen op der Flucht ass a probéiert de wirkleche Märder vu sénger Fra ze fannen. Säi Géigespiller gëtt vum Tommy Lee Jones gespillt. E Film, deen haut ëmmer nach spannend ass, an oft genuch imitéiert gëtt. An dat ass jo wuel e Luef.

Blade Runner

Och wann en seng Roll domols anscheinend net besonnesch gären hat, ënnert anerem, well e gefart huet, getypecast ze ginn – Duerchaus realistesch, vue datt en och schonn an den Star Wars-Filmer ze gesi war. Blade Runner ass bei sengem Release an den 80er net besonnesch gutt ukomm gewiescht, huet sech awer mat der Zäit zu engem Kult-Klassiker entwéckelt. Dëst Joer kënnt endlech en Sequel, inklusive Harrison Ford. E passend Gebuertsdagsgeschenk.

Foto: James Gillham, Sting Media

Please correct any required fields and submit again.
Was ass de bäschte Film mam Harrison Ford?
This question is required
Är E-mail
Hannerlooss ons Är E-mail wann der wëllt bei onsem "Moien.lu Becher"-Gewënnspill matmaachen.
This question is required

Link op d’Ëmfro

Ähnlech Sujeten Harrison Forg, Kultur, Top 5
Nächsten Artikel Virrechten Artikel